Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency
Money Neiegkeeten

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency

LSA kléngt net ganz esou „renomméiert“ wéi „NASA“, mee et

What the Fakt – Ee moudesche Grondstee mam Hugo Boss!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Ee moudesche Grondstee mam Hugo Boss!

Wat als kleng Kleederfabrik zur Zäit tëscht der Weimarer Republik

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Zanter elo zwee Joer schéngt et mat der Konjunktur zu

money

Shopping Zenter Cloche d‘Or entpuppt sech als Flopp

Shopping Zenter Cloche d‘Or entpuppt sech als Flopp

An Zäite wou een all onnéidege Kontakt meide sollt, a wou den elektroneschen Handel och nach Präisvirdeeler bereet hält, ass et kee Wonner datt grouss Akafszentren net méi déi erhoffte Clientèle ugezu kréien. Zudeem gräifen d‘Leit am Kontext vun de Covid19-Restriktioune léiwer op den Eenzelhandel zou, wat jo esou gesinn och sënnvoll ass, wann ee keng eidel Geschäftsstroosse wëll.

De Problem mam elektroneschen Handel trëfft den Eenzelhandel wéi d‘Akafszenter gläichermoosse firwat ee sech als Konsument och emol nees a Fro stelle sollt. Wann e bedenkt datt de Jeff Bezos de Méindeg ëm 13 Milliarden US-Dollar méi räich ginn ass, misst engem e Liicht opgoen. All Cent wou un Amazon iwwerwise gëtt, feelt beim analogen Handel an der Kees, an dat huet Folgen.

Zu Lëtzebuerg ass den Handel – egal op kléngt Geschäft oder Mega-Konsumtempel – immens wichteg, bezunn op d‘Aarbechtsplazen an de Bruttoinlandprodukt (BIP). Zudeem bezuelen eis Händler hir Steieren zu Lëtzebuerg. Dat virausgesat, wier et awer vläicht héich Zäit, datt ee sech emol Gedanken doriwwer mécht, op et da wierklech esouvill riseg Akafszenter haut nach brauch.

Wéinst de sanitärer Kris a sengem Confinement, hu vill Leit festgestallt, datt si net op esou Plazen ugewise sinn, a ganz niewebäi wäert et och därer Leit ginn, déi gemierkt hunn, datt „Manner“ och duerchaus „Méi ka sinn. Fir d‘Geschäftsleit vun der Cloche d‘Or sinn datt keng flott Erkenntnisser, an dat schléit sech natierlech direkt op hiert Akommes néier. De Loyer deen awer bleift héich.

Esou verwonnert et net, datt deem am Mee gegrënnte Geschäftsverband d‘Waasser bis zur Nues steet. Si bekloen sech datt et net genuch Visiteure gëtt, an och den Homeoffice/Télétravail wierkt sech geschäftsschiedegend aus. Mee dëse Phenomen trëfft net nëmmen d‘Cloche d‘Or. Och déi aner Konsumtempel an der Haaptstad sinn sech den Ament schwéier, d‘Leit an hir Haiser ze lackelen.

Sécher et gëtt versicht iwwert divers Animatiounen de Clienten eppes méi wéi nëmmen den Akaf gefälleg ze maachen, mee dat kann nëmmen Erfolleg hunn, wann den Akafszenter liicht accessibel ass. Mat der Passerell kéim en dann elo och mam Vëlo gutt dohinner, mee Cyclisten hu keng Mall wou déi grouss Akeef ënnerbruecht kënne ginn, a gi generell éischter an den Eenzelhandel.

Vergiesse mir dann och net, datt ëmmer méi Leit es deem ganze Verpakungsoffall leed sinn. Wann een um Maart oder beim Händler senges Vertrauen akeeft, stellt ee séier fest, datt véier a Plastik agepaakten Äppel kee Sënn maachen, an eigentlech och net der vun der Politik gefuerderter Nohaltegkeet entgéintkommen. An esou ass de Shopping Zenter Cloche d‘Or en zolitte Flopp.

Foto: © Melvin Hetto/moien.lu (Archiv)

Ähnlech Sujeten Cloche d'Or, Covid19- Kris, Shoppingzenter, Shoppingzenter Cloche d'or, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel