Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?
Neiegkeeten

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?

Lëtzebuerg, esou d‘Etüd „Global Automotive Executive Survey 2019“ déi gëschter

Opruff vum STATEC
Neiegkeeten

Opruff vum STATEC

De STATEC fuerdert all Eenzelpersounen, Haushälter a Betriber op, weiderhin

Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note
Neiegkeeten

Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note

Datt déi gréng hire parlamentaresche Bilan am „Syriously“ virgestallt hunn,

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg

Och am Kontext vun engem Partenariat mat dem demokrateschste vun allen asiatesche Länner, sinn um Mëttwoch d‘Gesetzer 7458 a 7459, zum Investitiounsschutz an eben der Kooperatioun tëscht EU a Singapur – wat zu Bréissel den 19. Oktober 2018 aktéiert gouf – gëschter mat vill Nodrock an deels esouguer Begeeschterung vun de Koalitiounsmajoritéit ugeholl ginn.

Singapur ass am ASEAN-Staatebond dat wat Lëtzebuerg an der EU ass: eng Finanzplaz an ee Fuerschungszenter. Allerdéngs mat 10 mol esouvill Awunner wéi Lëtzebuerg, op eppes manner Fläch. Fir béid Gesetzer war d‘Lydia Mutsch (LSAP) als Rapportrice bestëmmt ginn, an och si, bezitt eigentlech just op den Investitiounsschutz fir zu Lëtzebuerg usässeg Investisseuren.

Dës Gesetzer wiere wichteg a richteg, well si fir en Héchstmooss vun Transparenz suergen, an wéi een aus dem Debat ronderëm den Investitiounsschutz am Kontext vu CETA weess, wëll Lëtzebuerg nëmmen nach esou Accorde matdroen. ASEAN ass den drëttgréisste Wirtschaftspartner vun der EU, an, grad wéi Kanada och, ee laangjärege Partner vun eisem Land an dat a ville Beräicher.

Singapur a Lëtzebuerg verbannen d‘Fuerschung, d‘Finanzdéngschtleeschtungen an d‘Informatik, fir emol déi wichtegst Secteuren ze ernimmen. Dofir huet déi fréier Escher Buergermeeschtesch dann och op den Artikel 30 vun dësem Accord higewisen, dee den Echange vun Technologien a Fuerschung fërdert. Zudeem huet Singapur villes mat eis gemeng, wat se sympathesch mécht.

Bis op Detailer ass ee Gläichgesënnt

Et wier en oppent Land, esou d‘Lydia Mutsch, Singapur géif – wéi och Kanada – sech ganz staark a mat Nodrock fir de Multilateralismus asetzen, si sinn de Coordinateur fir d‘Zesummenaarbecht am ASEAN-Staatebond. Dat Allerwichtegst awer, Singapur ass eng Finanzplaz, an dat ass jo wierklech eppes, wouropper ee sech beruffe kann, wann et engem wichteg ass, d‘Seriositéit ze ënnermaueren.

Gutt d‘Sozialistin huet net verheemlecht, dat et eng Rei Punkte gëtt, déi Singapur elo net esou gutt zu Gesiicht stinn: Pressefräiheet geet awer mëttlerweil och hei am Land iwwerschätzt, dat mat der Doudesstrof ass éischter en Detail; datt si et net esou mat de Mënscherechter sinn muss wuel dem kulturellen Ënnerscheet geschëlt sinn an dat d‘LGBTQI-Communautéit drangsaléiert gëtt, ass Pech.

Wat d‘Mënscherechter betrëfft, esou sinn am Artikel 23.2.c „Diskussioune“ virgesinn an et wier och méiglech, béi grave Verstéiss den Accord ze denoncéieren. Datt dee Fall wuel éischter ni wäert zum droe kommen, dat well et Interesse gëtt déi wäit iwwert d‘Mënscherecht vum eenzele ginn. An et muss jo och, elo wou sech d‘USA „eppes zeréckgezunn“ hunn, d‘Geleeënheet notze wa se sech bitt.

Dem Claude Wiseler (CSV) war net no Gestreits, ass op ee puer wéineg Punkten agaangen an huet erkläert, datt seng Fraktioun och bei dësem Vott muss vrun d‘Dier goen. Ganz anescht do de Gusty Gras (DP) deen dës Gesetzer fir mindestens esou wichteg hält, wéi de Luc Frieden all Jeton deen aus engem Sëtz an engem Verwaltungsrot ze schloen ass. Et wier awer net onproblematesch…

Finanze statt Demokratie schützen

Esou huet de Gusty Gras drop higewisen, datt wann ee sech ab dräi Persoune wëll versammelen, da brauch een dofir zu Singapur eng Geneemegung. A jo Singapur wier elo net wierklech „liberal“, wat wuel heesche soll, datt et keng Demokratie ass. Dofir hunn se Geld, a wien Geld huet, mat deem sollt een sech, och wann d‘Konditiounen net déi beschte sinn, onbedéngt weider ënnerhalen.

D‘Stephanie Empain (déi gréng) huet hirersäits drop higewisen, datt béid Dossieren (CETA & Singapur) enk matenaner verknäppt sinn. Si huet sech méi oder wéineger der selwechter Argumentatioun wéi beim CETA bedéngt, an schéngt (politesch) iwwerzeegt ze sinn, dat déi kleng Onannehmlechkeeten déi genannt goufen am Dialog mat Singapur ze léise sinn.

Si betount awer, datt hir Partei den Dossier ganz kritesch begleet hätten, mee déi wierklech ganz propper ausgeschafften Amendementer leider net un de Mann, oder d‘Fra, bruecht hunn. Den ICS misst en esou laang unhuelen, bis et ee multilateraalt Geriicht geschafe gëtt. De Partenariatsaccord géif d‘Basis fir déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht bidden, dat anert wier just ee Knécks…

Dat gräift de Fernand Kartheiser (ADR) op a verweist drop, datt sengerzäit déi gréng, bei TTIP & CETA mam Argument vun de Mënscherechter (am Kontext vum Aarbechtsrecht) Stuerm gelaf sinn an elo wier dat ee kleng Knécks. Esou krass huet wuel nach keen déi eege Kredibilitéit iwwer Bord geworf. D‘Verurteelung vun Homosexuelle Mënschen a Verstéiss géint Mënscherechter si Passé.

Wann ee sech zum Blitzableiter mécht

Den David Wagner (déi lénk) huet sech du emol misse selwer pëtzen, war hien dach der Meenung, et wier ee schlechten Dram; dat war et leider net. „Verstéiss géint Mënscherechter an d‘Aspäre vu Mënschen déi sech op eng gläichgeschlechtlech Partnerschaft aloossen als ee Knéck ze verklären“, ass, esou den Deputéierten onverständlech. Mee et geet jo och ëm iwwerguerdent Interessen.

Huet net emol geheescht et géif een nëmme Verträg mat demokratesche Staaten/Länner maachen? Fir den David Wagner ass d‘Argumentatioun vum Stephanie Empain „krank“. Dräi Stonne laang gëtt erkläert datt Kanada eng Demokratie ass an eis Wäerter deelt, datt ass erwisenermoosse bei Singapur net de Fall. Wien an esou engem Land Investitiounen tätegt, weess op wat hie sech aléist.

De Sven Clement (Piratepartei) ass net méi op d‘Mënscherechter agaangen, seng Virriedner hunn dozou alles gesot. Hie weist dann awer och op den eigentlech eenzeg wierklech bestoende Grond hinn: d‘Finanzplaz. D‘Banken zu Lëtzebuerg an d‘Fonds-Gesellschafte brauche Singapur, mee och den europäesche Militärkomplex, brauch dëst Ofkommes fir den Ëmsaz nach eppes ze steigeren.

Den Ausseminister Jean Asselborn ass wuel och net Frou wat déi „negativ“ Punkten ugeet, mee et wier jo en Accord tëscht der EU a Singapur, an géif jo bei dëse Gesetzer net ëm den eigentlechen Accord, mee just ëm d‘Schiidsgeriichter goen. Jo de Stengeforter Aussepolitiker huet seng Suerge mee, wann engem d‘Hänn gebonne sinn, muss e wuel eppes Ofstrécher a Kaf huelen.

Mat 35 Jo zu 4 Nee Stëmmen, sinn och dës Gesetzer vun der Majoritéit duerchgesat ginn. Domatter huet déi als Gambia bezeechent Koalitioun vu Liberalen, Sozialisten a Ekologisten, entgéint de bestoende Gesetzer zu de Mënscherechter an der LGBTQI-Communautéit hei zu Lëtzebuerg, op internationalem Niveau eng ganz nei Positioun ageholl. Als nächst dann en Deal mat Saudiarabien?

Foto: D‘Stephanie Empain vun den déi gréng, ass net begeeschtert, datt Singapur net esou ganz demokratesch ass wéi si sech dat wënschen. Mee déi gréng sinn an der tëscht och mat der Finanzplaz Lëtzebuerg deraart enk Verbonnen, datt si fir dären hire Profit och bereet sinn – zumindest op internationalem Plang – d‘Mënscherechter a „Klameren“ ze setzen © Chambre des Deputés/Flickr

Ähnlech Sujeten déi gréng, Demokratie, Investitiounschutz, Mënscherechter, Partnerschaft, Singapur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel