Search

You may also like

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)
Neiegkeeten

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?
Neiegkeeten

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?

Den UN-Sécherheetsrot ass beméit de Fridden an der helleger Stad

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier
Neiegkeeten

„Schreib. Schreib jetzt, schreib. Schreib was. Nein, / schreib nicht.“ – Den Dichter Jean Krier

An dësem Joer kënnt d’Lyrik-Anthologie Das Ende vom Lied (Phi-Verlag)

Sexuelle Mëssbrauch: De Bistum entschëllegt sech

Wa kee Schold op sech gelueden huet, wou kommen dann déi Affer hir?

Sexuelle Mëssbrauch: De Bistum entschëllegt sech

De Chef vun der Vatikan-Filial zu Lëtzebuerg, den Äerzbëschof Hollerich, huet sech gëschter och zu de Skandaler vun der kathoulescher Kierch positionéiert. Dat wier néideg ginn, nodeems et déi lescht Woch am Vatikan zur grousser Mëssbrauchskonferenz komm war. Hien huet den Affer vum Mëssbrauch seng Entschëllegung ugebueden.

Et war en Donnerwieder. Den Äerzbëschof huet tatsächlech géintiwwer de Medie gemengt: „Et kann een net méi soen, datt d‘Akte vu sexueller Gewalt a Pedophilie net existéieren“. Méi aschneidend gëtt de Lëtzebuerger Kierchemann dann awer net, ëmmerhi war d‘Konferenz am Vatikan e vollen Erfolleg, wëll de Poopst Francis sengem Management kloer gemaach huet, datt et esou net ka weidergoen, an eppes géint d‘Däiwelswierk muss ënnerholl ginn.

Als Vertrieder vum iwwerierdeschen, huet de CEO vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, den Affer seng Entschëllegung ugebueden, a versicht glafwierdeg eriwwerzekommen: „Et deet mir esou leed. (…) et fillt e sech esou kleng géintiwwer den Aussoe vun den Affer“, esou den Äerzbëschof. Hie wëll sech elo staark maachen, an de Mantel vum Silenz lëften. Zu Lëtzebuerg soll et am Kontext vu sexuellem Mëssbrauch zur „Null-Toleranz“ kommen.

De Risiko begrenzen

Interessant war gëschter och d‘Interventioun vum Jurist vum Bistum, Patrick Hubert, deen dem Mëssbrauch e Reedel virleeë wëll. D‘Kierch zu Lëtzebuerg hätt entspriechend Moossnamen ergraff, fir d‘Risiken ze begrenzen. Et géif ee sech mat Determinatioun fir de Schutz vu mannerjäregen asetzen, och wann e sech muss bewosst sinn, datt et keen 100% Schutz ka ginn. An d‘Kierch, also zumindest zu Lëtzebuerg, géif jo zanter bal engem Joerzéngt och entspriechend handelen.

Esou gëtt drun erënnert, datt et sengerzäit den Mill Majerus, CSV-Deputéierten a Sexolog, war deen als éischt op d‘Iddi komm ass eng „Hotline vir Sex-Affer vun der Kierch“ anzeriichten. Dat war 2010, an et ass och zu „Enquête“ komm. Heifir huet de Bistum eng Stell geschafen, an och ee „Rot“ gouf agesat. Zanterhier ass alles besser ginn, an och bei de neie Kandidaten, huet d‘Kierch sech d‘Mëttel zougestanen, fir ze iwwerpréiwen, op e Seminarist och zum Paschtouer qualifizéiert ass.

Affer entschiedegen?

Op d‘Fro wéi vill vun dëse Seminaristen dann duerch de „psychologeschen Test“ gefall sinn, gouf et keng Äntwert. De Generalvikar Leo Wagener huet leedeglech drop higewisen, datt säit 2011 d‘Preventioun géint sexuell Gewalt géinteniwwer mannerjäregen an d‘Formatioun agegliddert, a säit zwee Joer fir all Mataarbechter vun der Kierch, egal a wéi enger Funktioun, egal op „reliéis“ oder „laizistesch“ verflichtend ass. Och do keng Ausso, op a wéi vill Leit „duerchgefall“ sinn.

Am Marieland soll d‘Kierch – zumindest fir d‘Kanner – eppes méi sécher ginn. Den Äerzbëschof huet och nach emol bestätegt, datt Täter an/oder Doten ëmmer der Justiz gemellt ginn, an een zousätzlech dozou, och intern disziplinaresch Moossnamen, entspriechend dem kanounesche Recht, ergräife wäert. Dat sech d‘Kierch vu senge „schwaarze Schof“ trenne wëll geet villen awer net duer. D‘Affer missten entschiedegt ginn, esou d‘Fuerderung. Esouwäit kënnt et nach…

Foto: Den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg huet sech bei den Mëssbrauchsaffer entschëllegt. Hien ass awer der Usiicht, datt eng Entschiedegung fir d‘Affer net de richtege Wee ass…

Related topics Bistum, Jean-Claude Hollerich, kathoulesch Kierch, Mëssbrauch, Mëssbrauchskonferenz, Sexuell Gewalt, Sexuell Iwwergrëff
Next post Previous post