Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Parlament stellt sech queesch
Money Neiegkeeten

EU-Parlament stellt sech queesch

Dee vun de 27 Staats- a Regierungscheffen ënner Schmäerzen ausgehandelte

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz

Scho säit 1995 gëtt haut den Dag vun der Toleranz

Google: Spannend Gemengerotssëtzung zu Biissen erwaart
Money Neiegkeeten

Google: Spannend Gemengerotssëtzung zu Biissen erwaart

Wann déi eelef Kommunalpolitiker sech haut den Owend zu Biissen

money

Sinn d‘Solde bis eriwwer, ginn d‘Präisser nees an d‘Luucht

Sinn d‘Solde bis eriwwer, ginn d‘Präisser nees an d‘Luucht

Wa während de Solden am Summer d‘Präisser kuerz bis an de Keller ginn, an d‘Geschäftsleit sech hirem Stock entleedegen, da freet sech de Konsument. Leider hält dës Zäit seele laang un, a kuerz drop, mat den neie Kollektiounen, klëmmt och nees de Präis.

Esou stellt de STATEC fest, datt am Secteur vun der Bekleedung an de Schong, am August de Präis vun den Artikelen ëm 16,5% ugehuewe ginn ass. D‘Statec stellt an och eng generell Deierecht vun +1,4% géintiwwer dem August 2017 fest. Fir Bekleedung muss een dëst Joer +0,7%, bei Schong +1,2%, méi bezuele wéi nach zejoert.

D‘Pëtrolspräisser si mat +0,2% relativ stabil bliwwen, an hänkt mat de Masuttspräisser fir d‘Hëtzes zesummen. De Bensin ass 1% méi deier wéi nach 2017, dofir ass den Diesel ëm 0,4% méi bëlleg ginn. Dorausser ergëtt sech eng Inflatioun (ouni d‘Pëtrolsproduiten) vun 0,6% op ee Mount.

D‘Servicer a Prestatiounen si méi deier ginn

Méi deier gi sinn och: de Coiffeur, d‘Maintenance vu Gebaier, den Entretien an d‘Reparatur vum Auto, an de Besuch beim Dokter. Och den Tourismussecteur huet eng Hausse ze mellen. Esou ware Pauschalreesen am August 1,4% méi deier wéi nach am Juli. De Fligerbilljee ass 4,2% méi deier.

Bei de Liewensmëttel sinn d‘Präisser wäitleefeg Stabil bliwwen. Dat erkläert sech doduerch, datt d‘Hausse bei de Präisser fir frëscht Uebst a Geméis, Fett an Ueleg, duerch eng Baisse vun de Präisser fir Fësch, Kaffi oder Téi opgefaange goufen. Op d‘Joer gekuckt, muss de STATEC eng generell Hausse vun 2,3% notéieren.

Den Inflatiounstaux läit am August bei 1,6%. Dat ass keng enorm Differenz géintiwwer dem Juli, wou den Inflatiounstaux 1,5% bedroen huet. Beim STATEC geet een dann och net dovunner aus, datt et an de nächste Méint zu enger Indextranche sollt kommen.

Ähnlech Sujeten Indextranche, Inflatioun, Solden, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel