Search

You may also like

What the Fakt – Wisou de Gréngen Donneschdeg fir ze kräischen ass!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Wisou de Gréngen Donneschdeg fir ze kräischen ass!

Pünktlech zum Enn vun der chrëschtlecher Faaschtenzäit an esou kuerz

money
Fantastesch Entwécklung am Logement
Kultur Neiegkeeten

Fantastesch Entwécklung am Logement

Gëschter huet de Statec sech zur Lag vun der Präisentwécklung

Coronavirus: Beonrouegend Situatioun am Iran
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: Beonrouegend Situatioun am Iran

D‘Kris, ausgeléist duerch den neiaartege Coronavirus Covid19, huet mëttlerweil bal

Däischter Ofgrënn: Serpent Bite presentéiert d’Single „Minecrawler“

Däischter Ofgrënn: Serpent Bite presentéiert d’Single „Minecrawler“

Fans vu Metal an Hardcore: Spëtzt Är Oueren! D’Lëtzebuerger Museker vu Serpent Bite hu gëschter hir nei Single „Minecrawler“ verëffentlecht. Dobäi huele si eis net nëmmen mat an eng düster Minn, mee teleportéieren eis och an de Kapp vun engem schizophrene paranoide Mann, deen de Verloscht vu senger Famill net veraarbecht kritt.

Nodeems sech d’Band 2015 zu Rëmeleng gegrënnt huet, koum schonn ee knappt Joer drop dat éischt eegent Lidd eraus. Ma, um Rock The South 2018 duerfte mir déi wëll Kärele kenneléieren an hu se duerch hir Energie direkt an eist Häerz geschloss. Endlech gouf d’Hardcore-Zeen vu Lëtzebuerg vergréissert!

Nodeems den Tommy Misci (Gesang), Kevin Misci (Gittar), Kevin Steyer (Bass) a Marcel Zimmer (Batterie) ugefaangen hunn an der Rockhal ze prouwen an hei vum Know-How an de professionelle Ressourcen ze profitéieren, goufe weider eege Lidder geschriwwen an Erfarungen duerch Optrëtter, wéi beispillsweis dem On Stéitsch oder Rëmeleng Rockt gesammelt.

Ma, kuerz virum Confinement huet Serpent Bite seng Single „Rituals And Sacrifices“ erausbruecht. Duerch eng Iddi, déi de Bridder Misci spontan am Keller komm ass, konnt déi musikalesch Geschicht ëm e paranoide Mann, dee seng krank Fantasien auslieft, geschafe ginn. Beim éischten Eranhéieren, gëtt een dobäi an d’Ufankszäite vu Metallica zeréckversat.

Serpent Bite

“Minecrawler” ass dat jéngst Wierk vu Serpent Bite

Un tragesche Geschichten a psychesch gestéiert Protagoniste schéngen d’Metaller Gefale fonnt ze hunn. Well och de gudde Mann aus „Minecrawler“ ass geplot vu Stëmmen a sengem Kapp, enger pecheger Kreatur, déi hien zeréck an d’Minn lackele wëll. Hin an hir gerappt tëscht dem ellene Verloscht vu senger Famill, den Erënnerungen un déi ustrengend Aarbecht ënnert dem Buedem an der Sich no der eegener Plaz, kann ee schonn emol mëll ginn.

Ënnerstëtzt vun undreiwende Beats, déi fir dëse Genre typesch sinn, kënnt et zu enger Aart Dialog tëscht der Kreatur an dem paranoide Minnenaarbechter. Schonn no kuerzer Zäit séngt een de Refrain automatesch mat – „Who are you? Yeah you! Who you think you are?“.

Serpent Bite

© Serpent Bite

Op weidert Material vu Serpent Bite kann ee sech elo scho freeën. E geneeën Datum gëtt et zwar net, mee eis hunn d’Museker exklusiv verroden, datt eis d’Lidder„Amityville“ an „The Night“, sou wéi eng komplett EP erwaarden!

Serpent Bite fannt Dir op Facebook, Instagram, YouTube, Spotify a Bandcamp

Opmaacherbild © Serpent Bite

Related topics Band, Crowwover, Donkel Kreatur, Hardcore, Metal, Minecrawler, Minn, Musék, nei Single, Paranoia, Rëmeleng, Rituals and Sacrifices, Schizophrenie, Serpent Bite
Next post Previous post