Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Theresa May ënner Drock
Cry Neiegkeeten WTF

Theresa May ënner Drock

Kënnegt haut déi konservativ Premierministesch Theresa May  hir Demissioun un?

angrycrying
Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl
Cry Neiegkeeten WTF

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl

Eeler Leit déi hir Tréinen net kënnen zréckhalen, bluttverschmierte Familljepappen,

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner
Cry Neiegkeeten WTF

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner

Am Kampf géint d‘Ëmweltverschmotzung gëtt et näischt Besseres wéi Fabricken

cryingsurprise

Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech

Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech

Beim Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL zerbrécht ee sech net nëmmen de Kapp et ass ee carrement besuergt, iwwert d‘Entwécklung am Secondaire. Hei dann och besonnesch bei den technesche Lycéeën an aner Schoulen déi sech der Formatioun vum Handwierk verschriwwen hunn.

Wann et u sech keng schlecht Iddi war de Schoule méi Autonomie zouzegestoen, esou wier et awer de falsche Wee, domatter de Konkurrenzkampf tëscht den Etablissementer ze fërderen. Laut dem Jules Barthel vum SEW-OGBL, huet d‘Reform zu enger Verännerung vun der Philosophie gefouert, déi weder de Schüler nach den Enseignante entgéint kënnt.

A fir d‘Gewerkschaft ass dann och ersiichtlech, datt andeems sech Schoulen e sougenannten eegene Profil mussen zouleeën, villes aus dem Rudder leeft. Dat bréngt mat sech, datt den SEW-OGBL sech net méi mat engem reng kollektive Problem ausenanersetze muss, mee d‘Problematik sech jee no Etablissement anescht gestalt.

Et wier op méi „Zesummenaarbecht“ gesat ginn, méi „Demokratie“ sollt sech an der Schoul breet maachen. An hei wier da schlussendlech awer nach dernieft gegraff ginn, och wann de Phenomen am „Classique“ net esou ausgepräägt wier. Den Direktiounen hätt d‘Reform dann och iwwert en zweiwelhaften Ëmwee ze vill Muecht zougeschanzt, wat elo schonn op vill Plaze fir Onmutt suergt.

An d‘Argument ass verständlech: Wann ee sech net eens gëtt, ass et um Enn den Direkter deen dat lescht Wuert huet. Dat war emol d‘Verantwortung vum zoustännege Minister, haut bleift déi am Schoulgebai, wou et am Fall vun engem Dissens och emol zu Menace géintiwwer den Enseignante ka kommen, wann si net esou wëlle wéi sech dat d‘Direktioun virstellt.

OGBLDo kënnt et beispillsweis bei Direktiounen zu esou Aussoen: „Mir ass et dach egal wat déi um Ministère soen. Ech däerf maachen, wat ech wëll. Ech si Chef hei“. Dat ass dann och keen Dialog, wéi en eigentlech mat der Reform sollt encouragéiert ginn, mee eng Gestiounsapproche wéi ee sech se an der Privatwirtschaft an engem Produktiounsbetrib virstellt.

De Jules Barthel bedauert dann och, datt ëmmer wann een de Minister Claude Meisch (DP) héiert, iwwerall paradisesch Zoustänn herrschen. Tatsächlech ass et zimlech „roueg“ op der Schoulfront gewiescht, wat awer och domatter zesummenhänke géif, datt den Enseignanten e Maulkuerf ugedoe ginn ass. Sech esou richteg zu Wier setze géif kaum ee sech trauen.

Traureg och, datt vill Chargéeën a ganz jonk Enseignante bedrängt an ageschüchtert ginn. Wéinst der schlechter Personalorganisatioun, misste Leit, déi eigentlech vu Gesetzeswege keng Iwwerstonnen dierfte maachen „Zousazleeschtungen“ erbréngen, déi entweder Falsch oder guer net ofgerechent ginn.

A well sech och den Toun am allgemengen an de Schoule verschäerft huet, soll d‘Campagne – déi explizit net géint d‘Schoul ass – derzou bäidroen, datt d‘Enseignanten an d‘Chargéeën sech nees ze wiere wëssen. Kee muss en Abus erdroen, oder wéinst Menacen opginn an ëm seng Versetzung bidden.

OGBLDat et schonn Enseignante ginn huet, déi iwwer 2.000 Euro Affekotekäschten hu missen op den Dësch leeën, dat eenzeg an eleng vir sech virun der eegener Direktioun ze schützen, seet dann och villes iwwert déi aktuell Situatioun aus. Et soll esouguer an enger Schoul esouwäit gaange sinn, datt d‘Direktioun d‘Schüler géint en Enseignant opgestëppelt huet.

Et sinn deemno a leschter Zäit vill rout Linnen iwwerschratt ginn, an deem versicht de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL dann och mat senger Campagne #echwieremech ze begéinen. Kee muss sech en Abus gefale loossen, kee soll sech eleng virun d‘Direktioun stellen. Och an der Schoul gëllt: „Fir säi Recht lount et sech ze streiden“.

Foto: (v.l.n.r.) Vera Dockendorf, Jules Barthel a Pierre Mousel. Si fuerderen eng reell Demokratie an der Schoul an datt de Comité vun den Enseignanten och de Statut vun enger Personaldelegatioun erhält. Den Dialog tëscht der Direktioun an den Enseignanten, mee och de Schüler an Eltere soll gefërdert ginn, an net duerch de Muechtmëssbrauch op d‘Spill gesat ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Demokratie, Enseignement, Reform, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    19

  • Fail

    0

  • Cry

    2

  • Angry

    0

  • WTF

    1

  • Crazy

    0

  • Love

    0