Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?
International Neiegkeeten

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?

Et ass ewell 56 Joer hir, datt de britesche Regisseur

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik
International Neiegkeeten

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik

Gëschter huet d’EU-Parlament an enger éischter Liesung een neit Gesetz

Russland verännert sech
International Neiegkeeten

Russland verännert sech

Dat russescht Parlament (Duma) muss sech an der zweeter an

Shutdown: Dem FBI geet de Goss aus

Amerikanesch Bundespolizei kann Iwwersetzer an Informanten net méi bezuelen

Shutdown: Dem FBI geet de Goss aus

De Shutdown geet a seng fënneft Woch an esou lues maachen sech Folge bemierkbar, dat awer net do wou een et als éischt ugeholl hätt. Mat der Haushaltsspär geet och dem FBI (dem Bundesamt fir Ermëttlungen) de Goss aus. Esou ass den Agenten net méi méiglech Informanten ze bezuelen, oder Droge fir verdeckt Ermëttlungen ze kafen. Och d‘Iwwersetzer kënnen den Ament net bezuelt ginn.

Op dësen Zoustand mécht de Beruffsverband FBIAA opmierksam. De Gewerkschaftspresident, Tom O‘Connor erkläert, datt wann den FBI seng Quellen net bezilt, de Risiko besteet, dës fir all Éiwegkeet ze verléieren. Stänneg erreecht d‘FBIAA nei Reklamatiounen: et géif kee Pabeier méi, Ersatzpneuen hätt et och keng, an esou lues hätt een och keng DNA-Testsätz méi bei Hand.

Mat all Dag deen de Shutdown weiderleeft, gëtt esou d‘Aarbecht vum „éischten US-Polizist“ zolidd behënnert, déi operationell Schwieregkeeten heefen sech. A well den Inlandsgeheimdéngscht an der Struktur vum FBI agebonnen ass, gëtt et och Problemer bei den anti-Terror Aktivitéiten, an der Ofwier vun auslännesche Geheimdéngschtoperatiounen. D‘Lag wier Eescht, esou den O‘Connor.

An et ass net domatter gedoen, datt d‘Agenten a Beamte vum FBI keng Fotokopie méi kënne maachen, oder mat schlechte Pneuen ënnerwee sinn. Fir déi meescht vun den 13.000 Ermëttler, heescht et all Dag schaffen ouni ze wësse wéini d‘Regierung hinnen déi geschëlt Pai ausbezilt. Insgesamt sinn an den USA 800.000 Beamten an Aarbechter vun der Haushaltsspär betraff.

mat Indymedia/WAS

Ähnlech Sujeten Drogen, FBI, FBIAA, Informanten, Ofwier, Shutdown, Tom O'Connor
Nächsten Artikel Virrechten Artikel