Peking net méi gewëllt d‘Gewalt zu Hong Kong ze dulden
Zu Hong Kong ass et virun der „besater“ Universitéit zu
Zu Hong Kong ass et virun der „besater“ Universitéit zu
Am Géigesaz zu virechte Coursen am Porsche Mobil 1 Supercup,
Laut dem leschte Bericht vun der „World Meteoroligical Organization“ (WMO),
Am Sträit ëm de Shutdown (Haushaltsspär) kënnt et op e neits zum direkte Schlagaustausch tëscht den Demokraten an de Republikaner. D‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, huet gëschter dem Donald Trump notifiéiert, datt hie seng Ried zur Lag vun der Natioun net kann an hirer Kongress-Kummer ka virdroen. Et géif „Sécherheetsbedenken“ wéinst dem Shutdown.
Déi demokratesch Presidentin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, wëll dem Locataire aus dem Wäissen Haus, déi nächst Woch net erlabe säi Speach an hirer Kummer ofzehalen. Et géif een den US-President eréischt alueden, wann de Mëssel ronderëm d‘Haushaltsspär gekläert ass. Bis dohinner ass en Optrëtt am Sëtzungssall vum Representantenhaus fir de Milliardär ausgeschloss.
Esou soll et d‘Nancy Pelosi dem Donald Trump schrëftlech matgedeelt hunn. Woubäi nach muss drop higewise ginn, datt dës Moossnam rechtlech ofgedeckt ass. D‘Demokratin mécht leedeglech gebrauch vun hirem Hausrecht. Dat huet et esou eiser Erënnerung no nach net ginn, mee et leeft drop eraus, datt sech den US-President fir seng Ried vum 29. Januar eng aner Plaz siche muss.
Den Donald Trump ass sécherlech veriergert, mee déi üblech Tweets zu esou engem brisante Virfall sinn ausbliwwen. Vun Offizieller Säit aus heescht et, den US-President hätt schonn eng Alternative fonnt. Woubäi d‘Nancy Pelosi dem Milliardär proposéiert hat, wéinst dem Shutdown, seng Ried op e spéideren Zäitpunkt ze verleeën, oder se nëmme schrëftlech ze verëffentlechen. D‘Argument:
„De Secret Service an den Heemechtschutzministère kënne wéinst Enkpäss beim Personal, déi néideg Sécherheet am Kapitol net zefriddestellend garantéieren“, esou de Justificatif vum Nancy Pelosi, fir de presidentielle Maulkuerf. Den US-President huet och e Bic an e Blat an de Grapp geholl an der Demokratin erkläert, datt un dësem Termin net ze fréckelen ass, an hien drop besteet.
„Et gëtt kee Problem mat der Sécherheet. Et ass immens wichteg, datt déi alljäerlech Ried op hirer gewinnter Plaz gehale gëtt“, esou de Wuertlaut am Bréif un d‘Spriecherin vum Representantenhaus. Fir déi ronn 800.000 Mataarbechter vun der Regierung déi onbezuelte Congé opgezwonge kruten, oder Schaffe mussen ouni bezuelt ze ginn, fänkt den Haushaltssträit un d‘Substanz ze goen.