Gott huet sech seng Hand zeréckgeholl
Hien ass villen eelere Fussballfans als „Hand Gottes“ beschtens an
Hien ass villen eelere Fussballfans als „Hand Gottes“ beschtens an
An der ganzer Unioun gëtt sech, elo wou jo emol
D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt et duerch Aarbechten
De lëtzebuergesche Militärsatellit GovSat-1, deen den 31. Januar erfollegräich an de Weltraum geschoss gouf, ka mat senger Aarbecht ufänken. Dat huet um Méindeg d‘SES esou matgedeelt. De Satellit war mat enger Falcon9 vu SpaceX an den Orbit bruecht ginn.
Fir d‘Gestioun vum Militärsatellit ass GovSat zoustänneg, déi aus dem gesécherte Lëtzebuerger Operatioun- a Kontrollzenter de kënstlechen Himmelskierper steieren. E Satellit deen, esou d‘Informatioun, multipel Missiounen erfëlle kann. Et wier ee ganz flexibelen a robuste Satellit, deen d‘Frequenz X (Zivil) an d‘Frequenz K (Militär) benotzt.
Domatter huet de Satellit e breet gefächerten Operatiounsradius. Hie ka bei den Asätz um Terrain genotzt ginn, an hei am Verbond mat aneren institutionellen Agence agesat ginn.
Genotzt gëtt en och fir Grenzkontrollen, an Applikatioune vum Typ „Renseignement, Iwwerwaachung an Erkennung“. Et gëtt och ënnerschiddlech mobil Kommunikatiounsméiglechkeeten, fir beispillsweis Buedem a Maritim Operatiounen.
Eise Militärsatellit GovSat-1 huet eng Positioun am Orbit ageholl, déi bei 21,5° Ost geleeën ass. Eng Positioun déi et dem Satellit erméiglecht, Missiounen an Europa, dem Noen-Osten an Afrika ze ënnerstëtzen oder ze begleeden.
De Vizepremier Etienne Schneider ass dann och zefridden an iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg seng Verflichtungen a Saache „Verdeedegung“ gerecht gëtt. Zudeem déit GovSat-1 derzou bäi, déi national Wirtschaft am Secteur vun den héijen Technologien ze stäerken.