Esch/Uelzecht: Wouhinner mam Wielerwëllen?
An der Minettemetropol hunn d‘Sozialiste wéi erwaart dräi Mandater verluer.
An der Minettemetropol hunn d‘Sozialiste wéi erwaart dräi Mandater verluer.
Haut gi mer all Wielen. An domatter ass de Wahlkampf
De lëtzebuergesche Militärsatellit GovSat-1, deen den 31. Januar erfollegräich an
Mir hate viru gutt enger Woch nach missen drop hiweisen, datt et tëscht dem François Bausch (déi gréng) Minister fir Bannesécherheet an der Policegewerkschaft (SNPGL) nach net zu engem fir all Säite verdréiglechen Accord – am Kontext vun den Aarbechtszäiten an dem Rekrutement – komm ass.
Gëschter hunn de Minister vun der Fonction Publique, Marc Hansen (DP) an de François Bausch dann déi laang erseenten Accorde virgeluecht. Et geet ëm esou wichteg Punkte wéi d‘Aarbechtszäit an d‘Kompenséierung vu verschiddene Contrainten déi domatter zesummenhänken. Hei muss de Missiounen a spezifeschen Ufuerderungen déi d‘Police huet Rechnung gedroe ginn. Dat allerdéngs am strikte Kader vun der EU-Direktiv 2003/88/CE.
Déi concernéiert Acteuren hunn sech dann elo op Modalitéite gëeenegt: zur Ariichtung vun enger maximaler Wochenaarbechtszäit, d‘Nuetsaarbecht, d‘Pausen an déi Wëchentlech Rouzäit. Hei ass dann och de „Stonne-Wäert“, respektiv vun der sougenannter „Prime d‘Astreinte“ ëm 10% gehuewe ginn.
Fir d‘Permanence doheem, gëtt de Saz verduebelt. Et soll zukünfteg och Primme ginn, wann den Organisatiounsplang kuerzfristeg geännert gëtt. An och wann et zu duebele Schichte komme kann, soll et eppes weider an der Paitut ginn. Dëse leschte Punkt bezitt dann och net nëmmen op d‘Police, mee betrëfft all déi concernéiert Staatsbeamten.
Déi bescht Noriicht betrëfft de Rekrutement. Hei ass een sech dann elo och endlech eens ginn, an et gëtt un engem Format geschafft, mat deem eng Grondlag fir de Rekrutement – iwwert den Zäitraum 2020 bis 2023 – geschafe gëtt, mat deem de bestoende „Schwieregkeeten“ soll en Enn bereet ginn. Detailer dozou konnte gëschter nach keng iwwermëttelt ginn.
Et schéngt een um gudde Wee ze sinn, firwat dann och déi verschidden implizéiert Gewerkschaften (SNPGL, ACSP, SPCPG, an CGFP) dës Accorden ënnerschriwwen hunn. Wéi séier datt alles op wat sech hei konnt gëeenegt ginn och ëmgesat gëtt? En Termin gouf u sech net genannt, et dierf een awer dovunner ausgoen, datt ee beim Daachverband CGFP, en A drop hale wäert, an dat ganzt dann och Zäitno misst kënnen entspriechend agefouert ginn.
Foto: (v.l.n.r.) Christian Steichen, Vereenegung vum Kader vun der Police (ACSP); Steve Heiliger, Generalsekretär vun der CGFP; Bob Gengler, Conseiller vun der Regierung (MFP); Marc Hansen, Minister fir den ëffentlechen Déngscht; François Bausch, Minister fir Bannesécherheet; Béatrice Abondio, Conseillère vun der Regierung (MSI); Pascal Ricquier, President vun der SNPGL an de Serge Thillens, President vum ziville Personal bei der Police (SPCPG). © MFP