Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Falsch Récksiicht huelen – Wéi sexuelle Mëssbrauch Liewen zerstéiert
International Neiegkeeten

Falsch Récksiicht huelen – Wéi sexuelle Mëssbrauch Liewen zerstéiert

Sexuelle Mëssbrauch ass leider nach ëmmer e grousst Tabuthema. Déi

US-Wahlkampf: Deen „aneren“ TV-Debat
International Neiegkeeten

US-Wahlkampf: Deen „aneren“ TV-Debat

An den USA hunn sech dës Nuecht (3 Auer eiser

Migratioun: Italien dréit d‘Schrauwe bäi
International Neiegkeeten

Migratioun: Italien dréit d‘Schrauwe bäi

Den italienesche Ministerrot huet e Méindeg en „Dekret-Gesetz“ ugeholl, mat

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zougeständnesser bei der Awanderung géint Fric fir eng Grenzmauer

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zanter elo gutt véier Wochen ass de „Shutdown“ (Haushaltsspär) a Kraaft, an honnert dausende Staatsbeamten oder soss beim Staat beschäftegt Aarbechter kréie keng Pai, sinn deels gezwonge ginn onbezuelte Congé ze huelen. Elo huet de Milliardär „Zougeständnesser“ proposéiert…

Esou huet den Donald Trump gëschter Owend a senger Usproch am Wäissen Haus, eng Propose gemaach, déi den Demokraten eigentlech entgéint sollt kommen. Den US-President huet virgeschloen, datt wann si him déi 5,7 Milliarden US-Dollar fir seng Grenzmauer bewëllegen, hien am Géigenzuch bereet wier, de Schutz fir déi sougenannten „Dreamer“ ëm 3 Joer ze verlängeren.

D‘Dreamer si Migranten déi illegal als Kanner mat hiren Elteren an den USA ukomm sinn, an bei den Demokrate gëtt eng grouss Majoritéit vu Parlamentarier a Senateuren, déi sech dofir asetzen, datt déi Kanner an den USA bleiwen an och d‘Staatsbiergerschaft unhuele kënnen. Si hunn dem Locataire aus dem Wäissen Haus net emol nogelauschtert, sinn iwwerzeegt datt et näischt bréngt.

Keen Interressi

Nach iert den Donald Trump den Amerikaner op de Bildschiermer entgéintgekuckt huet, hunn d‘Demokraten ze verstoe ginn, datt hie sech seng Propose anzwousch kann histiechen, wou d‘Sonn seelen hikënnt. D‘Fraktiounscheffin vun den Demokraten am Representantenhaus, Nancy Pelosi, huet dem Milliardär eng däitlech Ofso fir säi Projet „Grenzmauer“ entgéintbruecht.

D‘Demokrate fuerderen hirersäits vum US-President emol nees „d‘Regierung op ze maachen“ iert iwwert déi ominéis Grenzsécherung kann debattéiert ginn. D‘Nancy Pelosi huet wësse gelooss, datt hir Partei – déi am Representantenhaus säit dem 1. Januar d‘Majoritéit huet – déi nächst Woch Gesetzer wäert Stëmmen, mat deenen de Shutdown en Enn huet. Dat eleng geet awer net duer…

Wann d‘Demokraten och bereet sinn, der Trump-Administratioun eppes méi wéi eng Milliard US-Dollar fir Infrastrukturen (op der Grenz) a nei Riichter (déi iwwer Asyl-Anträg entscheeden) ze bewëllegen, fir eng Mauer soll et awer kee Goss ginn. Well dem Donald Trump seng Republikaner awer d‘Majoritéit am Senat hunn, dierften d‘Gesetzer vun den Demokraten net duerchkommen

Zwee Joer Trump

Virun zwee Joer ass de Star vun der Tëlee-Realitéit an Immobiliemagnat vun den Amerikaner als President gewielt ginn, an hien huet d‘Gesiicht vun der US-Politik zimlech radikal verännert. Déi zweet Hallschent vu sengem Mandat, dierft keng einfach ginn, och wann hie wéi gewinnt, bei der eegener Bilanz méi wéi nëmme vu senger eegener Persoun iwwerzeegt ass.

Shutdown

Op d‘Fro vun engem CBS-Journalist, wéi eng Zensur hie sech selwer géif ausstellen, äntwert den Interesséierten: „Ech géif mir eng 1+ ginn. Oder gëtt et nach eng besser Nout?“. Esou ass hien den US-President, deen och vu sech behaapt, an zwee Joer méi erreecht ze hunn, wéi bal all seng Virgänger. Et ass allerdéngs richteg, datt hien aktuell dee längste Shutdown provozéiert huet.

E Shutdown dee beim „Vollek“ net gutt ukënnt, dem Milliardär seng Stëmmungstest-Wäerter sinn an de Keller gerutscht, a gutt 60% vun den Amerikaner sinn net mat senger Politik averstanen. Esou schlecht huet kee vu senge Virgänger ofgeschnidden. A Well et grad esou flott ass: d‘Washington Post huet erausfonnt, datt den Donald Trump am Schnëtt 15 Falschbehaaptungen den Dag mécht.

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Dreamer, Grenz, Grenzmauer, Mauer, Mexiko, Republikaner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel