Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)
https://moien.lu/online-security-hookup-badge/

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)

„Optimismus ass gutt, d‘Wourecht ass besser!“ An dat ass eigentlech

https://moien.lu/what-does-it-mean-when-you-dream-about-dating-someone-you-dont-know/
https://moien.lu/online-security-hookup-badge/

https://moien.lu/berlin-singles-dating/

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll
https://moien.lu/online-security-hookup-badge/

Friddensmarsch dëse 6. Abrëll

Déi lénk rifft déi ganz Bevëlkerung op, sech muer Samschdeg

Sexuelle Mëssbrauch u Kanner: Täterprophylaxe ass Opferschutz

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?

Sexuelle Mëssbrauch u Kanner: Täterprophylaxe ass Opferschutz

Am Kader vum Safer Internet Day 2020 huet de Kanner-Jugendtelefon (KJT) ee Colloque zum Thema Täterprophylaxe ass Opferschutz organiséiert a moderéiert, déi sech un Professioneller aus Lëtzebuerg geriicht huet.

Am éischten Deel hunn d’Berodungsdéngschter hir Aarbecht presentéiert. De Jan Kossak vun der Erzéiongs- a Familljeberodung huet iwwert d’Aarbecht mat sexuell grenziwwerschreidend Jugendleche, beim Laurence Bouquet vu Riicht Eraus geet et ëm d’Aarbecht an d’Berodung vu (sexuell) gewalttätege Mënschen a Famillen a Partnerschaften. Béid Déngschter leeën de Schwéierpunkt dorop, d’Entscheedungsméiglechkeet vum Schëllegen ze ënnerstëtzen, hinne Respekt entgéint ze bréngen a zesummen um iwwergrëffege Verhalen ze schaffen. Dobäi ass virun allem Empathie vun de Beroder gefrot.

Virgestallt gouf och d’BEE SECURE Stopline. D’Sally Stephany huet erkläert, wéi een iwwert dës Plattform d’Duerstellunge vu sexuellem Mëssbrauch u Mannerjärege melle kann. Zum Ofschloss war et um Simone Flammang vum Parquet, fir eng kloer a prezis Iwwersiicht an Erklärung vun der Gesetzeslag zu Lëtzebuerg am Beräich vum sexuelle Mëssbrauch ze ginn.

Opferschutz

(v.l.n.r.) Barbara Gorger-Wagner, KJT; Dr. Ulrich Kobbé, Psychotherapeut, Supervisor a Psycholog © KJT

Am zweeten Deel ass et dunn, zesumme mam Haaptreferent Dr. Ulrich Kobbé, Psychotherapeut, Supervisor a Psycholog mat laangjäreger Erfarung, ëm verschidde Modeller zur Täterdynamik gaangen, wéi och d’Erklärung vun zentrale Begrëffer, wéi Pädophiller, Pädosexueller a Pädokrimineller. Ofschléissend huet d’Barbara Gorges-Wagner, Leedering vum KJT, zesummegefaasst, datt Konzepter a Strategië fir d’Aarbecht mat den Affer gëtt. Et wier ze wënschen, datt an Zukunft och méi konkret Strategië fir d’Aarbecht mam Täter entwéckelt ginn.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Sally Stephany, BEE SECURE Stopline; Laurence Bouquet, Riicht Eraus; Simone Flammang, Parquet; Jan Kossack, Erzéiongs- a Familljeberodung © KJT

Ähnlech Sujeten Barbara Gorges, BEE SECURE Stopline, Dr Ulrich Kobbé, Jan Kossack, Kanner-Jugendtelefon, KJT, Laurence Bouquet, Safer Internet Day 2020, Sally Stephany, Sexuelle Mëssbrauch u Kanner, Simone Flammang, Täterprophylaxe ass Opferschutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel