Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hurrikan Dorian iwwerfält d‘Bahamas
Neiegkeeten

Hurrikan Dorian iwwerfält d‘Bahamas

Wéi vun den Autoritéiten ugemellt ass den Hurrikan Dorian e

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad
Neiegkeeten

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad

Säit Donneschdeg huelen déi déidlech Konfrontatiounen tëscht de Regierungstruppen, déi

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
Neiegkeeten

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Verkéierschaos en Dauerthema

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser Usiicht ass de Serge Wilmes (CSV). Et ass awer net nëmmen e Gefill, mee en argumentéiert mat Zuelen: „De Stater Schäfferot geet mat sengem PAG dervunner aus, datt et am Joer 2030 165.000 Awunner an 240.000 Aarbechtsplaze wäert ginn. Schonn haut huet et an der Stad méi Aarbechtsplaze (170.000) wéi Awunner (115.000). En Ongläichgewiicht dat deemno nach verschäerft gëtt.“

De President a Spëtzekandidat vun der CSV Stad huet e Méindeg, virun der Gemengerotssëtzung, an deem seng Partei eng Motioun op d’Dagesuerdnung gesat huet, ageluede fir en CSV-Mobilitéitskonzept virzestellen.Et ass manner e Konzept, mee méi eng Rei Iddien a Virschléi, wéi d’Mobilitéit ënnert der Leedung vun der CSV kéint a sollt ausgesinn. Datt de Serge Wilmes aner Usiichten huet wéi de Stater Schäfferot, ass net nëmmen de Walen am Oktober geschëlt. Hei steet virun allem den Desaccord mam PAG am Virgrond.

Ëmmer méi Pendler

Déi Zuele verdäitlechen dann och, datt et nach méi Pendler muss ginn, déi moies eran an owes eraus aus de Stad wëllen a mussen. Mat tëscht 170.000 an 190.000 Pendler muss de Verkéier an der Stad kollabéieren. D’Stroossen packen de Verkéier an den ëffentlechen Transport d’Unzuel vu Passagéier net méi. Schonn haut stoussen d’Verkéiersinfrastrukturen un hir Grenzen. Och dowéinst bedauert d’CSV dem Schäfferot seng Entscheedung.

Mir gesinn d’Erschléissung vun neie Quartieren als Prioritéit

Serge Wilmes, President a Spëtzekandidat vun der CSV Stad

Aus der Siicht vum CSV-Spëtzekandidat braucht d’Haaptstad mat sengem Anzuchsgebitt ee kohärent Mobilitéitskonzept. Eent wat sech an der Kontinuitéit vum nationale Mobilitéitskonzept „MoDu“ versteet an esou den Erhalt vun der Liewensqualitéit a bezuelbarem Wunnraum séchere kann.

„Hei gesi mir d’Erschléissung vun neie Quartieren als Prioritéit“, seet de Serge Wilmes deen déi op de nach bestoenden an zesummenhänkende Gebidder gesäit, well „hei kann eng héijer Awunnerdicht an dorunner ugepassten Infrastrukture virgesi ginn.“ Dat géif der Mobilitéit natierlech zerguttst kommen, verlaangt awer och de Courage säitens der Gemeng, eege Bauprojeten an Ugrëff ze huelen.

D’Zuel vun de Pendler ze reduzéieren ass hei d’Zil. Dofir misst een an der Stad den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit méi staark promovéieren. Den Ausbau vun der Stroosseninfrastruktur dierf heibäi net vernoléissegt ginn.

Keng Weiterentwécklung

De Serge Wilmes weist dann och dorops hin, datt de MoDu, deen nach ënnert dem Minister Claude Wiseler ageleet ginn ass, vun der Regierung „exekutéiert“ gëtt. Mee den Infrastrukturminister François Bausch schaaft eng alternativ Realitéit. Hei schéngt et mat der Weiderentwécklung net wëllen ze klappe wat et néideg mécht nieft der Kritik och Léisungsvirschléi virzeleeën.

Chantieren huet d’Stad der am Moment genuch. A wéi den Tram sech wäert etabléiere muss een nach ofwaarden.

31 Dovunner sinn am CSV-Mobilitéitskonzept enthalen a vill dovunner sinn duerchaus verständlech an esou och vum Bierger gewënscht. Aner Virschléi dierften zu gudder Läscht un de Käschte scheiteren oder sinn beschtefalls op laang Siicht unzegoen. Chantieren huet d’Stad der am Moment genuch. A wéi den Tram sech wäert etabléiere muss een nach ofwaarden.

Alles an allem villes wouriwwer nogeduecht kann a soll ginn. Déi Punkten déi sech op Sécherheet bezéien si berechtegt an d’Kritik um PAG dierft beim Schäfferot kaum Gehéier fannen. D’Motioun déi d’Fraktioun an der Gemengerotssëtzung wäert virbrénge, misst eisem Erfarungswäert no an d’Kommissioun iwwerwise ginn.

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg, Mobilitéiet, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel