Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren
Neiegkeeten

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren

E Freideg huet d‘EU-Kommissioun déi offiziell Prozedur ageleet, mat där

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik
Neiegkeeten

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik

De faschisteschen Diktaturnostalgiker aus Brasilien wëll eng radikal Rentereform. Aarbechter

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet
Neiegkeeten

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet

Datt Geld eleng net glécklech mécht, ass fir vill Leit

Regierungsrot: Thermalbad Munneref, international Accorden a eng Rei Konventiounen

Regierungsrot: Thermalbad Munneref, international Accorden a eng Rei Konventiounen

E Freideg huet sech, ënnert der Leedung vum Premierminister Xavier Bettel, de Regierungsrot zu engem Austausch iwwert déi lafend Dossieren an déi international Politik zesummefonnt. Um Menü stoung d‘Thermalbad vu Munneref, d‘Radiosfrequenzen, d‘EU-Wirtschaftspartenariater, en Opnamezenter fir Mënschen an Nout, d‘Waasserwirtschaft an eng Schutzzon zu Ëlwen.

Munneref

De Regierungsrot huet engem Gesetzprojet zur Renovéierung an der „mise en conformité“ vum Thermalbad zu Munneref ugeholl. Vun den Aarbechte Betraff sinn den Hotel, d‘Thermen an eng Annexe. Renovéiert ginn: d‘Enveloppe, d‘Diech, d‘Fassaden, Chassisen an déi zwou Schwämme vum Thermalbad. D‘Renovéierungsaarbechte sollen d‘Attraktivitéit vum Thermalbad, wéi vum Land generell verbesseren. De Käschtepunkt fir d‘Renovatioun: 133.500.000 Euro.

Radiosfrequenzen

No Munneref, d‘Radiosfrequenzen: de Regierungsrot huet engem Projet fir e groussherzoglecht Reglement zougestëmmt, deen dat groussherzoglecht Reglement vum 21. Februar 2013 modifizéiert, an deem de Montant an d‘Modalitéit vum Paiement vun de Redevance fir d‘Bereetstellung vu Radiosfrequenze festgeluecht gëtt. Heibäi geet et ëm d‘Upassung vun der Tax fir déi ëffentlech mobil Kommunikatiounsreseauen, notamment der Festleeung vun den Taxe fir d‘Frequenzen déi dem 5G-Reseau virbehale ginn.

Wirtschaftlech Partenariater

Dem Gesetzprojet zum Accord fir d‘Wirtschaftspartenariat tëscht der EU a senger Memberlänner engersäits, an de Staaten vun der „APE CDAA“, dat den 10. Juni 2016 zu Kasane ënnerschriwwe ginn ass, huet de Regierungsrot och zougestëmmt. Ervirzehiewen ass hei, dat et sech ëm den éischten Accord handelt, deen et der EU verbitt „Exportsubventiounen“ am landwirtschaftleche Beräich unzewennen.

Dat selwecht gëllt fir d‘Accorde mat der Elfebeeküst (November 2008/Januar 2009), dem Ghana (Juli 2016) an Zentralafrika (Januar 2009). Engem weidere Wirtschaftspartenariat, deem tëscht der EU an de Staate vum Cariforum, aus dem Joer 2008, gouf gläichfalls zougestëmmt.

Medikamenter

Am Gesondheetsberäich gouf et och e Gesetzprojet zur Modifikatioun vun enger Rei Gesetzer: 1) d‘Gesetz vum 4. August 1975 (Fabrikatioun an Import vu Medikamenter), 2) d‘Gesetz vum 25. November 1975 (d‘Ausgab vun de Medikamenter un de Public), 3) d‘Gesetz vum 11. Abrëll 1983 (Reglementatioun vun der Maartaféierung a der Publicitéit fir Medikamenter), 4)d‘Gesetz vum 6. Januar 1995 (Distributioun am grousse vun de Medikamenter). Heibäi handelt et sech ëm eng Upassung un d‘Evolutioun vum Medikamenter-Circuit.

Konventiounen

Dem Konventiounsprojet tëscht dem Staat an der Fondatioun APEMH, am Bezuch op déi staatlech Bedeelegung fir de Bau vum engem Hebergementsfoyer um Nossbierg zu Esch-Uelzecht, gouf e Freideg och nach ugeholl. Gläiches gëllt fir de Konventiounsprojet mam CNDS (Comité National de Défense Sociale), wou eng Opnamezenter zu Miersch soll gebaut an amenagéiert ginn.

Mat eise belschen Noperen aus der Wallonie gëtt et och eng Konventioun. Déi bezitt sech op d‘Kläre vum verbrauchte Waasser, dem Schutz vum Drénkwaasser an der Ëmsetzung vun der Direktiv „Nitrater“. Hei ginn 3 Haaptziler verfollegt: 1) d‘Globaliséiere vun den Investissementer bei der Klärung vum „Reschtwaasser“ an den Agglomeratiounen aus dem Grenzgebitt, der Konzentratioun an dem Transport vum Ofwaasser zu Kläranlagen déi gemeinsam Interesse bedéngen. 2) den Austausch vun Informatiounen erméiglechen, an d‘Zesummenaarbecht am Beräich vum Dünge mat Piff aus den Zuuchtbetriber vun der Grenzregioun verbesseren. 3) d‘Zesummenaarbecht verbesseren, an esou e bessere Schutz fir d‘Drénkwaasser an der Grenzregioun erméiglechen.

Schutzzon

Ofschléissend huet och dat groussherzoglecht Reglement, mat deem d‘Fiichtgebitt „Hautbellain-Fooschtbaach“, dat um Gebitt vun der Gemeng Ëlwen geleeën ass, an zur Schutzzon vu nationalem Interessi erkläert gëtt, ugeholl ginn.

mam sip

Ähnlech Sujeten Konventiounen, Medikamenter, Radiosfrequenzen, Regierungsrot, Thermalbad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel