Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?
Auto International https://moien.lu/dating-jim-kirk-would-include/ botanical speed dating

expectations dating site

D’Notzdéier aus Peru gesäit net nëmmen immens léif aus, och

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“
Auto International https://moien.lu/dating-jim-kirk-would-include/ botanical speed dating

D’Kanner vum Foyer Kiem iwwerzeege mam „Ophiotholia cthulhu“

Um leschten Dënschden kruten d’Kanner vum Grupp Créa aus dem

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!
Auto International https://moien.lu/dating-jim-kirk-would-include/ botanical speed dating

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!

Mir maachen nees eng digital Rees duerch eist Land. Erkenns

Silverstone: Komplizéierte Weekend fir de Dylan Pereira

Silverstone: Komplizéierte Weekend fir de Dylan Pereira

Am kader vun der Formel 1 Meeschterschaft, ass déi véiert Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup de leschte Weekend op der renomméierter britescher Rennstreck vu Silverstone ausgedroe ginn. Si ass mat 5.891 Meter déi längste Streck vun der Saison, an d‘lescht Saison, war et fir de Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team hei net gutt gelaf. Et sollt dëst Joer leider net besser ginn.

Silverstone ass déi Streck wou eng Ronn iwwer 2 Minutten dauert, zimlech technesch an esou och eng richteg Erausfuerderung fir d‘Piloten ass. Séier Passagen a Kéiere sinn dann och déi eigentlech Geforen, woubäi dëst Joer de britesche Circuit och nach en neie Belag kritt huet. Domadder sinn d‘Kaarten nei gemëscht ginn. Esou en neien Asphalt, op dee muss ee sech emol astellen.

Donald Trump

© ATP british GP/VM

Beim Lechner Racing Team waren si dann och zolidd beschäftegt. Déi optimal Astellung fir dem Dylan Pereira säi Porsche 911 GT3 Cup ze fannen (Grip, Balance, Fiederung, d‘Spuer an de Flillek) eng Fro vun der Gedold. Woubäi nieft dem techneschen och dat „praktescht“ sollt klappen. Wéi fillt sech d‘Streck un, wou sinn d‘Bremspunkten a wéini kann een am beschte beschleunegen?

Zudeem hat de Lëtzebuerger Espoir géintiwwer der Konkurrenz en zolitten Nodeel. No sengem Crash zu Monaco waren d‘Reparaturen um Dylan sengem Porsche net zäiteg fäerdeg ginn. Dat huet mat sech bruecht, datt de jonke Pilot net un den offiziellen Essaien zu Silverstone konnt deelhuelen. Esou konnt d‘Konkurrenz sech mat der „neier“ Pist familiariséieren, wat e kloren Avantage ass.

Dat bescht draus maachen

Mat 32 Piloten an der Qualifikatioun, kann ee sech d‘Gedrécks op der Pist – och wann se immens laang ass – gutt virstellen, a fir do eng optimal Zäit hinzeleeë geet Kënnen an Talent einfach net duer. Esou war den Dylan am éischten an zweete Secteur mat deene séierste gläich op. Am drëtte Secteur, wou de Lëtzebuerger vun der Konkurrenz behënnert gouf, huet hien awer Zäit leie gelooss.

Et war eng denkbar knapp Qualifikatioun: 0,879 Sekonnen hunn dem Dylan Pereira vun der Pôle-Positioun getrennt, an dat war déi 17. Plaz am Starterfeld. Sécherlech net déi beschte Situatioun, mee de Lëtzebuerger huet sech näischt umierke gelooss. An esou ass hie beim Start wéi vun der Harespel gestach ugezunn, huet direkt déi éischt Géigner iwwerholl a konnt vill Plaze gutt maachen.

Donald Trump

© ATP british GP/VM

Séier hat hie sech no vir geschafft vir an der siwenter Ronn schonn op der 13. Plaz ze stoen. Hei huet hien et du mat sengen Teamkollegen ze di kritt. Déi hunn dem Dylan Pereira d‘Liewen och elo net méi einfach gemaach. Den Tio Ellinas, deen sech op der 12. Plaz virum Lëtzebuerger placéiert hat, ass vun der Rennleitung penaliséiert ginn, wouduerch eise Pilot sech ëm eng Plaz verbessert.

Et war kee gudde Weekend fir de Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing. Et huet wéi ee seet „de Wuerm dra gestach“ an och wann den Dylan Pereira 5 wichteg Punkte fir d‘Championnat kann opschreiwen, zefridde kann hien net sinn. A 14 Deeg steet dat 5. Renne vum Porsche Mobil 1 Supercup un. Da gëtt zu Hockenheim gefuer, wou den Dylan 2018 mat enger 5. Plaz geglänzt huet.

Resultater Silverstone

  • 1. Ayhancan Güven (TR)
  • 2. Florian Latorre (FR)
  • 3. Julien Andlauer (FR)
  • 12.Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Michael Ammermüller (DE) 54 Pkt
  • 2. Julien Andlauer (FR) 49 Pkt
  • 3. Mikkel Overgaard Pedersen (DK) 38 Pkt
  • 11. Dylan Pereira (LU) 13 Pkt

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © ATP british GP/VM

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup, Silverstone
Nächsten Artikel Virrechten Artikel