Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Néng Saachen, déi s de iwwert de Piraten hire Gemengewahlkampf wësse solls
International Neiegkeeten

Néng Saachen, déi s de iwwert de Piraten hire Gemengewahlkampf wësse solls

Vir méi kleng Parteien stellt de Gemengewahlkampf eng riseg Erausfuerderung

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven
International Neiegkeeten

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven

Bei déi lénk, ass een nach ëmmer op der Sich

Dräi nei Elementer beim kulturellen immaterielle Patrimoine!
International Neiegkeeten

Dräi nei Elementer beim kulturellen immaterielle Patrimoine!

Eng Konventioun aus dem Joer 2003 vun der UNESCO gesäit

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht

Shutdown: Kee Fortschrëtt a Siicht

Si haten sech op e „Sommet“ gëeenegt ouni allzevill Erwaardungen ze erwächen. E Mëttwoch hat den Donald Trump d‘Demokraten zu engem „Briefing zur Grenzsécherung“ gelueden, déi si komm, hunn sech unhéiere wat den US-President ze soen hat, a sinn onveriichter Saache gaangen.

De Sträit ëm den Shutdown (Haushaltsspär) bleift den Amerikaner nach eng Zäit laang erhalen. Säit Deeg kréien déi federal Administratioune keng Sue méi iwwerwisen, well sech Kongress an US-President net op e Budgetsgesetz eenege kënnen. De Grond fir dësen Dissens, ass d‘Finanzéierung vun enger Mauer laanscht déi mexikanesch Grenz. Den Donald Trump wëll dofir 5 Milliarden US-Dollar bewëllegt kréien, an déi wäerten him d‘Demokraten net bewëllegen.

Shutdown

Fir et awer nach iergendwéi gebéit ze kréien, huet de Milliardär d‘Spëtzte vu béide Parteien an dat Wäisst Haus agelueden. Offiziell war dëse politesche Sommet als „Briefing zur Grenzsécherung“ presentéiert ginn. Tatsächlech awer huet den US-President versicht den Drock op d‘Demokraten ze erhéijen, deenen hien ëffentlech de Virworf mécht, d‘USA Raiber- an Drogebanden auszeliwweren.

Vun den Demokraten, déi haut d‘Nancy Pelosi zur Presidentin vum Representantenhaus wiele wäerten, soll haut bei de konstituéirender Sëtzung e Budgetsprojet virgeluecht ginn. Mee och dësen dierft dem Donald Trump esou net gefalen, en hat den Entworf schonn am Virfeld zréckgewisen. Dat well och an dësem Budget, net déi gewënschte Finanzmëttel bereetgestallt ginn, fir déi ominéis Mauer opzeriichten. Eng Mauer déi den US-President sengen Unhänger awer versprach hat.

Shutdown

An den Donald Trump ass e sture Kapp. Hie gëtt sech net esou séier geschloen, an huet d‘Leader vun de Republikaner an den Demokraten nach emol „agelueden“. Dës Entrevue soll schonn e Freideg Stattfannen. De Sujet vun der Renconter: „Grenzschutz“. Observateure ginn net dovunner aus, datt et bei dësem successiven Treffen zu enger Léisung komme kann.

Ähnlech Sujeten Demookraten, Donald Trump, Haushaltsspär, Mauer, mexikanesch Grenz, Republikaner, Shutdown
Nächsten Artikel Virrechten Artikel