Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ungaresche Ministerpresident vu Kritik aus EVP onbeandrockt
International Neiegkeeten

kate de paz dating

Iwwert dem Viktor Orban seng „Campagne géint Europa“ ass ee

dating site recommendations
youtube animal jam online dating
International Neiegkeeten

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure

What the Fakt: Virun 51 Joer koum Dschungelbuch vu Walt Disney an de Kino
International Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 51 Joer koum Dschungelbuch vu Walt Disney an de Kino

Oh dubidu ech wier sou gär wei duhuhu – esou

Sibiresch Keelt: Äiseg Temperature fuerderen iwwer 20 Mënscheliewen

Sibiresch Keelt: Äiseg Temperature fuerderen iwwer 20 Mënscheliewen

Vum Baltikum bis un d‘Mëttelmier, Europa bleift gefaange vun enger äiseger Keelt, déi zanter dem Freideg iwwer 20 Mënscheliewe gefuerdert huet. D‘Englänner nennen et „The beast from the east“, fir d‘Hollänner ass et „De Bier aus Sibirien“, „Schnéikanoun“ a Schweden, oder „Moskau-Paräis“ am Frankräich.

Eng Keelt, déi de Fragiliséierten, deenen ouni Wunneng oder eelere Leit d‘Gesondheet hëlt, an den Transport op d‘Kopp stellt. Äiseg Temperaturen an der Nuecht op e Mëttwoch hu Rekorder opgewisen: -24 op Plazen an Däitschland, -29 an Estland, mee och nach -19 an Tschechien. Bei dëser Keelt si säit e Freideg 24 Persoune gestuerwen.

A Polen sinn néng Leit wéinst der Keelt gestuerwen, dovunner eleng fënnef an der Nuecht op en Dënschdeg. Véier sinn a Frankräich d‘Affer vun den Temperature ginn, woubäi eng Fra vu 90 Joer, déi virum Grill vum Altersheem, wou se gewunnt, opfonnt ginn ass. Doudeger och a Litauen an Tschechien, mee och a Rumänien an Italien huet et Affer ginn. An Estland ginn op de ganze Februar siwe Stierffäll gezielt.

Vun engem Wutz vun Europa op dat anert: d‘Temperature sinn an de Keller gaangen, an d‘Chaudière sinn op Volltoure gelaf. Gazprom huet gemellt, datt d‘Entreprise sechs Deeg hannerteneen Export-Rekorder a Richtung Europa verzeechent huet. Dee leschten e Méindeg, mat 666,8 Millioune Kubikmeter Gas.

Déi déifsten Temperature fir Europa huet et a Schweden ginn, mat -39,6° a Lapland. Zu Flattnitz am Süde vun Éisträich sinn -25,4° gemooss ginn. E Rekord fir de Februar. London huet um Dënschdeg mat Masse vu Schnéi ze kämpfe gehat. An de briteschen Zeitunge ware Fotoen ze gesinn, wou leit mat Rudderbooter um verschneite Cam-River ënnerwee waren. Mee och Biller vu gefruere Wellen zu Weston-super-Mare.

Schnéi an der Bucht vun Neapel

An Italien huet Roum säin éischte Schnéi zanter sechs Joer gesinn. Zu Dolina Campoluzzo, op 1.768 Meter an de Bierger, a keng 100 Kilometer vu Venedeg ewech, huet den Thermometer -40° ugewisen. D‘Regioun Kampanien, ronderëm Neapel, huet säit 1956 net méi esouvill Schnéi gesinn. Och zu Capri, Pompeji an op de Plage vun der Amalfiküst hat sech eng liicht Schnéischicht néiergeluecht.

A Spuenien war Schnéi fir e Mëttwoch ugekënnegt ginn, wouvunner siwe Regioune betraff waren. A Katalounien waren um Dënschdeg Nomëtteg d‘Camionen ugehale ginn an um haidege Mëttwoch fält de Schoultransport aus. Op de Kanareschen Insele, wou mat heftegem Wand ze rechnen ass, fält d‘ganz Schoul aus.

Aus dem Frankräich, wou een esou Keelt net méi kannt huet säit 2005, gëtt och Kuriéises gemellt. D‘Bucht vun Ajaccio op Korsika war um Dënschdegmuere mat Schnéi bedeckt. Dat hat et do säit 30 Joer net méi ginn. Temperature sollen allerdéngs niddreg bleiwen: um Mëttwoch am Norden tëscht -6° a -12°. Fir De Süde sinn Temperaturen tëscht 0° a 6° de Maximum.

Zu Berlin waren et um Dënschdegmueren -14°, wougéint op der Zugspitze (2.962 Meter) an der Nuecht -30,5° gemooss goufen. En 100 järege Rekord fir dës Joreszäit. Am Süde vu Polen war et -20°, am Oste vun der tschechescher Republik -24,6° an a Litauen nach -26° Kal. Am Balkan, op der eigentlech sonneger Insel Hvar (Kroatien) -1°, historesch déif Temperaturen och an Albanien, mat -10° am Kosovo a -20° an de Bierger ronderëm Sarajevo (Bosnien).

An der Schwäiz, weist den Thermometer zu Glattalp (1.850 Meter) -38° un. Eng Géigend déi onbewunnt ass an extrem Wiederkonditioune gewinnt ass. An Holland hunn d‘Amateure vum Schlittschongfuere gemooss op d‘Äis déck genuch wier, wat zu Eindhoven bei -10° nach net de Fall ass.

Schnéi a Glatäis huet och den Transport beaflosst. Vill Verspéidungen an Annulatioune, wéi um Fluchhafen Heathrow (London), wou British Airways 60 Flich huet misse sträichen. Mee och zu Nizza, op der Côte d‘Azur sinn eng ganz Partie Flich ausgefall. De Fluchhafe vun Neapel huet um Dënschdegmuere wéinst Schnéi ganz missen zoumaachen.

De schwieregen Ëmgang mat de Clocharden

E groussen Äisblock, dee vun enger Bréck um Contournement vun Turin op en Auto gefall ass, hat fir e grousse Schreck gesuergt. A Kroatien ass d‘Eisebunnsstreck Zagreb-Split ënnerbrach gewiescht. Dräi Schwaarzmierhafen a Rumänien, an de Fluchhafe Varna am Oste vu Bulgarien hu missen zoumaachen.

Europawäit huet et och e sëllechen Accidenter ginn, besonnesch betraff waren Däitschland, déi baltesch Küst a Schweden. Vill Schoule waren och zoubliwwen, an iwwerall sinn d‘Leit opgeruff ginn en A op d‘Clocharden ze halen.

An der Belsch ass et zu enger eemoleger Entscheedung komm. Zu Etterbeck bei Bréissel, ass ee Reglement beschloss ginn, mat deem d‘Clocharde kënne gezwonge ginn, sech an engem Nuets- oder Noutlager opzehalen. Eng Mesure déi och vu Namur, Charleroi oder Verviers iwwerholl ginn ass. Hei hunn d‘Polizisten d‘Erlaabnes kritt, d‘Clocharden anzesammelen.

Och zu Roum sinn 400 Plaze fir den Accueil vun de Clocharden opgemaach ginn. Domatter hätten elo 1.700 zäitweileg Mënschen en Dach iwwert dem Kapp. Zu Berlin, wou d‘Opfanglager zu 90% beluecht sinn, sinn nach 100 Iwwernuechtungsméiglechkeete geschaf ginn.

mat AFP

Foto: © Jens Büttner/dpa/AFP

Ähnlech Sujeten Keelt, Wieder
Nächsten Artikel Virrechten Artikel