Search

You may also like

D‘Wahlcampagne näipt sech dem Enn zou
Meenung Neiegkeeten

D‘Wahlcampagne näipt sech dem Enn zou

Op de leschte „Meter“ virun de Chamberwahlen, mécht d‘Jugendsektioun vun

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht

Während d‘Meenunge vun de Leit diametral auserneeginn – dat geet

Zesummestouss tëscht zwee Cyclisten – D’Police sicht no Zeien
Meenung Neiegkeeten

Zesummestouss tëscht zwee Cyclisten – D’Police sicht no Zeien

Um Päischtsonndeg, den 31. Mee 2020 koum et an direkter

Opgepickt: Wann de Serge Albdreem kritt…

Artisten hunn och esou hir Siicht op d‘Covid19-Mesure vun der Regierung a deelen dat mat

Opgepickt: Wann de Serge Albdreem kritt…

Wann et duerchaus richteg ass, datt de Covid19-Virus eng seriéis Bedreeung vun der ëffentlecher Gesondheet duerstellt, an et entspriechend Moossnamen a Gesetzer brauch, fir eng Verbreedung méiglechst ze verhënneren, esou ass net manner richteg, datt dat alles muss koherent a verständlech sinn. Dat wëll dëser Regierung leider och no néng Méint leider net geléngen an dat veriergert.

An dësem Kontext hält dann dat soziaalt Netzwierk „Facebook“ ëmmer nees esou munch Ausso parat. Gëschter, Méindeg de 4. Januar 2021, huet dann de beschtens bekannte Kënschtler, Museker an zäitweilegen Aktivist, Serge Tonnar, och säi Beitrag, respektiv seng Siicht op d‘Aart a Weis vum Ëmgang mat de Bierger, der Wirtschaft an der Kris am grousse Ganzen zum beschte ginn. Dat sollt ee sech zu Gemitt zéien, och wann een duerchaus anerer Meenung ka sinn. Et ass interessant.

Aus dem Post vum Serge Tonnar

Léift Sam Tanson,

Léiwe Xavier Bettel,

Ech hat hënt e Koschmar, vun deem ech Iech erziele wollt. Ech hu gedreemt, ech géif duerch en Zupermarché trëppelen (de Cactus, fir en net ze nennen, dee sech nach d’Méi gëtt verschidde Kënschtler auszestellen), a wéi ech laanscht de Rayon koum, wou meng CDen, an déi vun anere lëtzebuergesche Kënschtler, am Verkaf sinn, war de ganze Rayon mat schwaarzem Plastik agepaakt, an et houng e Schëld drop, mat dësem Text:

Chers clients,

nous vous informons que, suite aux nouvelles mesures gouvernementales dans la lutte contre la pandémie Covid-19

L’ACCÈS À CES PRODUITS EST ACTUELLEMENT INTERDIT

Dir kënnt Iech virstellen, wéi ee sech als Kënschtler fillt, a wéi eng Associatiounen een do mécht, wann engem seng Wierker verbuede ginn. Ech weess, dass Kultur net zu den essentielle Besoinen zielt, net ewéi foie gras, Hoerspray oder Zigaretten (vive den Asaz fir eis Gesondheet). Trotzdeem kann ech keng valabel Erklärung fannen, firwat de Verkaf vu lëtzebuergesche Kulturgidder muss am Numm vum COVID verbuede ginn.

Ech weess, déi puer Plackebutteker, déi et nach ginn, mussen zoumaachen, trotzdeem hunn ech mech a mengem Albdram gefrot firwat, no engem Joer wou d’Museker quasi näischt verdéngt hunn, praktesch all Optrëtter ofgesot goufen, nei Sortië bal net denkbar waren, firwat um Enn vun sou engem Joer och nach de Verkaf vun hire Wierker reegelrecht verbuede gëtt.

Wéi gesot, Gott sei Dank war et just e Koschmar, soss géif ee sech jo bal wéi an engem Regime virkommen, wou net nëmmen d’Kënschtlerexistenz, ma och d’Konschtfräiheet a Fro gestallt sinn. Ech hat Iech scho per Mail vu mengem Koschmar geschriwwen, deen ass awer wuel am Spam gelant, dofir probéieren ech et iwwert dëse Wee. A wann et kee Koschmar wär, wat jo kaum denkbar ass, géif ech mat dësem Opruff ophalen:

W.E.G., hieft direkt de Verbuet vum Verkaf vu kulturelle Produkter vun hei op! Am Géigendeel, stellt se an d’Vitrinn, an och all aner lokal Produkter, mir leide genuch wéi et ass, et mussen net nach muttwëlleg Mesure geholl ginn, fir d’Situatioun ze verschlëmmeren.

Merci am Viraus.

Serge Tonnar.

PS: Ech wëll net responsabel sinn fir d’Kommentaren déi hei stinn, just fir mäin eegenen Text.

Foto: © Serge Tonnar

Related topics Covid19-Gesetz, kënschtleresch Fräiheet, Regierung, Sam Tanson, Serge Tonnar, Xavier Bettel
Next post Previous post