Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung
Fail International https://moien.lu/can-i-hook-up-8-ohm-speakers-to-a-4-ohm-amplifier/

https://moien.lu/how-do-you-hook-up-2-subs-to-a-monoblock-amp/

D‘Carme Forcadell huet en Donneschdeg Bekannt ginn, datt si sech

studs dating show episodes
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
Fail International https://moien.lu/can-i-hook-up-8-ohm-speakers-to-a-4-ohm-amplifier/

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

studs dating show episodes
Dem Lex Delles seng Erausfuerderungen: e politesche Challenge
Fail International https://moien.lu/can-i-hook-up-8-ohm-speakers-to-a-4-ohm-amplifier/

Dem Lex Delles seng Erausfuerderungen: e politesche Challenge

Et ass der Regierung hire jéngsten, hien denkt an handelt

dislike

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio Mattarella, drop vir, de Carlo Cottarelli als Regierungschef ze ernimmen. Um Sonndeg hat de President säi Veto géint eng populistesch Regierung ageluecht, déi hien als kloer „euroskeptesch“ bezeechent. De Carlo Cotarelli gëtt sengersäits als d’Inkarnatioun vun der budgetärer Austeritéit ugesinn.

Domatter ass de Kandidat Giuseppe Conte, e Jurist ouni politesch Erfarung, deen d’Leader vun de Parteien „Cinque Stelle“ (M5) an der „Lega Nord“, aus dem Rennen. De Luigi Di Maio an de Matteo Salvini, haten dee beoptraagt dem President um Sonndeg d’Regierungsequippe virzestellen. Am Regierungsprogramm vun der Koalitioun M5 a Lega Nord, soll mat der Austeritéit Schluss gemaach ginn, an d’Sécherheet am Land gestäerkt ginn.

De Sergio Mattarella huet erkläert, datt hien all d’Nimm vun der Regierungsequippe validéiert hat, bis op dee vum 81 järege Paolo Savona. Bei dësem Kandidat waren dann awer béid Parteien net bereet ze verhandelen. De Paolo Savona wier wuel en Ekonomist mat vill Erfarung, mee däitlech euroskeptesch. „Hie betruecht den Euro wéi en däitsche Prisong, an hätt an engem Buch, dat vun der italienescher Press genannt gëtt, e Plang erwähnt fir aus dem Euro auszetrieden.

Firwat nach wiele goen?

Bei der „anti-System“ Koalitioun huet de Veto vum President fir Opreegung gesuergt: „Loosst eis däitlech soen, datt et onnëtz ass wielen ze goen, vu datt d’Regierungen d’Ratingsagence vun de Finanz- an Banklobbye sinn déi se maachen. Ëmmer déi selwecht“. iergert sech den Matteo Salvini. „Italien ass kee fräit Land, et ass Land dat finanziell, net militäresch, vun den Däitschen, de Fransousen an de Bréisseler Bürokrate besat gëtt“.

„D’Designatioun vum Wirtschaftsminister ass ëmmer en direkte Message vu Vertrauen oder Mësstraue fir déi d’Acteure vun der Ekonomie an der Finanzwirtschaft“, entgéint den italienesche President. Hie bezitt sech domatter op d’Bourse vu Mailand, déi um Freideg eng nei Baisse vun 1,54% verzeechent huet. Dem entgéint huet sech de „Spread“, also den Ecart tëscht dem Taux vun engem Kredit op 10 Joer tëscht Däitschland an Italien, am Nomëtteg 217 Punkten erreecht.

De Mann mat der „Schéier“

An esou ass et dann och mat der Perspektiv op d’Erëffnung vun de Finanzmäert um Méindeg, wou de President nach um Sonndegowend ugekënnegt huet, de Carlo Cottarelli – en Ekonomist vu 64 Joer, a fréieren héije Responsabel vum internationale Währungsfong (IMF) – convoquéiert ze hunn. De Carlo Cottarelli, gëtt wéinst senger Roll bei der Reduktioun vun den ëffentlechen Ausgabe vun 2013/14 ënnert de „Mëtt-Lénks“ Regierungen als „Mann mat der Schéier“ bezeechent gëtt.

Den aktuellen den Direkter vum Observatoire vun den ëffentlechen Ausgabe soll den Opdrag erhalen, eng „technesch“ Regierung ze bilden. Déi huet keng Chance vum Parlament d’Vertrauen ausgeschwat ze kréien. De Salvini denoncéiert dann och e „Nobody deen nëmmen déi international Finanz géif representéieren“. Den Di Maio gesäit am Ekonomist „ee vun dësen Experten déi de Leit mat Aschneidunge bei der Gesondheet, de Bildung an der Landwirtschaft geschuet huet“.

Et ass dann och zimlech ersiichtlech, datt dem Carlo Cottarelli seng eenzeg Missioun doranner dierft bestoen, Italien zu neie Walen ze zwéngen. Dat an engem Klima dee schonn elo fatzeg ugespaant ass.

De President „ofsetzen“?

„No dësem Owend gëtt et engem wierklech schwéier gemaach un d’Gesetzer an déi staatlech Institutiounen ze gleewen“, erkläert de Luigi Di Maio, deem seng Partei (M5) bei de Walen am Mäerz, op 32% vun de Suffrage komm ass. An hie leet nach eng drop: „Averstanen, loosst eis nach emol wielen. Mee wann ech 40% vun de Stëmmen erhalen, kommen ech mam Savona zréck. Ännert dat eppes?“.

Verbattert, huet de Leader vun der „anti-System“ Partei ugekënnegt de President virum Parlament unzekloen, an esou seng Ofsetzung ze erwierken. D’Verfassung vun Italien erlaabt dëse Virgank awer nëmmen am Fall vun „Héichverrot“ oder „Verstouss géint d’Verfassung“. De Matteo Salvini huet sech dozou net ausgedréckt, a bléckt schonn a Richtung Neiwahlen: „Wielen ass déi nächste Kéier 10 mol méi wichteg. Et gëtt e Referendum: et gewënnt een oder et stierft een“.

Keng gutt Aussiichten

An dësem Kontext ass et da wichteg drop hinzeweisen, datt de Leader vun der Lega Nord un Zoustëmmung gewënnt. Bei de leschte Legislativwahlen huet hie 17% vun de Suffragen erhalen, an laut aktuelle Sondagë wiere 25% vun de Wieler bereet him hir Stëmm ze ginn. Fir awer d’Wahlen ze gewannen, misst de Matteo Salvini sech nees op eng rietsextrem Allianz aloossen. Déi hat awer den ausgehandelte Regierungsprogramm mat M5 hefteg kritiséiert.

Zudeem huet sech de Silvio Berlusconi um Sonndegowend och nach hannert den italienesche President gestallt: „Ënnert dësen Ëmstänn, ass et déi éischt Flicht vun allen, dat Erspuerte vun den Italiener ze verdeedegen. D’Familljen an d’Entreprise vun eisem Land musse geschützt ginn“. D’Presidentin vum Senat, Maria Elisabetta Alberti Caselatti weist drop hin: „Wa mir elo nees mam selwechte Wahlgesetz Wiele ginn, erhale mir nees déi selwecht Schwieregkeeten wéi haut“.

Mam Fanny Carrier/AFP

Foto: Den italienesche President Sergio Mattarella huet sech um Sonndeg der Press gestallt, nodeems de Kandidat vun der Koalitioun, Giuseppe Conte, d’Handduch geworf huet. © Vincenzo Pinto/AFP

Ähnlech Sujeten Italien, Luigi Di Maio, Matteo Salvini, Neiwahlen, Sergio Mattarella
Nächsten Artikel Virrechten Artikel