Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft
International dating an older guy at 18

https://moien.lu/steps-in-online-dating/

Um Méindeg hunn Emirates SkyCargo an d‘Cargolux ugekënnegt eng Partnerschaft

https://moien.lu/dating-site-novi-sad/
International dating an older guy at 18

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“

Ënnerstëtzt vum Kulturministère, hunn sech déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell

dislike
D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer
International dating an older guy at 18

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten

Och den Zweete „Sommet“ am Wäissen Haus huet keng Léisung am Sträit iwwert de Budget mat sech bruecht. Den Donald Trump dreet elo mat engem méintelaange Shutdown. Gläichzäiteg ass de Milliardär zouversiichtlech, datt et „deemnächst“ zu engem Accord beim Haushalt komme kann.

De presidentielle Meeting mat de Leader vun de Republikaner an den Demokraten, huet net zur Klärung vum Dissens ëm de Staatsbudget bäigedroen. D‘Situatioun ass onverännert schlecht, an den Donald Trump huet esouguer mat engem Stëllstand vun de Regierungsgeschäfter iwwer Méint ewech, wann net och Joren, gedreet.

„Ech mengen net datt et esouwäit kënnt, mee ech si virbereet“, esou de Locataire aus dem Wäissen Haus, no der Entrevue mat de Vertrieder aus dem Kongress. Dat gesot, huet de Milliardär awer och d‘Hoffnung zum Ausdrock bruecht, datt de Shutdown nach just ee puer Deeg unhale kann.

Zudeem huet den US-President net ausgeschloss, de nationalen Noutstand auszeruffen, fir déi vun him versprache Mauer un der mexikanescher Grenz awer nach ze bauen. Zu engem méiglechen „Impeachment“ (Mësstrauensvott) huet hie getwittert: „Wéi wëlls de e President ofsetzen deen déi wahrscheinlech gréisste Wahl vun allen Zäite gewonnen huet (…) an dee populäerste Republikaner an de Parteigeschicht ass?“.

Shutdown

Fir déi nei Presidentin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, gëtt et nëmmen ee Fazit no der Entrevue mam US-President: d‘Gespréicher ware Kontrovers. De Fraktiounspresident vun den Demokraten, Chuck Schumer, huet bestätegt, datt den Donald Trump mat engem Shutdown vun onbegrenzter Dauer gedreet huet.

Béid Demokraten, d‘Nancy Pelosi an den Chuck Schumer, solle bei dësem Meeting den Donald Trump opgefuerdert hunn, eng Léisung erbäizeféiere fir Haushaltsspär ze beendegen an d‘Bierger net weider ze dirängelen. Fir den US-President war et awer nees e ganz produktiivt Treffen, an et soll esouguer iwwert de Weekend weider verhandelt ginn. E méiglechen, jorelaange Shutdown, huet de Milliardär bestätegt.

De Weekend wëll sech de Milliardär am Hannergrond halen. Da sollen de Vizepresident, Mike Pence, an dem President säin Eedem a Beroder, de Jared Kushner, wéi och d‘Ministerin fir Heemechtschutz, Kirstjen Nielsen, sech mat den Demokraten, iwwer méiglech Léisungen am Sträit ëm de Budget ënnerhalen.

Zur Erënnerung…

Datt d‘Situatioun ass wéi se eben ass, huet an éischter Linn domatter ze dinn, datt den Donald Trump mat aller Gewalt seng den US-Bierger versprache Mauer un der mexikanescher Grenz, iwwert den Haushalt wëll finanzéiert kréien, an d‘Demokrate keng Anstalte maachen, deem zouzestëmmen. Heibäi geet och ëm eppes iwwer 5 Milliarden US-Dollar.

Gett et awer keng Eenegung beim Budget, da kënnt et zum Shutdown, firwat honnert dausende Staatsbeamten an Aarbechter, entweder am erzwongenen onbezuelte Congé sinn, oder – wéi beispillsweis dem President säi Persouneschutz – ouni Pai weiderschaffen.

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Haushaltsspär, Mauer, mexikanesch Grenz, Republikaner, Shutdown
Nächsten Artikel Virrechten Artikel