Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur
Neiegkeeten

De Mark Zuckerberg gesäit sech an der Verantwortung, stellt sech awer géint eng Zensur

De Skandal deem sech Facebook selwer ausgesat huet, an deem

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag
Neiegkeeten

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag

D’Open Air Konstfestival A.s.b.l. luet den 23. Juni 2019 op

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?
Neiegkeeten

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?

Et gëtt dëser Deeg vill iwwert en Handelskrich tëscht den

D‘Aartevillfalt schützen a sënnlos Stroossebauprojete stoppen!

déi lénk leeën op e neits de Fanger an d‘Wonn

D‘Aartevillfalt schützen a sënnlos Stroossebauprojete stoppen!

Datt et schlecht ëm d‘Biodiversitéit steet an Lëtzebuerg en negatiivt Beispill ass, dat denoncéiert déi lénk. Si weist dann och zu Recht drop hin, datt d‘Aartestierwen zesumme mam Klimawandel, déi grouss Erausfuerderunge fir déi bestoend an zukünfteg Generatiounen duerstellen. A bei eis gesäit et och éischter „erschreckend“ aus…

Wa sech déi lénk op déi europäesch Ëmweltagence berifft fir festzestellen, datt eist Land ënnert den 28 Memberlänner dat fragmentéiertst ass, da kënnen engem bei der Beschreiwung d‘Dronkenellen ausgoen. An de virleienden Etüde geet rieds vun zerstéierte Biotope vun héijem ekologeschen an paysagisteschem Wäert. Tëscht 1962 a 1999 wiere bis 80% vun de Fiichtgebidder verluer gaangen.

Bei de sougenannten Dréchewisen (-35%) an eise Bongerten (-58%) gesäit et bedauerlecherweis och net besser aus. An esou et ass och de Süde vum Land (Minettsregioun) dee am schäerfste vun der wirtschaftlecher Entwécklung, wéi och der Urbanisatioun ausgesat ass. Net ze vergiessen, datt d‘Süd-Collectrice, d‘Wirtschaftszone vu Käerjeng a Suessem der Natur net zoudréiglech waren.

Et geet och duer sech eng Kéier iwwert d‘Vëlospist ze beginn, a sech selwer e Bild vun der Lag ze maachen. Dozou soll dann elo och nach e Contournement kommen, deen dann op enger Längt vu 4 Kilometer och nach de Recht vun erhalenswäerter Natur an Ëmwelt wäert zerstéieren. Woubäi et schonn eng Frechheet ass, sech un engem Natura 2000 Site ze vergräifen, wann och nëmme partiell.

An engem ausféierleche Communiqué weist déi lénk op d‘Konsequenzen hin, déi sech laut hinnen op de Klima, d‘Biedem, d‘Landwirtschaft, d‘Forstwirtschaft, d‘Landschaft, déi „gréng Long“ an natierlech déi genannte Parzelle vum Natura 2000 Site wäerten auswierken. Et ass onverständlech, wéi een esou en disproportionéierte Projet géint den ëffentlechen Interessi an d‘Ëmwelt kann ugoen.

Gewëllt sech zur Wier ze setzen

Elo si vun dësem ominéise Projet direkt e puer Gemenge betraff, a während déi Käerjenger mam Buergermeeschter Michel Wolter (CSV), sech massiv fir de Contournement asetzen, haten se zu Suessem ufänglech nach hir bedenken. Hei hat de Buergermeeschter Georges Engel (LSAP) och Bedenken zum Ausdrock bruecht, fir dann als Deputéierten dem Projet seng Zoustëmmung ze ginn.

déi lénk hunn sech gewiert a wieren sech och weiderhi géint dëse Projet, deen net am Interêt vun de Bierger ass a méiglecherweis mat vill juristesche Kontradiktioune konfrontéiert ass. Elo hätten déi lénk gäre vun der Regierung an der EU-Kommissioun, Zougank zum Dossier vun der Habitat-Schutzzon (LU0001027) an de Vulleschutzzon (LU0002017), a si gewëllt Initiativen ze ergräife fir dat groussherzoglecht Reglement vum November 2009 zugonschte vum Naturschutz ofzeänneren.

Illustratioun: Firwat se sech an de Kapp gesat hunn grad a schützenswäertem Gebitt an op enger Längt vu véier Kilometer Bësch ëmzehaen, wou et dach Alternative géif ginn, dat muss engem nach erkläert ginn. déi lénk hu jiddefalls net wëlles dat mat sech gewäerden ze loossen.

Explikatif:

den detailléierte Fall

de juristeschen Avis

Ähnlech Sujeten Contournement, déi lénk, Käerjeng, Natura 2000, Suessem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel