Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau
Neiegkeeten

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau

Den ukrainesche President, Petro Porochenko, huet d‘Méiglechkeet vun engem totale

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel
Neiegkeeten

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel

Déi nei polnesch juristesch Autoritéiten, déi hir Existenz nëmmen enger

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden
Neiegkeeten

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden

En huet gestraalt an keen Heel dorausser gemaach, datt hien

Dateschutz – eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Gemengen

Dateschutz – eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Gemengen

De SIGI verëffentlecht e praktesche Guide zum Dateschutz-Reglement RGPD De 25. Mee 2018 ass dat Allgemengt Dateschutzreglement (RGPD/GDPR) a Kraaft getrueden. Dëst Reglement stellt fir d’Gemengen eng besonnesch Erausfuerderung duer.

Wéinst der Komplexitéit vun dëser Legislatioun huet de SIGI op Ufro vun de Gemengen decidéiert, e „GDPR-Handbook“ erauszeginn, also e praktesche Guide, dee sech op hir Froen an hir spezifesch Besoine konzentréiert. Dëst Handbuch leet den Akzent op déi Aspekter vun der GDPR Legislatioun, déi fir d’Gemenge pertinent sinn a gëtt an enger franséischer an enger lëtzebuergescher Versioun ugebueden.

E praktesche Guide op Ufro vun de Gemengen

Dëse praktesche Guide soll kloer a cibléiert Informatioune liwwere souwuel fir déi gewielte Vertrieder vun de Gemengen, déi iwwert d’Entwécklungen am legislative Beräich musse Bescheed wëssen, wéi un déi Leit, déi dagdeeglech an de Gemengeverwaltunge schaffen an déi nei gesetzlech Bestëmmunge korrekt ëmsetze mussen. Op déi Manéier kënne laang an opwändeg Recherchen evitéiert ginn, wat Zäit spuert an hëlleft, méi effizient kënnen ze schaffen.

Kloer a cibléiert Informatiounen

D’Handbook baséiert sech op déi Elementer, déi wärend den Informatiounssëtzungen a bei deenen eenzele Presentatiounen, déi de SIGI am Laf vum Joer a ville Gemengen ugebueden huet, virgestallt gi sinn. Duerch den Austausch mat de Leit vum Terrain konnten déi Froen identifizéiert ginn, déi fir d’Gemengen am wichtegste sinn an an dësem Handbuch zesummegestallt ginn.

De SIGI ass konform mat der neier Legislatioun

De SIGI beschränkt sech awer net drop, just senge Memberen Informatiounen ze ginn. An deene Méint, éier de GDPR a Kraaft getrueden ass, huet de SIGI déi néideg Mesurë geholl fir dass séchergestallt ass, dass seng Systemer a seng Demarchë konform mat der neier Gesetzgebung sinn.

Méi zu SIGI

De SIGI, de Gemengesyndikat fir d’Gestioun vun der Informatik, mat senge méi wéi 130 Experten a Spezialisten, schafft fir 101 vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen, fir zirka 50 Syndikater, Sozialämter a Maisons Relais a collaboréiert sou mat alle Gemengen aus dem Land a mat verschiddene Ministèren. Mat senge 36 Joer Erfarung steet de SIGI senge Clienten zur Säit mat Servicer a Solutiounen op Basis vun Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie. De SIGI huet GESCOM, macommune.lu a COCKPIT entwéckelt.

Ähnlech Sujeten Dateschutz, GDPR, Gemengen, Guide, RGPD, SIGI
Nächsten Artikel Virrechten Artikel