Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si hunn de Journalist ëmbruecht!
texting tips while dating

Si hunn de Journalist ëmbruecht!

E Samschdeg huet Saudiarabien zouginn dat de saudesche Journalist, Jamal

https://moien.lu/dating-someone-with-schizoaffective-disorder-reddit/
texting tips while dating

online dating killed my self esteem

Am Kader vum weltwäiten Dag vum Schlof organiséiert d’Ekipp vum

Vereedegung vum Préizerdauler Schäffe Marc Rehlinger
texting tips while dating

Vereedegung vum Préizerdauler Schäffe Marc Rehlinger

Um Freideg, de 27. September 2019 ass de Marc Rehlinger

Si hunn e Plang fir Lëtzebuerg!

Si hunn e Plang fir Lëtzebuerg!

Bei der CSV ass gëschter dat zweet Kapitel vum Wahlprogramm opgeschloe ginn. En Dënschdeg ass et ëm d‘Ziler an d‘Fuerderungen an de Beräicher: Steieren, Famill, Jugend, Senioren, Handicap a Sécherheet gaangen. Hei gouf dann och eng helle Wull un Iwwerleeungen an Upassunge vun de bestoende Mesuren.

De nationale Spëtzekandidat Claude Wiseler, huet dann och net laang ëm de Bräi geschwat an emol festgestallt, datt Lëtzebuerg op de Wuesstem ugewisen ass. E Wuesstem esou de Claude Wiseler, deen een encadréieren a begleede muss. Lëtzebuerg war an ass fir vill Entreprisen attraktiv, an ëm dës Attraktivitéit muss sech gekëmmert ginn. Eigentlech bedeit et, datt een de richtege Choix fanne muss.

En niddrege Steiersaz

Ee vun den Attraktiounspunkten ass dat „steierlecht Ëmfeld“ datt den Entreprise eng gutt an zolidd Entwécklungsperspektive bitt. An hei géif d‘CSV, wann se dann an der Regierung wier, an dat mam Koalitiounspartner ze maachen ass, d‘Fiskalitéit fir d‘Entreprise moderniséieren. Esou sollt laut der CSV, de Steiersaz, um Enn vun enger 7 Joer-Strategie, bei 20% ënnert dem EU-Duerchschnëtt leien.

Nach ëmmer am Kontext vun der Attraktivitéit, gëtt sech iwwerluecht, wéi ee Steierofschreiwungen op Risikokapital aféiere kann, déi genotzt kéinte ginn, fir „Start-Up“ Entreprisen ze finanzéieren. Wat déi wirtschaftlech Entwécklung betrëfft, esou wëll de Claude Wiseler de zirkulärer Ekonomie d‘Prioritéit ginn. Hie gesäit an dësem Kontext e grousst Potential bei der Nordstad, déi sech ideal als Entwécklungsplaz ubidde géif.

Entscheedungsfräiheet fir Familljen

Am Beräich Familljepolitik, huet sech d‘CSV virgeholl de Familljen hir Entscheedungsfräiheet ze loossen, esou dat déi hiert Liewen esou féieren an organiséiere kënnen, wéi si dat wëllen. An d‘CSV versprécht och d‘Famillje besser ze begleeden. Esou soll et beim Elterecongé méi Flexibilitéit ginn, an dee kéint een esouguer op aacht Méint verlängeren.

Wat déi jonk Mamme betrëfft, déi de REVIS erhalen, esou missten déi am éischte Joer no der Gebuert vum Kand, keng Aarbecht méi unhuelen. De CSV-Spëtzekandidat huet dann nach drop higewisen, datt een sech nach emol de Modalitéite vun de sougenannte „Baby-Boomer“ wëll unhuelen, an och eng Alternativ zur Bildungsrent – déi gouf 2015 ofgeschaaft – schafe muss, wat de sozial benodeelegte Familljen entgéint komme géif.

Manner Schaffen, méi Familljeliewen

D‘CSV huet sech och mam Aarbechtsmodell beschäftegt. Esou wëll een d‘Deelzäitaarbecht méi attraktiv gestalten, an och an dësem Sënn d‘Familljeliewe bevirdeelegen. D‘Françoise Hetto géif dann och gären d‘Kannerbetreiung mat innovative Konzepter fërderen. Iwwerhaapt sollen Eltere méi Ënnerstëtzung erhalen.

Och d‘Berodung, am Kader vun der Eltereschoul an de Maison Relaisen, déi als Info-Zenter kéinte genotzt ginn, soll fir Eltere besser opgestallt sinn. Iwwerhaapt soll d‘Betreiung vun der Kanner, zumindest esou laang wéi se an d‘Primärschoul ginn, keng finanziell Belaaschtung sinn. D‘CSV-Kandidatin schléit dann och vir, Famillje mat vill Kanner besonnesch ze ënnerstëtzen, déi vun der Aarmut bedreet wieren, duerch eng eemoleg Familljenzoulag.

Kanner sinn d‘Zukunft, déi Eeler och

Iwwerhaapt wëll sech d‘CSV méi fir d‘Kanner an d‘Jugend asetzen. E Beispill: d‘Fréierkennung vu Kanner a Schwieregkeeten. Kee soll „op der Streck bleiwen“, jidderengem sollen déi gréisst méiglech Chancen zougedroe ginn. An dësem Sënn huet sech d‘CSV dann och virgeholl, de „ONE“ (Office National de l‘Enfance) reforméiert ginn.

Deene jonke soll méi Matsproocherecht ageraumt ginn, an et misst een hinne besser nolauschteren. Hei mengt d‘CSV-Kandidatin, datt et net vu Muttwëll wier, déi politesch Formatioun an d‘Kenntnis vun de Medien ze fërderen.

Bei der CSV hunn se also „e Plang fir Lëtzebuerg“ an, an dësem hunn och d‘Senioren hir Plaz. Déi eeler Leit sollen dann, esou d‘Françoise Hetto, och déi Unerkennung erhalen déi hinnen zousteet. D‘CSV huet an dësem Sënn en Aktiounsplang zesummegezwafft, mat deem d‘Aktivitéiten an d‘Preventioun konsequent gefërdert ginn. Et ass sech esouguer Gedanken iwwert d‘Entwécklung vun alternative Wunnforme fir eeler Leit gemaach ginn.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Famill, Jugend, Kanner, Steieren, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel