Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg
Neiegkeeten

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg

Nach virun engem Joer huet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner der Press

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!
Neiegkeeten

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!

Wéi divers meteorologesch Déngschter mellen, ass an dëser Woch mat

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden
Neiegkeeten

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden

Zum Ofschloss vum meteorologesche Wanter 2019-2020 huet de staatleche Wiederdéngscht

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck

Am Kontext vum 20. Jubiläum vum féierende Lëtzebuerger Déngschtleeschter an der Begleedung vu Senioren, huet SERVIOR eng nei Image-Broschür erausbruecht. OP ronn 60 Säite ginn déi 15 Wunnstrukture fir eeler Mënschen, esou wéi sämtlech Déngschtleeschtunge vu SERVIOR an Text a Bild duergestallt.

An der räich illustréierter Broschür kommen esouwuel d‘Mataarbechter wéi och d‘Bewunner vun de jeeweilegen Alters- an/oder Fleegeheemer zu Wuert. Si ginn en authentescht Zeugnis doriwwer of, wéi de SERVIOR-Motto „Den Alter Liewen“ am Alldag gelieft an erfuerbar gëtt. Ronn 1.900 Mataarbechter stellen sech 24/24Stonnen an den Déngscht vun iwwer 1.650 Senioren.

Besser kann een et net erkläeren

D‘Broschür beliicht d‘Interaktivitéit tëscht Personal, Client, Familljen, Frënn a Fräiwëllegen. „All Dag begéine mir eise Bewunner op Aenhéicht, associéiert mat léiwe Gesten a gelieftem Austausch“, esou de Wuertlaut vun der Broschür, déi an däitscher an a franséischer Sprooch erhältlech ass. De Lieser kritt hei wëssenswäert Informatiounen zur Fleeg a Betreiung, esou wéi déi villsäiteg therapeutesch Uwennungen a Fräizäitaktivitéiten, den an de SERVIOR-Haiser ugebuede ginn.

Déi nei Broschür, déi duerch e erfrëschenden Design bestécht, begleet de Lieser duerch déi ënnerschiddlech Wunnstrukturen a Déngschtleeschtunge vun der grousser SERVIOR-Famill. Déi frëndlech Faarwen an déi aus enger bonter Fotokollage bestoend Devise „Den Alter Liewen“ wäert an de kommende Wochen a Méint weider Werbeträger vu SERVIOR rëschten.

Zanter 20 Joer ass SERVIOR en zouverlässege Partner an alle Liewensphase vum héijen Alter. Beim duerchbliedere vun der neier Werbeplackett kann een der 90 järeger Seniorin wuel nëmmen zoustëmmen, wa si seet: „An dësem flotten Appartement a mat der Attentioun vun all Sparte vum Personal – an dat an eisem Alter: do küenne mir nëmmen d‘Liewe genéissen!“.

D‘Broschür ass an alle 15 Wunnstrukture vu SERVIOR erhältlech oder kann ënnert dem Telefon 46 70 13 – 2038 ugefrot ginn. Déi zwou Sproocheversioune stinn zudeem och als „Download“ op der Säit vu www.servior.lu zur Verfügung. Oder hei: an däitscher Sprooch / a franséischer Sprooch

Matgedeelt vu SERVIOR, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Den Alter Liewen, Servior
Nächsten Artikel Virrechten Artikel