Leider keng Seelenheet: Véier Schof vun Hënn gerass
Gëschter huet ee Bauer traureg misse feststellen, datt op senger
Gëschter huet ee Bauer traureg misse feststellen, datt op senger
Eelef Prënzen an e sëlleche Minister sinn um Samschdegowend a
Gëschter huet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch d’NSPA, wat
Ass den Serge Wilmes wierklech déi richteg Persoun fir dem noutwendege Wandel an der CSV? Wëll ons d’Partei Spëtz do erëm ee “faulen” Wiessel undréien, sou een Wiessel den kee wo, wei deemools 2013?
Ech sinn der Meenung, dass mer net just op den perséinlechen Wahl-Score vum Här Wilmes kucken dierfen. Well dovunner kann een sech schlussendlech och näischt kafen an dat ass och nach laang keng Qualifikatioun fir Féierung vun der Partei.
Virun allem ass den Här Wilmes eng kontrovers Perséinlechkeet. An der Vergaangenheet huet een sech mat deier sougenannter “Dräikinneksgroupe” éischter als interne lénke Rebell an “Spalter” gewisen, an net als een den Partei erëm an Zukunft Zesummebréngen kann.
Dozou kennt och nach, dass hien zu deenen Leit an der CSV gehéiert , déi een Auslännerwahlrecht ënnerstëtzt haten! Eleng dat schonn misst fir vill Partei Memberen een Grond sinn, dat hien net fir dësen Posten a Fro kennt.
Et ass elo un Basis, un den ganz normalen Memberen, aus den lokal Sektiounen, aus den Gemengeréit, aus allen Wénkelen vum Land, dass mer eis zesumme setzen an iwwert Zukunft vun der Partei nodenken, fir dass ons CSV an Zukunft erëm zu enger staarker Vollekspartei gëtt, mat Leit un der Spëtz déi politesch Talent hunn an déi fir chrëschtlechsozial Wäerter mat ganzem Häerzblutt astinn.
Alexandre Kintzinger 24 Joer aal an CSV Member
D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.