Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Op Schinnen an d‘Zukunft… mat der Eisebunn
Neiegkeeten

latest online dating site

D‘Zäite vun der getrennter Virstellung, vum operativen Exercice an de

best dating advice blogs
Neiegkeeten

Pipo Peng: Eng flott Moss

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Opgepasst d‘Schoul fänkt nees un!
Neiegkeeten

Opgepasst d‘Schoul fänkt nees un!

D‘Schoulvakanz geet op en Enn an et muss een wéi

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften

SEW-OGBL kritiséieren déi liberal Schoulpolitik

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften

Fir den SEW-OGBL ass déi ëffentlech Schoul einfach net méi wat se emol war. An déi Entwécklung, déi se grad duerchmécht, bereet der Gewerkschaft Kappzerbrieches. Si gëtt dem Erzéiungsminister dann och däitlech ze verstoen, datt déi ëffentlech Schoul net zum Verkaf steet.

Mat senger Campagne „D‘Schoul ass net ze verkafen“, leet sech den OGBL mam Claude Meisch (DP) un. Dee kritt virgeworf, mat senger Politik eenzeg d‘Konkurrenz tëscht de Schoulen ze fërderen. Dovunner géif da besonnesch de privaten Enseignement profitéieren.

Et ass dann och eng Warnung, déi eescht ze huelen ass. Hei gëtt dem Minister net manner ënnerstallt, wéi den Enseignement ze privatiséieren. Den OGBL mécht dat um Beispill vun der Stad Lëtzebuerg fest, wou grad emol eppes iwwert d‘Hallschent vun de Kanner an eng ëffentlech Schoul ginn.

An den Ae vun der Gewerkschaft geet de Problem dann och wäit iwwert d‘Konkurrenz tëscht „ëffentlecher“ a „privater“ Schoul eraus. De Fait eng Logik vun der Evaluatioun an der Kontroll agefouert ze hunn, déi e Verglach vun de Schoule méiglech mécht, féiert an déi falsch Richtung.

Beim SEW-OGBL ass een elo awer net wierklech vun der liberaler Politik vum Claude Meisch iwwerrascht. D‘Gewerkschaftler warnen dofir d‘Elteren, déi sech kee Sand sollten an d‘Ae streeë loossen. Fir si steet fest, wat de Minister hei ubitt, dat ass eng Mogelpackung.

Dobäi ass de Claude Meisch beméit, dem Land seng Reformen als eng Stäerkung vun der Autonomie vun de Schoulen duerzestellen. Och déi erhofften Diversitéit gëtt ëmmer nees ugefouert, an och vun der Entpolitiséierung vun der Schoul ass scho rieds gewiescht.

Méi Problemer wéi Léisungen

Bei der Gewerkschaft ass sech iwwert eppes am kloren: d‘Problemer ginn net manner. Ofgesinn dovunner, datt de Minister Schoulen a Konkurrenz zouenee stellt, erlieft de Léierprogramm och eng „Reform“, déi esou vum OGBL net ka gutt geheescht ginn.

Et géif sech op eng utilitaristesch Revisioun vum Léierprogramm baséiert ginn. Wat dorunner läit, datt ee genéidegt wier, flexibel a mobil Enseignanten ze forméieren. Proffen ouni Spezialisatioun, déi iwwerall agesat kënne ginn, dat kéint laut dem SEW d‘Léisung net sinn.

Si froen sech dann och, wéi een derzou komme kann, dat als Entwécklung vun de Kompetenzen duerzestellen. Eng Schoul bréicht nu emol Spezialisten, sief dat fir Literatur, Mathematik oder Geschicht, fir nëmmen dës ze ernimmen.

A mat de sougenannten internationalen ëffentleche Schoulen, déi vill Zousproch erhalen, huet ee beim SEW-OGBL och esou seng Problemer. Hei ass et besonnesch d‘Feststellung, datt hir Programmer am Ausland vu private Prestatairen erstallt ginn.

Um Beispill vum ISML (International School Michel Lucius), wou am Fundamental an am Secondaire engleschsproocheg Klassen ugebuede ginn, géif de Feeler am System erkennbar. D‘Ufuerderungen am däitschen oder franséische wiere vill ze niddreg.

Et ass awer dat wat de Mënsch zu Lëtzebuerg brauch fir sech als Erwuessene gesellschaftlech anzeglidderen, an dat net nëmmen an der Beruffswelt. Zudeem kéint et e Problem duerstellen, wann een nom Schoulofschloss op eng Universitéit wëll, wou d‘Verkéierssprooch net Englesch ass.

Wësse wéi eng Programmer genotzt ginn

De Problem bleift och da bestoen, wann de betraffene Student, sech virgeholl huet säin Aarbechtsliewen zu Lëtzebuerg ze gestalten. Fir den SEW-OGBL ass zu Lëtzebuerg déi dominant Sprooch um Aarbechtsmaart franséisch. Eng Sprooch déi een also muss beherrschen.

Wat awer nach um Beispill vum Michel Lucius ervirzesträichen ass, datt ass de Fait, datt de Léierprogramm fir deiert Geld bei der Firma Pearson kaf gëtt. Woubäi Pearson e britesche Spezialist vum privaten Enseignement ass, an net dee schlechtste Ruff genéisst.

Ëm de Ruff geet et der Gewerkschaft net. Si stelle just fest, datt den zoustännege Ministère all Afloss op de Léierprogramm vum Michel Lucius verluer huet. Schlëmmer nach, den SEW denoncéiert de Fait, datt d‘Exame vum Prestataire korrigéiert ginn.

Dat betrëfft an dësem Fall d‘Examen op 3ème a 1ère. Korrigéiert ginn esouwuel déi schrëftlech wéi mëndlech Examen. D‘Korrektur gëtt a Groussbritannien a géint Rechnung duerchgefouert. Beim OGBL schléit dës Feststellung dem Faass de Buedem aus.

Also gëtt et elo eng Campagne. Den SEW-OGBL gëtt mat Deplianten an, an un d‘Ëffentlechkeet, fir se virun der „Gefor“ ze warnen. Schliisslech géif eenzeg déi ëffentlech Schoul d‘Schüler ophuelen, ouni se no sozialem, kulturellem oder reliéise Statut vunenaner ze trennen.

Domatter wier d‘ëffentlech Schoul déi Plaz, wou sech d‘Elteren dierfte sécher sinn, datt d‘Kanner déi Grondkenntnesser erhalen, déi eng solidaresch an demokratesch Gesellschaft brauch. Eng gewoten Thees, mee méi dozou gëtt et op www.effentlech-bildung.lu.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Schoulpolitik, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel