Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt
Neiegkeeten

Kufa’s Urban Art: D’Editioun 2020 gëtt verréckelt

D’Kulturfabrik an d’Stad Esch musse leider matdeelen, datt duerch d’Coronakris

Porsche Mobil 1 Supercup: De Lëtzebuerger huet sech um Hockenheimring behaapt
Neiegkeeten

Porsche Mobil 1 Supercup: De Lëtzebuerger huet sech um Hockenheimring behaapt

De Lëtzebuerger Pilot, Dylan Pereira, huet sech de leschte Weekend

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen
Neiegkeeten

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen

Zanter dem 18. Abrëll herrscht an de Virstied vun der

Sexuelle Mëssbrauch an der Kierch

Sexuelle Mëssbrauch an der Kierch

D‘Äerzdiözes vu Lëtzebuerg huet gëschter säi Bericht, zu den hir gemellte Fäll vu sexuellem Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch virgeluecht. Aus dësem geet ervir, datt sech 2019 insgesamt 6 Persounen un déi dofir ageriichte Struktur gewannt hunn. All dës Fäll si vun der kathoulescher Kierch un de Parquet weidergereecht ginn. Et wieren awer keng rezent Fäll.

Et geet heibäi ëm de sexuelle Mëssbrauch an engem Fall tëscht 1940 an 1949, engem weidere fir den Zäitraum tëscht 1960 an 1969 esou wéi véier Fäll fir d‘Period 1970 bis 1979. Véier mol war d‘Affer männlech, zweemol weiblech. All d‘Affer waren zum Zäitpunkt vum Mëssbrauch tëscht sechs an zwielef Joer jonk. Déi genannten Iwwergrëff hu sech a Foyeren, Internater a fir zwee Fäll an enger Kierch zougedroen. Ënnert de vermuttlechen Täter – déi längst dat zäitlecht geseent hunn – sinn dräi Persounen als Paschtouer, respektiv reliéis Autoritéitspersoun designéiert ginn…

Alles an allem hunn 2019 zéng Leit déi genannte Struktur fir d‘Affer vu sexuellem Mëssbrauch opgesicht. Ausser der sexueller Gewalt bannent der kathoulescher Kierch, gouf och déi physesch Gewalt (7) an den „emotionelle“ Mëssbrauch (4) als Motiv genannt. Fir zwee Affer huet et eng Entschiedegung als „Unerkennung fir erliefte Leed“ ginn. Iwwert de Montant gouf net informéiert.

Datt dat mat der verspracher Transparenz gutt funktionéiert ass luewenswäert, an wann dann den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich sech am vun der kathoulescher Kierch verfaasste Communiqué och nach bei den Affer entschëllegt, esou ass dat ee grousse Fortschrëtt a sécherlech och eng Erkenntnis, déi een de Kierchemänner muss zerguttst halen. An esou ass eng Formatioun a Saache „Preventioun“ och e gudden a wichtege Schratt. Véier Formatiounen huet 2019 ginn an un dësen hunn 74 Persounen deel geholl. Doriwwer eraus bleift d‘Struktur och weiderhi bestoen.

Illustratioun: © Stefan Kunze / unsplash

Ähnlech Sujeten Äerzbëschof, Äerzdiözes, Jean-Claude Hollerich, kathoulesch Kierch, Sexuelle Mëssbrauch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel