Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang

An de 37 Joer déi hien de Simbabwe „gefouert“ huet, hat ee gemengt de Robert Mugabe (93) wier onversenkbar. Mee seng Herrschaft huet a nëmmen e puer Deeg Waasser gezunn a war um Méindeg, trotz sengem Widderstand um Ofsaufen. Dofir hat et een, fir dat Land ongewinnten, Virspill ginn.

Hei dann elo a sechs Akten de Réckbléck op zwou Woche „Wahnsinn“, déi de leschte Regimm deen aus dem Kampf géint de Kolonialismus entstanen ass, an d‘Knéie gezwongen hunn.

Tabula rasa

De 6. November huet den Informatiounsminister, Simon Khaya-Moyo matgedeelt, datt de Staatschef säi Vizepresident Emmerson Mnangagwa „vrun d‘Dier gesat huet“ well hien dee beschëllegt huet net loyal ze sinn.

Zu Harare war dat elo keng Nouvelle déi iergendeen iwwerrascht oder erstaunt hätt. Zanter Wochen huet déi „éischt Dame“, d‘Grace Mugabe de Vizepresident erofgemaach. Keng Ligen, keng Beleidegung fir déi sech d‘Grace Mugabe ze schued gewiescht wier. Grond: de Mnangagwa huet hir de Wee zur Muecht verspaart.

Kaum datt een de Vizepresident op d‘Strooss gesat hat, huet deen, wou am Land d‘Krokodil genannt gëtt, säin Exil bekannt ginn. Mee hie fuerdert d‘Presidentekoppel oppen eraus a schwiert zréck ze kommen, fir sech un d‘Spëtzt vun der Partei (un der Muecht) der Zanu-PF ze setzen.

An der Haaptstad verbreeden sech d‘Rumeuren, déi aus dem Mugabe senger zweeter Fra déi nei Vizepresidentin maachen. De Wee schéngt also fräi fir, wann de richtege Moment do ass, d‘Plaz un der Spëtzt vum Land ze „iwwerhuelen“.

Cassus belli

Dës lescht „Extravaganz“ vun der Famill Mugabe kënnt an de Reie vun der Arméi net gutt un. De Chef vum Etat-Major, de Generol Constantino Chiwenga ass esou wéineg „begeeschtert“ dat him de Kolli platzt.

Et kéint jo guer net sinn, esou seng Beuerteelung vun der Situatioun, datt dat onkontrolléierbart Grace sengem Kandidat, dem Emmerson Mnangagwa, Held vun der Befreiung a Grondstee vun der Sécherheet vum Land, vum Spillfeld verbannt.

„Déi aktuell Säuberung, déi ganz kloer d‘Parteimembere viséiert, déi am Onofhängegkeetskrich hir Leeschtungen erbruecht hunn, muss direkt ophalen“, esou de Generol Chiwenga am Drillech an an der Roserei, bei enger eenzegaarteger Interventioun virun der Press um 13. November.

„D‘Arméi wäert net eng Sekonn zécken anzegräifen“ huet hien do nach gewarnt.

Solve Senescentem

An fir déi éischte Kéier zanter der Onofhängegkeet am Joer 1980, iwwertrëtt d‘Arméi de „Rubikon“. An der Nuecht vum 14. op de 15. November stellt de Generol seng Panzer an der Haaptstad op. Wien elo e Fixspoun umécht riskéiert d‘Flam net méi de gesinn.

D‘Operatioun verleeft roueg, offiziell ass keen Affer ze bekloen, mee et ass awer ronderëm sech geschoss ginn. Dat besonnesch beim „Bloen Dach“ dem Grondstéck vum President, deen dann och zackeg ënner Hausarrest gesat ginn ass, mat der ganzer Sippschaft.

Um fréie Moien huet sech dunn e Vertrieder vum Etat-Major op déi national Tëlee „agelueden“ fir matzedeelen, datt et sech hei net ëm e Putsch handelt, mee enger Moossnam géint kriminell Elementer am Ëmfeld vum President. Rieds ass, ouni datt se mam Numm géife genannt ginn, vun all de komesche Gesiichter déi ronderëm d‘Grace schwiewen.

Harare bleift roueg, bal schonn erliichtert dat et mat der Herrschaft vum Mugabe zu Enn geet.

Risum teneatis

Mee den ale Mann, konsequent an hannerhälteg, huet net wëlles einfach esou d‘Handduch ze geheien. De 16. November begéint hien eng éischte Kéier de Generäl déi him däitlech maachen datt et „Zäit ass ze goen“. Stur a bockeg refuséiert hien seng Demissioun op den Dësch ze leeën.

De 17. November trëtt de Robert Mugabe eng éischte Kéier, säit der Interventioun vun der Arméi, ëffentlech op. Mat enger bloer Toga gekleet an de passenden Hutt derbäi, presidéiert hien eng Zeremonie an enger Universitéit vun Harare, wou Diplomer iwwerreecht ginn. Heibäi schléift hie gemittlech a senger grousser hëlzener Fautel an…

Servum Pecus

Trotz senger Sturheet gëtt de Krees vun deenen déi zou him halen, ëmmer méi kleng. „Seng al Komeroden“ aus dem Onofhängegkeetskrich sinn déi éischt déi him de Réck zou dréinen.“D‘Spill ass aus“ seet hie Chef de Christopher Mutsvangwa.

Um Samschdeg 18. November, ginn dausende Manifestanten op d‘Strooss vun den Haaptstied vum Land: Harare a Bulawayo. Si jäizen „Bye Bye Mugabe“ oder „Äddi Bopa“. Et sinn Zeenen déi een sech nach viru Wochen net hätt kënne virstellen. D‘Manifestante verbriddere sech mat der Arméi, dem léifste Repressiv-Mëttel vum Regimm.

Um Sonndeg schéngt dem Mugabe seng Herrschaft gelaf ze sinn. An enger Drénglechkeetssëtzung huet d‘Zanu-PF him d‘Mandat als President vun der Partei entzunn an schléisst gläichzäiteg d‘Grace aus der Partei aus.

Zu Harare denkt e sech, datt et elo sécher ass. Hie wäert jo elo bei sengem offiziellen Optrëtt op der Tëlee säi Récktrëtt ukënnegen.

Favete linguis

Ëmgi vun Zaldoten an Offizéier, liest de Robert Mugabe an engem Englesch aus vergaangenen Zäiten seng laang Deklaratioun. Doranner erkennt hien un, datt eng gewësse Kritik ubruecht ass, mee priedegt d‘Eenheet an d‘Versöhnung.

De Mugabe verfänkt sech a sengem Text a brécht of… ouni unzekënnegen, datt hien zrécktrëtt. Alt nees eng Provokatioun méi, well hien och nach verséchert, datt hien de nächste Kongress vun der Zanu-PF wäert presidéieren.

Am Land ass een iwwerrascht an enttäuscht. De „Kinnek“ huet nach net ofgedankt mee steet ënner der Bedreeung haut Dënschdeg ofgesat ze ginn.

Hie gëtt sech es net midd mat der Arméi ze schwätzen. Déi hunn him „Garantien“ zougeséchert wann en dann endlech opgëtt. Leschte Meldungen no, soll hien sech och nees mam „Krokodil“ verstännegt hunn. Dee soll a kierzt nees an d‘Land kommen.

mam Susan Njanji

Foto: Studente vun der Universitéit zu Harare hale Plakater héich mam Portrait vum Emmerson Mnangagwa an fuerderen, datt d‘Grace Mugabe säin Doktertitel soll zréckginn. D‘Herrschaft vum Mugabe ass um Enn. © AFP