Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng
Meenung Neiegkeeten

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Fir de Site zu Diddeleng wäert eng beonrouegend Episod ufänken.

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang
Meenung Neiegkeeten

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang

Um 17. September sinn den LCGB an d‘Personaldelegatioune vum Personal

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk
Meenung Neiegkeeten

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk

Leschten Donneschdeg huet déi Lénk fënnef Haaptmesuren aus hirem Wahlprogramm

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!

De SEW-OGBL an de Landesverband fuerderen d‘Offer vun engem Accueil moies virun der Schoul fir all d‘Kanner am Besoin, an ee Retour zu de ganze Klassen no der Päischtvakanz

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!

Eng Woch no der Reprise am Fondamental schéckt de MENJE d’Direkteren an d’Schoule fir no der Vakanz eng Surveillance moies virun der Schoul organiséieren ze loossen, mat Consignen, déi et net soll schrëftlech ginn an déi net deem entsprieche wat de Minister ugekënnegt hat.

Dës Surveillance soll exklusiv fir d’Kanner vun deenen Eltere sinn, déi um 8 Auer hir Aarbecht ufänke mussen. Si brauchen duerfir en Certificat vum Employeur, e Modell dovunner wëll de MENJE an den nächsten Deeg (!) den Enseignanten zoukomme loossen.

Et gëtt keen Appell un de Public a keng Enquête bei den Eltere gemaach, mee d’Titulairë sollen den Elteren déi Offer maache bei deenen se wëssen, dass de Besoin besteet.

D’Enseignanten hunn déi Informatioun iwwert d’Aarbechtshoraire vun den Elteren natierlech net a missten se fir d’éischt (ouni Enquête!) bei den Elteren nofroen. D’Enseignante kënnen a virun allem wëllen net jugéiere wien Urecht op dës Surveillance huet.

Jeeweils a gemëschte Gruppen (Léier- an Übungsgruppen an all Cyclen duercherneen) bis 12 Kanner sollen d’Kanner virun der Schoul eng Stonn laang surveilléiert ginn; wéinst der Responsabilitéit awer net am Haff, mee an engem Raum oder dem Hall vun der Schoul; sënnvoll Aktivitéite sinn net virgesinn.

Wann an enger Schoul déi eenzel Gruppen op méi Standuerter verdeelt sinn, gi Regruppementer op enger Plaz virgeholl. Kanner, déi net nëmmen an der Paus strikt getrennt bleiwe mussen, treffen sech alleguer virun der Schoul an engem Grupp.

Dee Surveillance-Modell mécht den opwännege Splitting komplett lächerlech. Fir d’Enseignanten heescht dat och erëm vill Iwwerstonnen a vill Organisatiounsaarbecht fir e Modell, dee vläicht scho muer erëm op d’Kopp gehäit gëtt.

D’Auswiel vun de Kanner ass eng segregatär Mesure a setzt Elteren, Léierpersonal a Gemengen ënner Drock.

Nodeems d’Presidente vun de Schoulcomitéen zesumme mat hiren Enseignante mat vill Aarbecht a groussem Zäitopwand e Modell vum Splitting aus dem Ministère ëmgesat hunn, dee vun enger grousser Majoritéit vun den Enseignanten als pedagogesch net sënnvoll ugesi gëtt, dierf d’Organisatioun vun där Surveillance net bei de Presidenten, Comitéen oder Titulairë leien!

De SEW/OGBL an de Landesverband fuerderen de Ministère op, eng Surveillance fir ALL Kanner am Besoin ze organiséieren!

De Splitting ass duerch ekonomeschen Drock esou verwässert ginn, dass d’Kanner permanent an neie Gruppen a Konstellatiounen zesumme kommen.

D’Kanner sollen erëm zesumme mat all hire Frënn aus der Klass an d’Schoul komme kënnen. E Splitting vun de Klassen ass nëmmen an Ausnamefäll bei ze vill groussen Effektiver sënnvoll. D’Maison Relais hätten domadder och erëm d’Méiglechkeet de Kanner moies virun der Schoul e sënnvollen Accueil ze bidden.

An senge leschte Kommunikatioune schwätzt de Minister elo reegelméisseg vun engem „mir“. E „mir“ gëtt et am Enseignement awer net méi. Op der enger Säit gëtt et dauernd aner deelweis chaotesch Mesuren, déi sech selwer widderspriechen an op der anerer Säit gëtt mat groussem Opwand gekuckt, dass et an der Praxis organisatoresch klappt.

Enseignante brauchen no laangen an hektesche Wochen elo e puer Deeg fir d’Batterien erëm opzelueden. Et mussen awer gläichzäiteg och weiderhin d’Virbereedunge fir déi kommend Wochen, an och d’Rentrée am September stattfannen. Eis all erwaarde lescht Woche vum Schouljoer mat vill Aarbecht, Evaluatiounen, Elteregespréicher a Planunge fir d’nächst Schouljoer.

De SEW/OGBL an den Landesverband fuerdere fir d’Enseignanten elo den „Droit à la déconnection“ fir déi nächst Woch. Dofir leet den SEW/OGBL all Léierpersoun un d’Häerz, an der Päischtvakanz ofzeschalten, Computeren auszemaache fir zur Rou ze kommen.

Kommunizéiert vum SEW/OGBL a Landesverband den 29. Mee 2020

Illustratioun: © Mattes Trettin / unsplash

Ähnlech Sujeten Educatiounsministère, Landesverband, Päischtvakanz, Schoul, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel