Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrycool
Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet
Neiegkeeten Stories

Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet

Sech net méi mam G20-Sommet ze befaassen, just wëll dësen

money
ECOFIN: Wat bréngt d‘Zukunft?
Neiegkeeten Stories

ECOFIN: Wat bréngt d‘Zukunft?

Dëse 7. an 8. September hunn sech zu Wien, am

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen
Neiegkeeten Stories

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen

Se ass kleng d‘Asbl Hand an Hand fir Afrika, mee

De „biologeschen“ aus dem héijen Norden: Simon bio

De „biologeschen“ aus dem héijen Norden: Simon bio

Mam Simon Bio huet een en net gefilterte Pils am Glas, woubäi d’Bezeechnung „bio“ dësem Béier richteg gutt ze Gesiicht steet. Hie gëtt enger Nofro an engem Trend gerecht, déi eis Welt alt nees eppes besser mécht. Garantéiert fräi vu Pestiziden, a mat beschter Bio-Geescht a spezieller Hief gebraut, ass dëse Bio-Béier, en äerdegt Lëtzebuerger Produkt.

En ass mat senge 4,8% Alkoholgehalt schéi „ronn“ am Geschmaach, a schmaacht am beschten bei enger Temperatur ëm déi 5°C. Entstanen ass de Simon Bio schonn 2014, an huet sech zanterhier am Land ganz gutt duerchgesat kritt. Seng Faarf ass déi vum Summer, an hien dréit d’Sonn a sengem Häerzen. An e gëtt mat vill Léift an enger vun den eelste Familljebrauereien hiergestallt.

Mir konnten eis dann och op der Plaz an der Simon Brauerei e Bild maachen, an duerften e Bléck an d’Braukichen aus de 60er Joren werfen, wou eis de Pierre Forthomme, an d’Geheimnisser vun der Braukonscht agefouert huet. Interessant ass, datt d’Brauerei sech iwwer méi Gebaier erstreckt, déi iwwer Tunnelle matenaner verbonne sinn. Esou gelaangt de Béier ëmmer dohinner wou hien higehéiert.

En Traditiounsbetrib mat Wäitsiicht

Viru bal 200 Joer huet de Gierwer Georges Pauly sech beim Schäfferot vun der Gemeng Wolz eng Autorisatioun ugefrot, fir op sengem Terrain eng Brauerei opzeriichten. Hien huet seng Erlaabnes de 24 September 1824 erhalen. 1891 hunn de Charel Mathieu an de Jules Simon d’Brauerei fir de Präis vu 45.000 Frang ersteet. 15 Joer méi spéit huet de Charel Mathieu de Betrib verlooss.

Esou ass d’Brauerei ganz an de besëtz vun der Famill Simon iwwergaangen. Dem Jules säi Fils Joseph, Buergermeeschter vu Wolz an Deputéierten um Krautmaart, huet 48 Joer laang de Betrib geleet, iert seng eenzeg Duechter Jacqueline, d’Leedung vun der Entreprise iwwerdroe kritt huet.

Simon

An dësen „anzestrale“ Mauere gëtt den artisanale Béier gebraut. Iwwer Tunnellen ass d‘Braukichen mat allen anere Statioune verbonnen. D‘Technik ass haut awer um neiste Stand. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dem Jacqueline Simon hire jéngste Fils, de Jacques Fontaine, huet 1975 seng Mamm un der Spëtzt vun der Entreprise ofgeléist, a setzt dem Grousspapp säin Dram ëm, andeems hien eenzege Besëtzer vun der Brauerei Simon gëtt. Am Joer 2003, iwwerhëlt dann dem Jacques seng Duechter, d’Betty de Familljebetrib. Haut ass d’Brauerei Simon an der fënnefter Generatioun a Familljebesëtz.

D’Simon Brauerei konzentréiert sech op de nationale Maart, an huet sech seng Plaz als Produzent vun artisanalem Béier reedlech verdéngt. Nieft senge „Klassiker“ (Pils – Regal – Spelz) gëtt et nach siwe weider Zorten, an et eis net méiglech e klore Favorit ze bestëmmen, si sinn einfach ze gutt…

Foto: De Simon Bio, zanter 2014 net méi ewechzedenken. An dat ass och gutt esou. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Craft Beers, Simon Bio, Simon Brauerei, Wolz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel