Search

You may also like

dislike
Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been
Neiegkeeten

Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been

Am „House of Lords“ ass fir d‘Bäibehale vun der EU-Charta

Schueberfouer 2019 – Eng deier Lëtzebuerger Traditioun!
Neiegkeeten

Schueberfouer 2019 – Eng deier Lëtzebuerger Traditioun!

Vum 23. August bis den 11. September gëtt och an

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
Neiegkeeten

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

[onionbuzz quiz-id=84][/onionbuzz] D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat

Net mam Minister op enger Linn

Wann e sech bei de sanitäre Mesuren esouwäit eens ass, esou gëtt awer nach vill Kritikpunkten

Net mam Minister op enger Linn

Den OGBL-Syndikat fir den Enseignement ass iwwert déi zimmlech eesäiteg „Propaganda“ vum Educatiounsminister éischter net begeeschtert. De SEW/OGBL werft dem Claude Meisch vir, sech méi op seng Selbstduerstellung ze konzentréieren an dat eegent Bild ze fleegen, wéi dann dofir Suerg ze droen, datt d‘Enseignante motivéiert kënnen hir Aarbecht ophuelen.

Vun de Gewerkschaftsvertrieder gëtt monéiert, datt dem Educatiounsminister säin Optimismus net am geréngsten de Realitéiten um Terrain entsprécht. De Patrick Arendt werft him fir, all seng Initiativen als „groussen Erfolleg ze verkafen“, woubäi de Gruef tëscht senger Kommunikatioun an dem tatsächlechen Impakt vun de Moossnamen sech éischter verdéift, wéi dat e sech fëlle géif.

Esou hätt „Schoul Doheem“ derzou gefouert, datt d‘Ongläichheete méi grouss gi sinn. Vill Schüler wieren ofgehaangen. De Retard dee sech bei enger grousser Mass accumuléiert huet, hätt a kengster Weis kënnen opgeholl ginn. Hei wier de Minister gutt berode gewiescht, mat den Acteuren um Terrain eng Analys vun de bestoende Problemer ze maachen, a mat dëse Léisungen auszeschaffen.

Mee scho beim Dialog klemmt et zolidd. Esou huet de Patrick Arendt bedauert, datt si iwwert déi ganz Vakanz disponibel waren, mee zu kengem Ament mat um Dësch gesiess hunn, fir un eben den noutwennege Léisungen a Moossnamen ee Wuert matzeschwätzen. Dobäi war de Problem mat de „Lacunnen“ scho laang virun der, duerch de Covid19 ausgeléiste Kris, alle beschtens bekannt.

D‘Digitaliséierung ass kee Wonnermëttel

Statt sech de reelle Problemer unzehuelen, géif de Minister op d‘Digitaliséierung setzen. Déi awer wier kee Wonnermëttel. Mam Computer léiert een nu emol net liesen a scho guer net schreiwen, an och wann dësen eng „Hëllef“ ka sinn, méi gescheit ginn d‘Kanner domadder net. Et brauch gutt forméiert Enseignanten, an déi sinn ëmmer méi rar geséit. Zudeem kënnt hei nach ee Problem op.

Ëmmer méi diploméiert Enseignante géifen aus de Schoulen ofgezunn, wärend de Problem mam Rekrutement net emol am Usaz geléist ass. An dat betrëfft de Fondamental wéi de Secondaire gläichermoossen. De SEW/OGBL fuerdert vum Ministère, datt dat Léierpersonal dat den Ekippe vu Spezialisten zougewise ginn ass, nees hir Aarbecht um Terrain ophuelen. An dat elo direkt!

De Virworf hei: Si wieren eigentlech do fir d‘Enseignanten ze ënnerstëtzen, mee Fakt wier, datt si vu Reunioun zu Reunioun reesen a sech an administrative Prozedure verléieren. Gutt am Secondaire schéngt de Seegen net ganz esou schif ze hänken, mee och de Jules Barthel gëtt ze bedenken, datt d‘Digitaliséierung eleng keng Plus-value bréngt. Hei bréicht et e pedagogescht Konzept…

Hie bedauert, datt hei d‘Enseignanten op sech selwer gestallt sinn an zudeem och nach selwer no hirem Informatik-Material kucke mussen. Jo net emol vun der Steier léisst sech dës Investitioun ofsetzen, well et net als Schaffgeschir unerkannt gëtt. Eigentlech wier et jo och dem Ministère seng Missioun, dofir Suerg ze droen, datt d‘Personal den Ufuerderungen entspriechend equipéiert ass.

Foto: Ob Coding oder als didaktescht Material agesat… d‘Digitaliséierung eleng mécht eis Kanner net méi gescheit. Besonnesch bezunn op Liesen a Schreiwen, eng vun de Viraussetzungen dësen Outil och richteg notzen ze kënnen, wier de Computer éischter Kontraproduktiv. Zudeem erwaart ee jo och, datt Kanner net esouvill Zäit hannert engem Ecran verbréngen. © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Claude Meisch, Digitaliséierung, Digitalkompetenz, Educatiounsministère, Enseignanten, Personalmangel, Schoulrentree, SEW-OGBL
Next post Previous post