Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm
mumbai female dating

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

Am Kader vun den Aarbechten am Val de Hamm, wou

tryst hookup
mumbai female dating

gypsy dating sites uk

Et ass de Premierminister vun de Fidschi, deen d‘Welt bei

money
Handelskrich: Vun e Freideg un sinn d‘Douanestaxen tëscht Washington a Peking a Kraaft
mumbai female dating

Handelskrich: Vun e Freideg un sinn d‘Douanestaxen tëscht Washington a Peking a Kraaft

D‘Mäert hu gewarnt an Alarm geschloen, gehollef huet et näischt.

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!

The Shape of Water ass komesch, strange an du däerfs en net verpassen!
© 2017 Twentieth Century Fox Film Corporation

Datt de Guillermo del Toro bei der Nominatioune fir d’Oscaren esou gutt ewech komm ass, huet The Shape of Water vill Opmierksamkeet bruecht. D’Verwonnerung ass schnell begrënnt: Och wann de Guillermo Del Toro gutt Filmer mécht, sinn se meechtens dach zimlech onkonventionell. An The Shape of Water füügt sech ganz gutt a säi Gesamtwierk an. Et ass en däischtert Mäerchen, dat fantastesch a voller Humor an Ofgrënn ass.

The Shape of Water spillt zu Baltimore an de fréie 60er Joren. D’Elisa Esposito (Sally Hawkins) ass eng stomm Botzfra, déi an engem Labo propper mécht. Enges Dags gëtt do en neit Forschungsobjet ageliwwert: Eng onentdeckte Spezies, déi een als Fëschmënsch bezeechne kéint. Tëscht den zwee Figuren entwéckelt sech schnell eng Frëndschaft – an nach méi! Mee et kann engem net einfach gemaach ginn: De Colonel Richard Strickland (Michael Shannon), deen d’Liewewiese gefaangen huet, stellt sech deem entgéint a wëll säi Versuchsobjet vivizéieren. Als klenge Bonus leeft am Hannergrond nach eng Spionage-Geschicht, well wéi sollt et anescht sinn an de 60er?

The Shape of Water ass en duerch an duerch kalkuléierte Film. Och dat mécht en zu engem Meeschterwierk!

Vill vun den Dréiungen, déi d’Geschicht hëlt, gesäit een als ageüübte Kinosbesicher am viraus kommen. Mee dat hënnert een net dorunner, de Film gutt ze fannen: Ze vill flott Detailer si verstoppt, d’Inzenéierung ze zolidd an d’Schauspiller ze perfekt gecast, fir vill Schlechtes iwwert dëse Film kënnen ze soen. D’Atmosphär déi hei opgebaut gëtt, ass typesch fir säi Regisseur: verzaubernd an awer düster, mat engem Soupçon Nostalgie versat. D’Handlung leeft an enger flotter Vitess of, baut immens Spannung op a gëtt engem trotzdeem vill Zäit zum Duerchotmen. D’Dialogen – déi noutwännegerweis vun de Niewefigure gefouert ginn – sinn op de Punkt bruecht, d’Mimikspill vum Sally Hawkins eng Meeschterleechtung, déi d’Sympathie vum Publikum schnell gewënnt. Gekonnt verdreemte Musek dréint nach zum Charme bäi a suergt dofir, datt engem de Film laang am Gediechtnes hänke bleift.

Exzellent och, datt de Film groussaarteg inklusiv Aarbecht leescht, déi senge Géigestécker, déi an dëser Epoch spillen, oft abhande kommen: Latino-Haaptfigur, déi en plus behënnert ass, schwaarz Niewenduerstellerin a souguer en homosexuelle Kënschtler fanne Plaz an der Handlung. A Punkto Representatioun ass also schonn e Fortschrëtt ze gesinn. Och den deels oppenen an humorvollen Ëmgang mat weiblecher Sexualitéit an Intimitéit ass bemierkenswäert. Do kënnen se sech an der Industrie nach e Virbild drun huelen.

Egal, op de Film elo gewënnt oder net, sollt een en dach eng Kéier gesinn hunn. En ass net nëmmen ënnerhalsam, mee huet och Stil a ganz vill Emotiounen!

Fotoen: © 2017 Twentieth Century Fox Film Corporation

Ähnlech Sujeten Film, Guillermo Del Toro, Kultur, The Shape of Water
Nächsten Artikel Virrechten Artikel