Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht
International Neiegkeeten

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?
International Neiegkeeten

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?

Wann e Transport-Wëssenschaftler sech Lëtzebuerg ukuckt, da lauschtert ee gären

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz
International Neiegkeeten

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz

Fir déi eng ass e „brong“ fir déi aner „Rubin-Rout“,

Shutdown: Kritt den Donald keng Mauer, kréien seng Leit keng Pai

Shutdown: Kritt den Donald keng Mauer, kréien seng Leit keng Pai

Tëscht dem Trump senge Republikaner an den Demokrate ramouert deraart schlëmm, datt en Enn am Sträit ëm de Budget net ze erkennen ass. Dem US-President ass dat „zimlech“ egal, hir ka wéi et schéngt mam Shutdown gutt liewen, an dëse kéint sech iwwer Méint hinzéien.

Wann ee weess wat den einfache Staatsbeamten oder -aarbechter zu Washington muss fir de Loyer op den Dësch leeën, Stroum a Gas gëtt et och net fir näischt, a wann een dann och nach Kanner huet… Jo da kritt esou e Shutdown, fir vill Mënschen eppes héchst Bedreeleches.

Fir de Chuck Schumer, Fraktiounspresident vun den Demokraten am US-Senat, werft dem Donald Trump vir Milliounen Amerikaner als Geisel ze huelen. An de Senateur bleift bei senger Linn. Et gëtt vun den Demokrate kee Geld fir déi Mauer op de mexikanescher grenz ze bauen.

Domatter ass de Staatsapparat, oder zumindest vill vu sengen Administratiounen „gelähmt“. Vill vun de Beamte sinn an den onbezuelte Congé geschéckt ginn, fir anerer heescht ouni Pai weider schaffen, wann se dann nach genuch Geld hu fir bis dohinner ze kommen.

Si hu keng Récklage gemaach

Amerikaner, och wann se gutt verdéngen, maache wéineg Reserven, an dat mannst wat geschitt féiert zu finanziellem Chaos. Aus de Medien ass gewuer ze ginn, datt d‘Krankmeldungen zouhuele wat sech zousätzlech negativ fir d‘Administratiounen a soss Servicer auswierkt.

CNN huet beispillsweis bericht, datt et eleng zu New York um „JFK“ – wéi se hire Fluchhafen nennen – deeglech 170 Mataarbechter krank gemellt sinn. En ähnlecht Bild bitt och La Guardia, wou d‘Leit wa se keng Pai kréien sech e Krankeschäin huelen.

Natierlech kréien déi Leit wou schaffen, hire Loun nom Shutdown réckwierkend ausbezuelt, mee dat ass den Ament keng Hëllef. Nach méi schlecht ass et ëm all déi bestallt, déi carrement an den onbezuelte Congé gezwonge goufen. A mir schwätzen hei vun honnert dausende Salariéeën.

Dem Trump seng Unhänger ginn et couragéiert un, erzielen se missten eppes fir d‘Sécherheet vum Land maachen, noutfalls mat engem Shutdown. Si sinn dem US-President verflicht, an deelen de Slogan: „ouni Sécherheet kee Land“, an dat geet net ouni Mauer…

Eng provozéiert Katastroph

De Chuck Schumer mengt dozou: „De President Trump kann net ëmmer ausflippen a verlaangen, datt hie säi Kapp duerchgesat kritt oder awer d‘Regierung stëll steet. Dat féiert zur Katastroph. Dat verstäerkt seng schlëmmsten Instinkter, an déi sinn esou schonn iwwel genuch“.

Shutdown

A während se sech zu Washington net zu engem Kompromëss duerchrénge kënnen, plangt de Milliardär eng Rees un déi mexikanesch Grenz. Hie wëll sech hei en Donneschdeg mat de Beamten un der „Front“ zur nationaler Sécherheet treffen an austauschen.

Eng Chance, datt d‘Demokraten dem Donald Trump déi ronn 5 Milliarden US-Dollar – dat ass et wat de President fir seng „Mauer“ gefuerdert huet – bewëllegen, gesäit an den USA den Ament keen, ausser dem Milliardär seng Fans, an dat sinn leider net déi hellst.

Mee den Donald Trump huet genee dat senge Wieler versprach, eng Mauer fir déi kriminell Horden, déi Drogendealer a Mäerder aus Mëttel- a Südamerika ofzeweisen. Vun enger „Invasioun“ ass rieds, an d‘Paranoia geet esouwäit, datt schonn d‘Arméi op der Plaz am Asaz ass.

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Haushaltsspär, Mauer, mexikanesch Grenz, Republikaner, Shutdown, Staatsbudget, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel