Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polnesche President Duda leet Veto an
Neiegkeeten

Polnesche President Duda leet Veto an

Um Méindeg huet de polnesche President Andrzej Duda säi Veto

dislikesurprise
No der Aggressioun géint Syrien wëll d‘EU de politeschen Dialog nees ophuelen
Neiegkeeten

No der Aggressioun géint Syrien wëll d‘EU de politeschen Dialog nees ophuelen

Bei der Sëtzung vum Rot vun den europäeschen Ausseminister zu

Wien verschmotzt soll bezuelen! Spillt Engie do mat?
Neiegkeeten

Wien verschmotzt soll bezuelen! Spillt Engie do mat?

Um Mëttwoch Moie hunn eng 20 belsch Greenpeace-Aktivisten d’Haaptentrée vun

Bildung a Fuerschung: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Entrevue tëscht dem OGBL an dem Minister fir Héichschoulen a Fuerschung

Bildung a Fuerschung: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Viru kuerzem hat et eng éischt Entrevue tëscht dem SEW-OGBL an dem Minister fir Héichschoulen a Fuerschung ginn, déi genotzt ginn ass, fir sech en éischten Iwwerbléck ze verschafen, wat déi nei Regierung an dësem Secteur wëlles huet. D‘Delegatioun vum OGBL, déi vum Zentralsekretär Frédéric Krier ugefouert ginn ass, huet aus den Personaldelegéierte vun der Universitéit Lëtzebuerg, an de Fuerschungsariichtungen (LIH, LISER, a LIST), wéi och vum Max Planck Institut bestanen.

Am Gespréich mam Minister Claude Meisch, ass sech iwwert Froe vum Secteur, an d‘Prioritéite vun der Regierung ënnerhale ginn. Den OGBL, deen déi eenzeg representativ Gewerkschaft am Secteur stellt – nodeems den LCGB hei keng Kandidate méi opstellt – fuerdert vum Minister net manner, wéi an d‘Diskussiounen zur nationaler Strategie am Héichschoulwiesen, der Innovatioun an der Fuerschung agebonnen ze ginn. Dat wier zumindest eng Optioun, fir Gestreits ze vermeiden.

Wat elo d‘Annonce betrëfft, datt déi verschidde Gesetzer déi sech op de Secteur bezéien, sollen „iwwerpréift“, an de Fall gesat ofgeännert ginn, esou huet den OGBL d‘Entrevue genotzt fir seng Revendicatioune virzeleeën, am Kontext vu punktuell legislative Changementer. Esou besteet den OGBL drop, datt nodeems Personalvertrieder e Stëmmrecht beim Conseil de Gouvernance erhalen hunn, dat och fir d‘Verwaltungsréit vun den ëffentleche Fuerschungszenter muss agefouert ginn.

Dräi Amendementer

Am Kontext vun der rezenter Gesetzesännerung am Bezuch op d‘Universitéit vu Lëtzebuerg, huet den OGBL dann och dräi Amendementer agefuerdert:

  • esou muss d‘Situatioun vun de Fuerscher an ex-Chargé de Cours ouni Doktorat, déi net méi vum Gesetz virgesi sinn, gekläert ginn. Dëst Personal gëtt et nämlech nach ëmmer an d‘Universitéit stellt weider Leit ënnert dësem Statut an. De Problem ass besonnesch fir „research (and development) specialists“ rekurrent, déi vun der Universitéit als „technescht Personal“ aklasséiert goufen, mee no geltendem Aarbechtsrecht als Fuerscher unzegesi sinn. D‘Vertrieder vum Ministère hunn dozou gemengt, datt d‘Klassifikatioun vum Personal eng intern Ugeleeënheet vun der Universitéit ass, mee ee gewëllt ass dat am A ze behalen, an noutfalls punktuell anzegräife wann et néideg wier;
  • d‘Ersetze vun der individueller Bewäertung (Biennal) esou wéi se am Gesetz virgesinn ass, well et an der Praxis net ëmzesetzen ass, duerch eng global Bewäertung, esou wéi dat am ale Gesetz war;
  • d‘Stäerkung vun der Representatioun vum administrativen, finanziellen an technesche Personal um Niveau vum Universitéit-Conseil (deen och am ale Gesetz méi favorabel war).

Vu Gewerkschaftssäit ass begréisst ginn, datt sech am Regierungsprogramm dofir staark gemaach gëtt, de Kampf géint d‘Precarisatioun vum Fuerscher-Statut opzehuelen, an déi laangfristeg Carrière-Perspektiven am Secteur ze fërderen. Den OGBL huet zudeem drop higewisen, datt sech d‘Aarbechtskonditioune fir verschidde Salariatsgruppe verschlechtert hunn, an déi jéngste Well vu Kënnegungen, net grad d‘Apologie vun engem gesonden Aarbechtsklima duerstellt.

Domatter net ne genuch. Den OGBL huet och nach emol de persistente Problem vun „Esch-Belval“ am Kontext vun der Ubannung un den ëffentlechen Transport, an de Parkingsméiglechkeeten opgeholl. Et gouf begréisst, datt d‘Regierung, déi op eng vun den Zentrale Fuerderunge vun der Gewerkschaft agaangen ass, laangfristeg déi ganz Eenheete vun der Universitéit op den zwee Campussen, Belval a Lëtzebuerg-Kierchbierg, ze regroupéieren. Dat ass allerdéngs net fir muer.

Ofschléissend ass nach iwwert d‘Verbesserung vun der Koordinatioun tëscht der Universitéit an de verschiddene Fuerschungsariichtungen an de gemeinsame Regimm vun der Zousazpensioun fir de Secteur diskutéiert ginn. Och iwwert d‘Intentioun vun der Regierung, d‘Zuel vun de Professorinnen op der Universitéit ze erhéijen ass sech ënnerhale ginn.

Matgedeelt vum SEW-OGBL, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © SEW-OGBL

Ähnlech Sujeten Bildung, Fuerschung, LIH, LISER, LIST, Max Planck, SEW-OGBL, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel