Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gëtt nach ëmmer op eng Vertriedung vun de Salariéeë gewaart
Neiegkeeten

Et gëtt nach ëmmer op eng Vertriedung vun de Salariéeë gewaart

Enn leschter Woch huet de Ministère fir Héichschoulen an Fuerschung

Lëtzebuerg ass e Musterschüler beim schnelle Internet
Neiegkeeten

Lëtzebuerg ass e Musterschüler beim schnelle Internet

D’Lëtzebuerger si schnell a gutt am Internet ënnerwee. 90% vun

Burkaverbuet als EU-Direktive?
Neiegkeeten

Burkaverbuet als EU-Direktive?

Nodeems den europäesche Geriichtshaff an der leschter Woch entscheet huet:

SES: „Mir hunn einfach ze vill Personal“

SES: „Mir hunn einfach ze vill Personal“

Den europäesche Satellitte-Bedreiwer SES zu Betzder, huet e Freideg an engem Communiqué matgedeelt, datt et un der Zäit ass eng Restrukturatioun virzehuelen an sech nei Opzestellen. An dësem Kontext geet dann och festgehalen, datt tëscht 10 a 15% vum Personal sech op eng nei Zukunft an ee Changement an der Carrière dierfen astellen.

Bezunn op déi lescht zougänglech Informatiounen, schaffe bei dëser Entreprise, déi ëmmer als eng Pärel vun der Lëtzebuerger Wirtschaft um internationale Plang duergestallt gëtt, ronn 2.200 Leit. Vum Sozialplang betraff wiere folgerichteg bis zu 350 Mataarbechter. Fir dës Entreprise déi no amerikaneschem Muster schafft, ass eng positiv Kommunikatioun awer immens wichteg, an et entléisst een och keng Mataarbechter, mee et gëtt sech vun hinne getrennt, fir dat si sech eng besser Zukunft gestalte kënnen.

Ënnert dem Slogan „Simplify & Amplify“ (Vereinfachen a Verstäerken) kommen also seriéis bis déifgräifend Changementer op d‘Mataarbechter vun der SES duer. Mee et ginn net eleng Plazen zu Lëtzebuerg ofgebaut. D‘Büroe vu Bréissel, Central-London, der Isle of Man, Warschau an Zürech ginn opgeléist. Wat hei un humane Ressourcen nach vun Interêt ass, soll ugebuede kréien, sech entweder op Betzder oder engem vun den erhalenswäerten Ausseposten am EU-Universum (Stockley Park, Kiew, Den Haag oder Stockholm) versetzen ze loossen.

Wien elo mengt, datt et der SES méiglecherweis finanziell net esou gutt géif goen, an een hei mat enger wirtschaftlech begrënnter Entloossungswell ze di kéint hunn, dee muss op dëser Plaz enttäuscht ginn. Villméi heescht et: „An engem Maart dee sech duerch eng séier Evolutioun charakteriséiert, ass et imminent wichteg, datt d‘SES fir seng Clienten e reaktive Partner bleift“, esou de CEO Steve Collar, deem säi Job net vun der Restrukturatioun betraff ass.

Datt d‘SES, déi elo de Sozialplang mat de Gewerkschafte „berode“ wëll; 2019 säi Profit awer ëm 1,3% op 296,2 Milliounen Euro steigere konnt, allerdéngs 2019 och ee Minus vun 1,3% beim Ëmsaz huet missen notéieren, ass dat eenzegt positiivt, wat een dem Communiqué vun dëser Plaz enthuele kann. Gutt datt de Lëtzebuerger Staat e puer Undeeler un dëser renomméierter Entreprise hält a sech massiv fir den Erhalt vun den Aarbechtsplazen asetze wäert.

Illustratioun: © Ben Wicks / unsplash

Ähnlech Sujeten Restrukturéierung, SES, Société Européenne des Satellites, Sozialplang, Steve Collar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel