Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Trump: vum Saulus zum Paulus
International Neiegkeeten

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)

Haislech Gewalt ass besonnesch am Confinement ee Kappzerbrieches a vläicht

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl
International Neiegkeeten

Editorial: E richtege Referendum eng falsch Wahl

Eeler Leit déi hir Tréinen net kënnen zréckhalen, bluttverschmierte Familljepappen,

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens

Säit Haut Muere sinn d‘USA an der „Shutdown“ (Haushaltsspär) Period ukomm. Dat bedeit eng partiell Schléissung vun de federalen Administratiounen. Eng noutwenneg Moossnam, nodeems et tëscht dem US-Kongress an dem Wäissen Haus, beim Budget an dem Finanzement vun der Mauer op der Grenz mat Mexiko, net méi zu engem Kompromëss komm ass.

Ab Mëtternuecht kënnen d‘Administratiounen net méi finanzéiert ginn, an wäerten an den nächsten Deeg hir Aktivitéiten „aschränke“ mussen. Duerch dës partiell Schléissung vun der Regierung, ginn dausende Beamten an den onbezuelte Congé geschéckt oder si gezwongen ze schaffen ouni dofir bezuelt ze ginn. Esou kuerz viru Chrëschtdag, eng Nouvelle déi net gutt ukënnt.

D‘Parlamentarier ware wuel beméit eng Léisung ze fannen, mee mam US-President sengem „Mauer-Projet“ un der mexikanescher Grenz, war e Kompromëss net ze fannen. Den Donald Trump besteet op der Realisatioun vum Projet, e vu senge „Verspriechen un d‘Natioun“. D‘Parlamentarier vum Senat an der Representantekummer sollen haut den Debat nees ophuelen.

An engem Video, deen den Donald Trump op Twitter verëffentlecht huet, dréckt hie seng Hoffnung aus, datt de Shutdown net laang wäert Bestand hunn. Dat ass eng optimistesch Siicht op eng Situatioun, op déi den US-President nëmme bedéngt Afloss huele kann. Politesch betruecht, gëtt et net vill Zousproch vir de Bau vun enger Mauer op der Grenz zu Mexiko.

Eng kloer Linn bei der Migratioun

De Milliardär, dee sech ganz dem Kampf géint déi illegal Migrante verschriwwen huet, wëll seng Ënnerschrëft net ënner e Budgetsgesetz setzten, an deem d‘Enveloppe vu 5 Milliarden US-Dollar fir de Bau vun dëser ominéiser Mauer net abegraff ass. Hien hat en Donneschdeg e Kompromëss vum Senat zréckgewisen, deen de Fonctionnement vun der Regierung bis den 8. Februar zougelooss hätt.

Mee d‘Demokrate wëllen dem Trump seng Mauer net. Ab Januar hunn si nees d‘Majoritéit an der Representantekummer – no hirem gudden Ofschneide bei de Midterm-Wahlen am November – wat et nach eppes „méi delikat“ dierft maachen, esou e Gesetzprojet duerchgeboxt ze kréien.

D‘Republikaner sinn den Ament awer nach majoritär, an ei hunn um Donneschdegowend en neien Text ugeholl, dee an d‘Richtung vum President senge Fuerderunge geet, an e Portefeuille vu 5,7 Milliarden US-Dollar fir de Bau vun der Mauer abegräift. Am Senat awer geet et fir den Donald Trump net méi op. Hien huet wuel eng Majoritéit mat 51 vun 100 Mandater, mee d‘Budgetsgesetz muss mat mindestens 60 Stëmmen ugeholl ginn.

Bei de Verhandlunge gëtt et allerdéngs nach eng Optioun: Wann et partout net sollt méiglech sinn sech am Kontext vun der Mauer eens ze ginn, dann erwaart den US-President zumindest, datt eng substantiell Zomm opgewannt gëtt, déi der Grenzsécherung soll zoukommen.

De politesche Kontext ass net einfach

Um Freidegowend hu Senateuren de Medien erkläert, datt déi Verantwortlech vun den zwou Parteien am Kongress, an de Kulisse mam Wäissen Haus verhandelt hunn. Et wier sech mam Vizepresident Mike Pence an dem Jared Kushner, Eedem a Beroder vum Donald Trump, mee och mam zukünftegen Interim-Generalsekretär vum Wäissen Haus, Mick Mulvaney ënnerhale ginn.

Si hunn e Kompromëss negociéiert, an deem eng Enveloppe vun 1,6 Milliarden US-Dollar enthalen ass, déi fir de Kampf géint déi illegal Migratioun sollen agesat ginn. Esou zumindest de Statement vum Republikanesche Senateur John Cornyn.

Den Donald Trump war sech bewosst, datt et zum „Shutdown“ komme kann. „Ech hu meng Rees u Bord der Air Force One fir Florida annuléiert, während mir ofwaarden op d‘Demokraten eis hëllefen déi südlech Grenz vun eiser Heemecht ze schützen“, esou säin Tweet um Freidegowend. „Et ass méiglech datt mir e Shutdown kréien. Ech géif esouguer soen datt d‘Probabilitéit ganz héich ass“, hat hie beim Empfang vun de republikanesche Verantwortlechen aus dem Senat ugedeit.

Elo kënnt dëse Shutdown – e Klassiker vun der Politik zu Washington – zu engem Ament op, wou de politesche Kontext net dee beschten ass. Wéi wäit d‘Kënnegung vum US-Verdeedegungsminister Jim Mattis, déi och an de Reie vun de Republikaner net mat Begeeschterung opgeholl ginn ass, Afloss op de Vott fir de Budget huet, doriwwer éisst sech awer nëmme spekuléieren.

Esou wichteg wéi d‘Erfanne vum Rad?

Fir d‘Parlamentarier awer nach iwwerzeegt ze kréien, huet den Donald Trump e Freidegmueren e gewote Verglach opgestallt: „D‘Demokrate versichen d‘Konzept vun der Mauer ze miniméieren, a bezeechnen déi als iwwerlieft. Fakt ass awer, datt näischt anescht funktionéiert an datt ass esou zanter Joerdausenden. Et ass wéi mam Rad, et gëtt näischt Besseres“.

Mee wann et keen Accord tëscht dem Parlament an dem Wäissen Haus gëtt, mussen zuelräich federal Servicer während de Festdeeg zum Joresenn hir Aarbecht roue loossen. Ministère wéi dee vun der Bannesécherheet, der Justiz, dem Interieur an dem Ausseministère kënnen sech grad esou ëm déi lafend Geschäfter këmmeren.

Am ganze sinn iwwer 420.000 Beamten néideg fir de Staatsapparat um lafen ze halen, an de Gros dovunner muss elo weiderschaffen ouni eng Pai zur gewinnter Echeance ze erhalen. An den USA – wéi och a villen anere Länner – sinn d‘Budgetsdiskussiounen traditionell „ustrengend“. Meeschtens ginn dann Texter fonnt, déi eng zäitweileg Finanzéierung vun der Regierung erméiglecht.

mam Michael Mathes an dem Antoine Boyer/AFP

Foto: D‘Kapitol vu Washington an der Nuecht op e Samschdeg. Hei kritt dem US-President seng Mauer op der Grenz zu Mexiko net deen erwaarten Zousproch. D‘Demokrate sinn net bereet dëse Projet zur Grenzsécherung matzedroen. © Saul Loeb/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Haushaltsspär, Mauer, mexikanesch Grenz, Shutdown, US-Kongress, US-Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel