Search

You may also like

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
Neiegkeeten Stories

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

De nordkoreanesche Rakéite-Feuilleton
Neiegkeeten Stories

De nordkoreanesche Rakéite-Feuilleton

Op en Neits huet de südkoreaneschen Etat-Major vun der Arméi

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!
Neiegkeeten Stories

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!

D’Stad Lëtzebuerg wëll d’Ëffentlechkeet doriwwer informéieren, datt d’Badanstalt (Rue des

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz

Fir déi eng ass e „brong“ fir déi aner „Rubin-Rout“, mee fir se alleguerten ass et de Chrëschtbéier vun der Brauerei Simon zu Wolz. Mat 6,7% Alkoholgehalt huet de Simon Noël richteg Wuppes – et ass jo e sougenannten „Doppelbock“ an awer ass hien en doucen. Trotzdeem, et soll een hie mat Mooss a gutt gekillt genéissen. Dëse Chrëschtbéier gëtt et dann och nëmmen zu dëser Joreszäit.

Interessant sinn déi ënnerschiddlech Aromaen déi ee beim Simon Noël erausschmaache kann. Esou eng licht Nout vu schwaarzem Schockela, an en hauch vu Marzipan. Eppes méi present, de Kaffisgoût. Dat ass der karamelliséierter Geescht geschëlt, déi och fir déi wonnerschéi Faarf vum Chrëschtbéier verantwortlech ass. An leeft iech d‘Waasser schonn am Mond zesummen?

Vum „Corpus“ hir ass de Simon Noël net ze schwéier, huet eng schéi fest Kroun a sollt onbedéngt aus engem „Glas mat déckem Bauch“ gedronk ginn. Dat ass wichteg, fir dat hie déi ganz Bandbreet u Sensatiounen ëmfänglech entfale kann. Hien huet et gäre mat Respekt behandelt ze ginn, et ass kee vun deenen déi een sech ze séier averleiwe sollt. Dofir erfëllt hien all d‘Uspréch…

Simon Noël

Wéi der gesitt, et ass gutt virgesuergt ginn. Verständlech, de Simon noël ass esou lecker, datt jiddereen eppes dovunner wëll. © Martine de Lagardère/moien.lu

De „Klengen“ ass e richteg „Groussen“

D‘Brauerei Simon vu Wolz, ass aus wirtschaftlecher Siicht e klengen Acteur, dee sech op den nationale Maart konzentréiert. Si ass awer richteg grouss, wann ee vun enger artisanaler Brauerei schwätzt. Bei Simon huet een dat néidegt Fangerspëtzegefill déi Nischen auszefëllen, déi duerch d‘Demande vun de Konsumente geschafe gëtt. Hei huet d‘Handwierk nach Zukunft.

Déi vu Simon si fest mat hirer Géigend verbonnen“ heescht et, an d‘Tatsaach datt bal all Employé aus dem noen Ëmfeld vun der Brauerei hierkënnt ënnersträicht dëse Statement. A si wëssen et och den Ënnerscheet zur industrieller Konkurrenz ze maachen. Esou gëtt net nëmme vill Léift an Aarbecht an de Béier investéiert, nee och dem Client géinteniwwer ass een ëmmer opgeschloss.

Flott och d‘Konzept: an der Mooss vum méiglechen, gëtt mat Landwirt an anere Partner aus der Regioun zesummegeschafft. Global denken an lokal handelen, ass fir d‘Direktioun vun der Simon Brauerei net einfach e Sproch, hei gëtt dat ganz eescht geholl. An op d‘Geescht, de Weess oder den Dinkel, alles gëtt vu Lëtzebuerger Landwirt no strengen Ëmweltkritären hiergestallt.

Foto: Passend fir d‘Feierdeeg: de „Simon noël“ © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Adventskalenner, artisanale Béier, Chrëschtbéier, Craft Beers, Simon Brauerei, Simon Noël
Next post Previous post