Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag
Neiegkeeten Stories

NATO-Sommet: d‘Zäit nom INF-Vertrag

Den Donald Trump wollt nei Atomwaffen, dat awer méiglechst ouni

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
Neiegkeeten Stories

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

Ruckelzegen Humor a Marionetten: d’Produzente vun der Sesame Street zéie viru Geriicht
Neiegkeeten Stories

Ruckelzegen Humor a Marionetten: d’Produzente vun der Sesame Street zéie viru Geriicht

De Studio hannert der mythescher US-Sendung Sesame Street ass net

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“

Och am Secondaire hunn d‘Reformen hir Wierkung net verpasst an esou herrscht Krisestëmmung

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“

Ass et Absicht oder nëmme schlechte Wëlle vum Educatiounsminister? Dës Fro resuméiert u sech déi gesamt Pressekonferenz vum SEW-OGBL (zesumme mat de Kollege vun der FGIL an apcca) am Kontext vun der Schoulrentrée an deem op wat sech d‘Enseignanten anzestellen hunn.

An dat mannst wat ee muss zréckbehalen: „Et geet den Enseignante wéi dem Enseignement selwer: net gutt!“. No der Enquête bei den Enseignanten am Primaire, déi och alles anescht wéi „gutt“ ze bewäerten ass, huet och d‘Enquête bei de Proffen aus dem Secondaire däitlech gemaach wat d‘Stonn geschloen huet. Et herrscht Onzefriddenheet an de Minister verweigert sech dem Dialog.

Op deen am Juni erstallte Questionnaire vum SEW-OGBL hu ronn 370 vun den ugeschriwwenen Enseignante geäntwert. Bei ronn 4.400 Proffen am Secondaire ass dat elo net zwéngend dat wat een als „Representativ“ bezeechne kann, och wann de Jules Barthel eis Aschätzung net deele wäert. Et kann een awer schonn ee gutt Stëmmungsbild aus dëser Enquête ofleeden, an dat ass net erfreelech.

Datt sech d‘Enseignante weder vun eis (de Medien) nach vun der Politik (d‘Regierung) respektéiert fillen ass elo och net wierklech nei. Interessant dogéint de Fait, datt d‘Resultat vun der Enquête bal deckungsgläich mat därer aus dem Primaire ass. Esou ginn och am Secondaire déi meescht Proffen un, hire Beruff gären auszeüben. D‘Hallschent allerdéngs géif sech dëse Misär net méi undoen.

An esou ergëtt et sech, datt déi ënnert der Ministesch Mady Delvaux lancéiert Reformen, déi vum Claude Meisch als neien Educatiounsminister weidergefouert goufen, d‘Situatioun am allgemengen esou verschlechtert hunn, datt net eleng d‘Enseignante mee mëttlerweil och d‘Eltere vun de Kanner um System zweiwelen. Dovunner profitéieren déi sëllech Privatschoulen an dat werft Froen op.

Liberaliséierung 2.0

Privatiséierung vun der Schoul a Formatéierung vun der Aarbechtskraaft entspriechend de Besoine vun Industrie a Wirtschaft, dat ass et wat een ënnerschwelleg aus den Doleance vum SEW-OGBL eraushéiert an eigentlech ass deem net ze widderspriechen. Déi ëffentlech Schoul ass net am Sënn vum Binom „Enseignant/Schüler“ reforméiert ginn, mee ganz am Sënn vun der Liberaliséierung.

Wien sech et leeschte kann, schéckt säi Kand an de „Privé“. Do gëtt et zum enge genuch a virun allem kompetent a motivéiert Enseignanten. Déi sinn och net „iwwerfuerdert“ oder mat Tâche beschäftegt déi strikt administrativer Natur sinn. Zudeem hunn déi am Privé gereegelt Zäite wou am ëffentleche Secteur quasi all Proff Iwwerstonne knuppe muss dat et net méi schéin ass.

SEW-OGBL

(v.l.n.r.) Sonja Mousel, FGIL; Nadia Ruef, apcca; Patrick Arendt, SEW-OGBL; Jules Barthel, SEW-OGBL; Seth Ruef, SEW-OGBL; Isabelle Bichler, SEW-OGBL; Laurent Hahn, SEW-OGBL. © Martine de Lagardére/moien.lu

Dat mécht de Beruff net attraktiv an erkläert, firwat eng Majoritéit vun den Enseignanten aus dem ëffentleche Secteur, zum enge selwer hir Motivatioun oder „Beruffung“ verluer hunn, an zum anere kengem jonke Mënsch gudde Gewëssens kënne roden Enseignant ze ginn. Dat ass allerdéngs keng gutt Iddi, wann een zäitgläich bedauert datt ee grousse Mangel un Enseignante am Land huet.

Eng Situatioun déi deraart katastrophal ass, datt de Minister – vläicht fir de System nach eppes weider ze verschlechteren – noutgedrongen och sougenannten „Quereinsteiger“ ophëlt a sech op d‘Chargéeë verléisst. Dat ass awer eng Plooschter op en hëlzent Bee gepecht, a gëtt virun allem de Schüler net gerecht. An d‘Eltere beschwéieren sech och net beim Minister, mee beim Enseignant.

Et sollt eppes geschéien

Elo ass ee bei der Gewerkschaft och nach iwwerzeegt, datt een d‘Eltere méi an d‘Verantwortung huele muss, wat si awer och selwer als eng „delikat Fuerderung“ gesinn. Dat well Elteren haut gezwonge sinn zu zwee enger Aarbecht nozegoen, a sief et nëmme fir de Loyer ze finanzéieren. Am Privé ass eng grondsätzlech Ufuerderung vun der Schoul un d‘Elteren, wou also ass de Problem?

Ma dee besteet grondsätzlech doranner, datt wat d‘Eltere manner Akommes hunn, si méi musse schaffen an esou och manner Zäit hu fir sech och nach ëm Bildungsfroen hir Kanner betreffend ze këmmeren. Wien dogéint seng Kanner an de Privé schéckt – dat kascht – ass eigentlech finanziell ofgeséchert an ass och „zäitlech eppes méi flexibel“ a muss net selwer dem Kand „Nohëllef“ ginn.

De SEW-OGBL geséich et dann och gären, datt een dem Schüler nees eppes méi „Asaz“ offuerdert an hei gëtt et dann nees komplizéiert. Zum engen hunn d‘Reformen derzou gefouert, datt d‘Schüler net méi eens wéi d‘Proffe ginn, zum aneren erkennen d‘Schüler, op dee wou do virun hinne steet qualifizéiert ass, oder zumindest Loscht huet Wëssen ze vermëttelen. Amateuren hunn et schwéier.

An de Secondaire muss och nach d‘Konsequenzen aus de Reformen am Primaire opfänken. Hei hunn d‘Enseignanten et och net liicht de Spagat tëscht enseignéieren an administrativen Tâchen hinzekréien. Kuerz: Zwee Ministeren hunn et kuerzfristeg fäerdeg bruecht déi ëffentlech Schoul an déi spréchwiertlecher Sakgaass ze féieren. An hei freet sech nees: wiem notzt dat Ganzt?

Zilorientéiert Sabotage?

Net genuch Enseignanten (an dat wierklech an alle Beräicher), Reformen déi net am Konsens mat de Leit um Terrain zesummegeschoustert goufen, an d‘Verweigerung de konstruktiven Dialog an d‘Wee ze leede sinn d‘Piliere vun enger desastréiser Bildungspolitik. Sinn dat déi éischt Virzeeche fir den Ufank vum Enn vun engem ëffentlechen Educatiounssystem mat Zukunftsperspektiven?

Eigentlech net an et sollt een dem Minister Claude Meisch och elo net direkt ënnerstellen e System op d‘Been ze stellen, deen drop aus wier eenzeg an eleng, de wirtschaftlechen Ufuerderunge vun eiser Gesellschaft gerecht ze ginn. Anersäits gëtt ersiichtlech, datt esou wéi et sech entwéckelt, mir hei op en Neits e gesellschaftleche Gruef aushiewen. An dat wierkt op déi sozial Kohäsioun aus.

En Zweeklasse-Schoulsystem, deen et wuel ëmmer ginn huet, awer bis ewell ni esou offensichtlech presentéiert ginn ass, bréngt näischt Gutts mat sech. Wann een dann och nach méi Ustrengungen ënnerhëlt fir ee géint deen aneren auszespillen, wéi dann eng fir all Parteien (besonnesch d‘Schüler) liewensfäeg an erstriewenswäert Léisung erbäizeféieren, huet ee politesch a mënschlech versot.

Schoulen dierfen net zu Déngschtleeschtungsbetriber verkommen, mee mussen eng Institutioun bleiwen déi hirem gesellschaftlechen Optrag gerecht gëtt. Dat erkläert och firwat FGIL, SEW-OGBL an apcca massiven Zoulaf erhalen hunn an es sech net midd ginn de konstruktiven Dialog ze sichen. D‘Ufro fir dësen ze féiere datéiert awer och scho vun 2018. Vläicht hëlleft jo Protest…

Foto: © Martine de Lagardére/moien.lu

Ähnlech Sujeten apcca, Educatiounsminister, Enseignement, FGIL, Secondaire, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel