De Rassismus als Aktualitéitsstonn an der Chamber
Rassismus ass eppes wat och an eiser Gesellschaft omnipresent ass.
Rassismus ass eppes wat och an eiser Gesellschaft omnipresent ass.
Um 11. Mäerz 2019 ass den delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung,
Katalanesch Fraen a Männer sinn, duerch eng politiséiert an ofhängeg
D‘Scheedung ass vollzunn, de Brexit ass Geschicht… elo geet et ëm d‘Zukunft, virun allem aus wirtschaftlecher Siicht. Et bréicht en Handelsofkommes an enorm vill Zäit hu se keng. Dofir sollen am Mäerz d‘EU a Groussbritannien, éischt Gespréicher zur Weiderféierung vun de Bezéiunge féieren. Déi 27 hunn hir rout Linnen ofgestach an dem Michel Barnier d‘Verhandlungsmandat ginn.
An de groussen Zich ass festgehale ginn, datt Bréissel de Briten ee Fräihandelsofkommes ouni Douanestaxen a Quoten an Aussiicht. Am Géigenzuch verlaangt d‘EU vu London Garantie fir fair Wettbewerbskonditiounen ouni Sozialdumping. De Verhandlungszäitraum soll Oktober net iwwerschreiden, wat – wann een un de Brexit denkt – d‘Acteuren ënnert entspriechend Zäitdrock.
Den däitschen Europa-Staatsminister Michael Roth huet dann och nach emol ënnerstrach: „Et däerf weder zu Sozialdumping nach Ëmweltdumping kommen“, wat vun der franséischer Staatssekretärin Amélie de Montchalin nach mat engem „et geet drëms d‘Interesse vun den Europäer ze schützen“ ënnerstrach gëtt. Et wäerten entspriechend Kontrollen d‘Ofmaachung begleeden an et mussen och d‘Konditioune fir Sanktioune festgeluecht ginn, falls eng Partei géint den Accord géif verstoussen.
Wichteg am Kontext vun dëse Verhandlungen ass d‘Eenheet vun der Unioun. Eng Eenheet déi et zwar faktesch net gëtt. Woubäi, ëmmer wann ëm Geld a méiglech Virdeeler geet, spillen esouguer d‘Populisten „propper“. A wann dat sech sollt duerchsetzen, also datt sech d‘EU net ausenanerrappe léisst, da kéint et en Deal ginn. D‘Staatssekretärin fir de kroatesche Rotsvirsëtz, Andreja Metelko-Zgombic, huet bestätegt dat een dofir ee „prezis definéiert Mandat“ ausgeschafft huet.
D‘Verhandlungsmandat dat dem Michel Barnier an de Grapp gedréckt ginn ass, huet op 46 Säite gepasst, an deenen de roude Fuedem, d‘Bedeitung vum fairen Handel ass. Et soll elo nach dorëms goen, déi zukünfteg Regele mat belaaschtbaren Zousoen ze ficeléieren. Wien awer d‘Géigesäit, an hei besonnesch de Boris Johnson kennt, weess datt dat alles anescht wéi ee Spadséiergang gëtt.
Vun enger Eenegung bis zum Hiecht sollt een dann och net ausgoen. Regele géint de Sozial- an de Steierdumping sinn de Briten zuwidder a generell huet London duerchblécke gelooss, datt een sech ongär vertraglech op EU-Virgabe festleet. Richteg gestridde gëtt sech mat Sécherheet iwwert de Volet Fëscherei, wou d‘Briten nees d‘Kontroll iwwert hir Gewässer iwwerhuele wëllen. Mee och am Finanzsecteur, beim Dateschutz a bei der EU-Geriichtsbarkeet, dierft et Schnëssstécker ginn.
mat indymedia/bru
Illustratioun: © Guillherme Stecanella / unsplash