Search

You may also like

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach
International Neiegkeeten

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

Wann e sech de Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun

surprise
D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert
International Neiegkeeten

D‘Zäitspuerkonte ginn elo am ëffentlechen Déngscht agefouert

D‘CGFP kënnt gutt virun, zumindest mat der Regierung an hei

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?
International Neiegkeeten

Ass eng Ëmverdeelung vun de Migrante méiglech?

Et schéngt sech endlech eppes ze doen an der europäescher

SIPRI: Et gëtt massiv opgerëscht!

D‘Weltmuechte gesi grouss Bedreeungen op eis duer kommen an drécke jidderengem e Waff an de Grapp

SIPRI: Et gëtt massiv opgerëscht!

Während zu Madrid d‘UN-Weltklimakonferenz COP25 opgefouert gëtt, spillen d‘Weltmuechten an hir Militär-Komplexer op enger ganz aner Bühn e schadderegt Koméidistéck. Et geet vill Konflikter an déi hunn och Besoinen, a wou et keng Konflikter gëtt ginn der erbäigefouert an esou nei Besoine geschafen. Nieft Politik, Drogen an Houeren ass si Waffen ee gäilt Produkt fir Goss ze maachen.

An a punkto Oprëschtung ginn nees nei Rekorder gemellt: déi 100 „wichtegst“ Waffenhiersteller hunn den Ëmsaz 2018 ëm gutt 4,6% gesteigert, datt sinn eng 420 Milliarden US-Dollar (also dat véierfacht vun deem wat d‘Weltgemeinschaft versprach huet an de Klimafonds ze stiechen) an déi bescht Verkeefer schwätzen „amerikanesch“. 60% vun alle Waffen op der Welt kommen aus USA.

Gutt datt d‘NATO iwwerzeegt ass, datt China eng militäresch Gefor, oder zumindest eng Bedreeung duerstellt. „Gefore“ fërderen d‘Vente vun déidleche „Moossnamen“ an dat ass jo och bekanntlech dat eenzegt wat dee Mann mam „Ech schéissen dech dout“-Tourettsyndrom zu Washington gären héiert. Leider kafen net all d‘NATO-Partner beim amerikaneschen Epicier den Dout an…

Waffe brauch jiddereen

Laut dem Stockholmer Friddensinstitut SIPRI sinn déi héich Verkafszuelen der gudder Lag um Maart geschëlt, woubäi an hirem Analys d‘Rëschtungsgidder aus China erëm net berécksiichtegt goufen, wat si domatter erklären, datt et net genuch Date fir eng verléisslech Etüd gëtt. Mee och wann et déi géif ginn, et ass net dovunner auszegoen datt si d‘USA statistesch iwwerbidde géifen.

Et ass zanter 2002 (ab dësem Joer kann sech SIPRI op verléisslech Daten och aus Russland stäipen) fir d‘Éischt, datt déi fënnef Spëtzepositiounen un US-Waffekonzerner ginn. Déi als „the deadly 5“ bekannten Entreprise sinn: Lockheed Martin, Boeing, Northrop Grumman, Raytheon an General Dynamics. An déi hunn alleguerten absolut keen Interessi dorunner datt Fridden herrscht.

Dat bréngt awer esouwuel Begierte wéi nei Tendenze mat sech. Ëmmer méi kleng Entreprise gi vun de grousse Konzerner geschléckt. Dat erkläert sech laut SIPRI dorunner, datt den US-President 2017 e grousse Moderniséierungsprogramm ugekënnegt hat, a jiddereen déi Milliarde Steiergelder fir sech ofzweige wëll. Fir besser Chancen ze hunn fusionéieren dann an den USA och déi Grouss.

Europa erfreet sech um Dout bedeelegen ze dierfen

24% vun de Weltwäit verkaafte Waffe kommen awer och aus Europa. Déi an der SIPRI-Lëscht opgefouert 27 Waffenhiersteller hu fir 102 Milliarde Waffe verklappt (+0,7%). D‘Briten déi wéinst hirer exzellenter Brexit-Politik eng Baisse vu -4,8% musse verquëssen, hunn hire franséische Frënn vun der „Mord an Doudschlag-Industrie“ eng Hausse vu +2,4% abruecht, bleiwen awer Leader.

D‘Russe mussen sech ervirdoen an kënnen hire Waffenhandel stabiliséieren. Déi 10 opgelëschten Entreprisen aus Russland hu Waffen a Waffesystemer am Wäert vu 36,2 Milliarden US-Dollar op de Maart bruecht. Zanter kuerzem sinn och NATO-Partner vu russesche Waffesystemer iwwerzeegt a setzen déi elo an. Vläicht hätt Lëtzebuerg statt Google, Heckler & Koch zu Biissen usidele sollen…

Wéi och ëmmer, wat elo de Bericht vu SIPRI ugeet, deen duerchaus ëmfangräich an zimlech informativ ass, esou bezitt dee sech op de Verkaf vu militäresche Gidder an Déngschtleeschtungen. Laut de schwedesche Friddensfuerscher, huet global betruecht, de Waffenhandel zanter 2002, ëm ronn 47% zougeholl. Wann dann elo nach ee mengt de Klima géif eescht geholl, weess e Bescheed.

mat indymedia/sto

Foto: Anne Gathow / Pixabay

Related topics Konflikt, Krich, SIPRI, USA, Waffenhandel
Next post Previous post