Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS
International Neiegkeeten

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS

D‘Weltraumkapsel „Crew Dragon“ vun der US-Entreprise SpaceX, huet no 27

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend
International Neiegkeeten

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend

Et ass de nordkoreaneschen Etat-Major deen d‘Noriicht ausginn huet. Heiranner

What the Fakt – Haut ass den Dag vum léif sinn!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vum léif sinn!

Sou gëtt den 13. November zu engem richteg frëndlechen Datum.

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!

De Lëtzebuerger System gewënnt déi éischt Plaz bei den „Doggy Bags“

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!

De Projet „EcoBox – méi laang genéissen“ begeeschtert duerch d’Dëppche, wat een ëmmer erëm benotze kann a säi System net nëmmen am Alldag, mee elo konnt och nach den 1. Präis an der Internationaler Competitioun vum sougenannten „Doggy Bag“, der finaler Konferenz vu REFRESH zu Barcelona am Mee 2019, beluecht ginn

Mëttlerweil sinn et gutt 25.000 EcoBoxen, déi am ganze Grand-Duché duerch 79 Restaurante circuléieren. Och Kantinnen a Gemenge gräifen ëmmer méi oft op de System zeréck. Momentan ass een dobäi, och aner Plazen ze analyséieren, fir esou de Succès am Alldag weider auszebreeden.

Bei REFRESH (Resource Efficient Food and Drink for the Entire Supply Chain) handelt et sech ëm ee Recherche-Projet an der EU, dee géint d’Liewensmëttelverschwendung ukämpfe well. Bis ewell schaffe 26 Partner aus 12 verschiddenenen europäesche Länner, wéi och der Republik China un der Realisatioun un der nohalteger Entwécklung, déi sech zesummesetzt aus:

  • Den Offall am Commerce an der Consommatioun pro Awunner op d’Halschent ze reduzéieren
  • Liewensmëttelverschwendung op der ganzer Produktiounsschinn an der Versuergung ze vermeiden
  • D’Käschte vun der Offall-Gestioun reduzéieren
  • De Wäert vun de Liewensmëttel-Offäll kommen an net ze vermeide sinn (z.B. Verpackungen) steigeren
Ecobox

© AEV

Méi zur EcoBox

Heibäi handelt et sech ëm eng Aktioun vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a Kollaboratioun mat der Administratioun fir Ëmwelt, der SuperDreckskëscht an Horesca.

De Prinzip besteet dodran de Volume vun Eewee-Verpackungen an d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. Fir de Präis vu 5 € kann de Client säin Iessen, wat en net gepackt huet, mathuelen a spéider dovu profitéieren. D’Dëppche ka souwuel an d’Mikrowell (ouni Deckel w.e.g.!), wéi och an d’Tru. No der Notzung kann een de Behälter ganz einfach spullen an en un de Restaurant zeréck ginn, fir esou professionell propper gemaach ze ginn. Uschléissend kann ee seng EcoBox nees notzen, oder se antauschen.

Méi Informatioune ginn et ënnert www.ecobox.lu.

Ähnlech Sujeten 1. Präis, Doggy Bag, ECOBOX, HORESCA, Klima an nohalteg Entwécklung, Ministère fir Ëmwelt, REFRESH, SuperDreckskëscht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel