Search

You may also like

Weltwaasserdag: Méi wäertvoll wéi Pëtrol, méi déidlech wéi Waffen
Neiegkeeten Stories

Weltwaasserdag: Méi wäertvoll wéi Pëtrol, méi déidlech wéi Waffen

Verschmotzte Waasser a Gebidder wou d‘Waffen den Alldag, an d‘Krisen

Den SNES Classic Mini: Kleng, awer immens
Neiegkeeten Stories

Den SNES Classic Mini: Kleng, awer immens

Et war keng Iwwerraschung, wei Nintendo ugekënnegt huet, datt nom

Nei Objektiver fir d‘Elektromobilitéit
Neiegkeeten Stories

Nei Objektiver fir d‘Elektromobilitéit

Méi Elektromobilitéit verréngert zwar net am geréngsten d‘Problemer vun der

Si wëllen eng Jughurtsfabrick

Diddeleng a seng Awunner sinn „anescht“ an esou iwwerraschen Si een och an der Politik

Si wëllen eng Jughurtsfabrick

Si gëllt als „Pärel vum Süden“, ass ee kulturellen Hotspot an zanter gefillten dausend Joer eng sozialistesch Héichbuerg. De gudden Ëmgang mat der Natur ass den Diddelenger helleg, sozial Gerechtegkeet a Solidaritéit och… An awer huet de sozialistescher Buergermeeschter mat sengem Schäfferot elo der Ëmweltverwaltung dem Bau vun der Jughurtsfabrick seng Zouso aviséiert.

Den 28. August hat de „Comité de Pilotage du Contrat de rivière du Bassin supérieur de l‘Alzette“ a senger Positioun nach emol zimlech däitlech op déi vill Problemer fir d‘Ëmwelt, wéi och de Besoin u Ressource vun der geplangter Jughurtsfabrick an der Industriezon Wolser higewisen. Déi am Comité vereente Gemengen hunn d‘Regierung gebueden, sech dat nach emol ze iwwerleeën.

Zu Beetebuerg sinn de Buergermeeschter an de Schäfferot och dem Projet vu Fage International S.A. opposéiert. Déi 1. Schäffin vu Beetebuerg, Josée Lorsché (déi gréng), déi och de Virsëtz vun der grénger Fraktioun an der Koalitiounsregierung huet, stellt de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) mat pertinente parlamentaresche Froen (2738 & 3969) ëmmer nees liicht ënner Drock.

Esouguer d‘Waasserwirtschaftsamt hätt, wann se sech zu esou engem Projet dierft, dem Projet kee positiven Avis ausgestallt. Si ruffe bestänneg d‘Bevëlkerung op spuersam an ëmsiichteg mam Waasser ëmzegoen. D‘Jughurtsfabrick géif es dees laut de Previsioune vum Drénkwaassersyndikat SES, 400 Kubikmeter an der Stonn brauchen, firwat se bei „Natur & Ëmwelt“ op d‘Barrikade ginn.

Ee „Jo“ mat Konditiounen a Recommandatiounen

An der Sëtzung vum Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun Diddeleng vum 28. August, wou sech der Commodo- Incommodo Prozedur ugeholl gouf (et hat ganzer 5 Reklamatiounen an 1 mëndlech Observatioun ginn) an och dem Avis vum beoptraagten Ingenieur-Büro (21. August) du Rechnung gedroe ginn ass, waren sech déi Verantwortlech eens, ee positiven Avis ofzeginn.

Klengt verréckt, mee wann esouguer den Ekologeschen-Déngscht vun der Gemeng sech dem Avis vum Büro Simon-Christiansen & Associés uschléisst, mécht esou eng Decisioun nees Sënn. An et gi jo hei elo och Konditioune gestallt, a Recommandatioune gemaach. Esou ass een éischter net begeeschtert wat d‘Inzidenz vun der Jughurtsfabrick op d‘Landschaftsbild betrëfft.

Et gëtt dann och eng Analys vum visuellen Impakt gefuerdert. An engem weider Punkt fuerderen déi Diddelenger eng Aktualiséierung vun der Etüd zum regionale Verkéier Beetebuerg/Diddeleng. Hei solle so bis zu 80 Camionen an nach emol 300 „Liicht-Gefierer“ um Standuert zirkuléieren. Et gëtt dann och bedauert datt et keng Etüd zur Notzung vum Schinneverkéier ginn huet.

Wat den Approvisionnement mam Agrarprodukt „Mëllech“ betrëfft esou hofft een datt déi „kuerz Circuiten“ privilegiéiert ginn, an dat Fage seng Mëllech zu Lëtzebuerg keeft. Et gouf jo och an dësem Avis erkannt, datt déi noutwenneg Logistik en negativen Impakt op d‘Loftqualitéit wäert hunn, a de Schäfferot reklaméiert d‘Opstelle vun enger Loftqualitéit-Miessstatioun.

Den direkten Impakt op Natur an Ëmwelt

Am Paragraph wou et ëm d‘Waasser geet, fënnt een déi selwecht Zuelen erëm wéi se vum Comité de Pilotage opgegraff goufen, an datselwecht gëllt fir déi aussergewéinlech Belaaschtung vun der Uelzecht. Och de Fait, datt d‘Jughurtsfabrick direkt un ee Vulleschutzgebitt/Site Natura 2000 grenzt gëtt ugerass. An dësem Kontext gëtt de Respekt vum Gesetz vum 18. August 2018 gefuerdert.

Déi Diddelenger, déi et net leide kënne wa Liewensmëttel verbëtzt ginn, verlaange vu Fage Alternativen zur Notzung vu Mëllech am Kader vun dënn noutwennege Stress-Tester. Bei esou engem „Test“ ginn tëscht 6 an 8 Tonne Mëllech verhonzt. Dat entsprécht net hirer Léift zur zirkulärer Wirtschaft. Datt awer um Site och soll Biogas produzéiert ginn, gëtt nees begréisst.

Wéi dann um Enn, wou jo gewosst ass datt déi wirtschaftlech Virgabe fir Fage International S.A. déi absolutt Prioritéit hunn, ee positiven Avis erauskënnt, stellen sech engem méi Froe wéi nach virun der Commodo-Incommodo Prozedur. Fage wäert, dat gëllt als geséchert, seng Mëllech net zu Lëtzebuerg akafen an och éischter wéineg d‘Schinn a senger Logistik berécksiichtegen.

Firwat sech dann och net mat den Nopere vu Beetebuerg op eng gemeinsam Linn verstännegt ginn ass, léisst de Schluss zou datt et gehéierlech Rivalitéite muss ginn. Bezunn op de Gedanke vu méi Zesummenaarbecht an der Groussregioun, ass dat ee ganz schlecht Beispill. Ze hoffen dat déi „Fuerderunge“ berécksiichtegt an d‘Recommandatioune behäerzegt ginn, ass och éischter gewot.

Villes geet zu Laaschte vum Steierzueler

An dësem Kontext sollt een dann och déi vum Deputéierte Roy Reding un de Wirtschaftsminister geriichte parlamentaresch Fro betreffend den 1.300 Meter laange Kanal, mat deem d‘Ofwaasser soll an d‘Uelzecht geleet ginn. De Bau vun dësem Kanal soll vum Staat, also vum Steierzueler finanzéiert ginn, wëll dës Erschléissungskäschten (Coûts de Viabilisation) ëmmer am Kontext vun enger nationaler Industriezon „iwwerholl ginn“.

Datt dëse Kanal elo awer aus der Siicht vun der ADR näischt mat der spezifescher Natur vun der Industrieaktivitéit ze dinn huet, ass ee ganz interessanten Awand, besonnesch wou Fage jo schonn de Terrain zu besonnesch gënschtege Konditioune verkaf kritt huet, datt sech de Rechnungshaff (Cour des Comptes) och nach emol mam Dossier beschäftege muss.

De Roy Reding werft zudeem och de Fait op, datt d‘Waasserwirtschaftsamt d‘Oplo gemaach huet, datt dëst Ofwaasser dat an d‘Uelzecht geleet gëtt, muss gekillt ginn. Hie wéist nawell gären, op déi Anlag, déi dëse Virgank iwwerhëlt, elo och vum Steierzueler finanzéiert muss ginn? Eigentlech ass dee ganze Projet, wat den Dossier weider progresséiert, eng eenzeg Kontradiktioun, bezunn op de politesche Wëllen och wirtschaftlech méi nohalteg ze ginn.

Illustratioun: Griichesche Jughurt soll iergendwann an der nationaler Industriezon Wolser zu Beetebuerg-Diddeleng produzéiert ginn. Datt de Projet weder nohalteg nach am Aklang mam nationalen Ëmweltschutzplang ass, dofir als wirtschaftlech Aktivitéit mat héijer Plus-value duergestallt gëtt, weist op en Neits, wiem seng Interesse vun der Politik verdeedegt ginn.

Related topics Beetebuerg, Diddeleng, Ëmweltschutz, Fage International S.A., Industriezon Wolser, Jughurtsfabrick, Nohaltegkeet, Wirtschaftsinteressen
Next post Previous post