Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!
https://moien.lu/two-single-parents-dating-each-other/ Neiegkeeten

https://moien.lu/kanye-fans-dating-site/

Um 13. Oktober 2019 ass et nees esou wäit: den

speed dating in portsmouth nh
https://moien.lu/two-single-parents-dating-each-other/ Neiegkeeten

Tropestuerm „Barry“ bedreet New Orléans

D‘Stroosse vun der Küstestad am US-Bundesstaat Louisiana si schonn iwwerschwemmt.

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei
https://moien.lu/two-single-parents-dating-each-other/ Neiegkeeten

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Um haidege Méindeg leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed

Si hunn de Journalist ëmbruecht!

Saudiarabien gëtt zou, datt de Jamal Khashoggi op der Ambassade zu Istanbul ermuert gouf

Si hunn de Journalist ëmbruecht!

E Samschdeg huet Saudiarabien zouginn dat de saudesche Journalist, Jamal Khashoggi, deen zanter dem 2. Oktober „vermësst“ gouf, an der saudescher Ambassade zu Istanbul ëmbruecht ginn ass. Elo huet d‘Famill vum Affer an d‘Welt Gewëssheet…

D‘Bestätegung vum „Dout“ vum Jamal Khashoggi, ass e Samschdeg an de fréie Moiesstonne vun der offizieller saudescher Presseagence SPA, matgedeelt ginn. D‘Presseagence zitéiert de Parquet: „D‘Entrevue tëscht dem Jamal Khashoggi, an de Leit deenen hien an der Ambassade begéint ass (…) huet sech zu enger Kläpperei entwéckelt, wat zum Dout vum Journalist gefouert huet“.

Et ass dann och net déi tierkesch Justiz déi sech zum Virfall ausgedréckt huet, mee de saudesche Procureur, Cheikh al-Mojeb, deen e Communiqué zum Oflaf vun de Faite verëffentlecht huet: „Déi Gespréicher déi tëscht him an de Leit vun der Ambassade zu Istanbul stattfonnt hunn, hunn zu enger Kläpperei gefouert, bäi där de Jamal Khashoggi zu Dout komm ass. Fridde senger Séil“.

Journalist

Den Direkter vun der „Arabia Foundatioun“, Ali Shihabi. © Arabia Foundation

Den Direkter vun der „Arabia Foundatioun“, deen am Vertraue vun der saudescher Monarchie steet, huet eng aner Versioun vum „Dout“ ofginn. „De Khashoggi ass duerch Stranguléierung am Verlaf vun enger physescher Ausenanersetzung, an net enger Kläpperei mat Fäischt gestuerwen“ esou den „Expert“ Ali Shihabi, deen ugëtt dës Informatiounen aus „héijer“ Quell ze hunn.

Et muss een d‘Verantwortung iwwerhuelen

Zum selwechten Ament huet d‘Kinnekräich matgedeelt, datt den Generol-Majouer Ahmad al-Assiri, en héije Verantwortleche vum saudesche Geheimdéngscht, an de Saud al-Qahtani, Chef vum „Center for Studies and Media Affairs at the Saudi Royal Court“, vun hiren Ämter enthuewe gi sinn. Béid Männer si „enk“ Kollaborateure vum Krounprënz Mohammed ben Salmane.

Déi grouss „Proximitéit“ vu béide Männer mam Krounprënz ass gëschter vun engem Analyst vum „Baker Institute“, eng Denkfabrick vun der amerikanescher Rice-University, ënnerstrach ginn. „De Saud al-Qahtani an den Ahmad al-Assiri ze entloossen, dat ass dem Mohammed ben Salmane esou nokomme wéi et nëmme méiglech ass“, mengt den Analyst Kristian Ulrichsen.

Hien ass dann och der Usiicht, datt et „interessant ass ze gesinn, op dës Moossnamen duerginn. Wa weider Informatiounen (zum Dout vum Khashoggi) drëpsweis virgeluecht ginn, gëtt et net méi vill Ausweeër fir de Mohammed ben Salmane“. Ryad huet sengersäits schonn emol ugekënnegt, datt 18 Persounen, alles Saudiaraber, am Kader vun der Enquête, verhaft gi sinn.

De Kinnek Salmane vu Saudiarabien huet héchstperséinlech d‘Schafe vun enger ministerieller Kommissioun ugeuerdent. Déi soll vum Krounprënz presidéiert ginn, an zum Zweck hunn, de saudesche Geheimdéngscht ze restrukturéieren. Esou zumindest déi offiziell Medien.

Eng international Kris?

Nodeems de Jamal Khashoggi den 2. Oktober zu Istanbul déi saudesch Ambassade opgesicht huet, an uschléissend wéi vum Äerdbuedem verschwonne war, huet sech „de Fall“ zur internationaler Kris entwéckelt. Dat notamment wéinst de Beschëllegunge vun héijen tierkesche Verantwortlechen, déi ëm d‘Anonymat gebueden hunn, awer behaapt haten, datt de Journalist ermuert ginn ass.

D‘Bestätegung vum Journalist sengem Dout zu Istanbul, huet kuerz no engem Telefonsgespréich, tëscht dem tierkesche President Recep Tayyip Erdogan an dem Kinnek Salmane, ginn. Béid Männer „hunn ënnerstrach wéi wichteg eng Zesummenaarbecht ass“ heescht et säitens enger anonymer Source aus dem Ëmfeld vun der tierkescher Presidence.

Journalist

Et ass allerdéngs nach net gewosst, op d‘Geständnis vun der Ermordung vum Jamal Khashoggi, eng Folleg vun de Warnungen aus Washington ass. D‘Trump-Administratioun hat bekanntlech, e Freideg Ryad op e neits mat Sanktioune gedreet.

Nodeems also Ryad zouginn huet, datt de Jamal Khashoggi an der Ambassade „verstuerwen“ ass, huet e Journalist den Donald Trump gefrot, op dësen d‘Versioun vu Saudiarabien fir kredibel hält. De Milliardär huet geäntwert: „Jo! Nach emol et ass fréi a mir hunn eis Evaluatioun oder Enquête, nach net ofgeschloss, mee ech sinn der Meenung datt mir hei e grousse Schratt gemaach hunn“.

Diplomatescht Matleed, virgetäuschte Matleed

Den Donald Trump, dee schonn en Donneschdeg senger Iwwerzeegung, datt de Journalist dout wier, fräie Laf gelooss hat, huet Saudiarabien mat wäitreechende Sanktioune gedreet.

Aus dem Wäissen Haus dann d‘Stellungnam vun der Spriecherin, Sarah Sanders:“Mir sinn traureg ze erfueren, datt den Dout vum Jamal Khashoggi bestätegt ginn ass. D‘USA notéieren, datt d‘Enquête iwwert d‘Schicksal vum Jamal Khashoggi Fortschrëtter mécht, an datt d‘Kinnekräich Moossname géint identifizéiert Verdächteger ergraff huet“.

„D‘USA wäerten drop bestoen, datt zäitno an transparent, am Aklang mam Rechtsstaat, Recht geschwat gëtt“, esou d‘Sarah Sanders. Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet sech an engem Communiqué „besonnesch besuergt“ ausgedréckt, an ënnersträicht d‘Noutwennegkeet vun enger déifgräifender an transparenter Enquête zu de geneeën Ëmstänn vum Dout.

Amerikanesch „Volleksvertrieder“ hunn sech och zum Virfall zu Wuert gemellt, an hunn eng aner Siicht op d‘Affär wéi dat vum Wäissen Haus duergestallt gëtt. Esou de Senateur Lindsay Graham, en Alliéierte vum US-President, deen d‘Kredibilitéit vu Ryad a Fro stellt. „Ze soen, datt ech der neier Versioun vu Ryad mat Skepsis begéinen, ass en Euphemismus“, esou den Tweet vum Graham.

mam Anuj Chopra/AFP

Foto: E Freideg ass wéinst der Kausa „Khashoggi“ virum wäissen Haus zu Washington demonstréiert ginn. Aktivisten, verkleet als Krounprënz Mohammed ben Salmane a President Donald Trump, hunn sech „gekusst“, fir d‘Relatioun tëscht béide Männer bildlech duerzestellen. © Jim Watson/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jamal Khashoggi, Journalist, Mohammed ben Salmane, Mord, Recep Tayyip Erdogan, Saudiarabien, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel