Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si hunn de Minister beim Déierenasyl ausgesat…
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-pulsar-watches/

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

dating separated muslim man
International Neiegkeeten

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin

Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung

surprise
Blues‘n Rock Beaufort: Am klenge Krees mat vill gudde Frënn
International Neiegkeeten

Blues‘n Rock Beaufort: Am klenge Krees mat vill gudde Frënn

Op een elo kéint behaapten et wier dee klengste Festival,

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell

D‘Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet haut säi Bericht iwwert d‘Waffenexporter fir den Zäitraum 2014-18 verëffentlecht. An dësem bestätegt sech, datt déi amerikanesch Waffenindustrie op en neits déi beschte Geschäfter gemaach hunn. Frankräich, d‘Nummer „Dräi“ huet dogéint „nëmmen“ 7% Undeel; Däitschland läit mat 6% op Rang „Véier“ esou just viru China (5%).

De Volume vum internationale Waffen-Transfert am Zäitraum 2014-18 läit 7,8% iwwert deem vun 2009-13, an 23% iwwert deem vun 2004-08. Dat ass den éischten traurege Fazit, deen aus dem haut verëffentlechte Rapport vum „Stockholm International Peace Research Institute“ (SIPRI) ze zéien ass. Déi gréissten „Acteure“ sinn d‘USA, Russland, Frankräich, Däitschland a China. Op hire Kont gi 75% vum weltwäite Waffenhandel. Déi meescht Waffe sinn an den noen Osten exportéiert ginn.

Amerika déi onbestridden Nummer 1

Tëscht 2009-13 an 2014-18 hunn d‘USA hiren Export ëm 29% erhéicht. Domatter klëmmt den Undeel vun den USA am globale Waffenhandel vun 30 op 36%. Esou huet sech dann och den Ofstand zu Russland vergréissert: den US-Export läit ronn 75% iwwert deem vun der russescher Federatioun fir den Zäitraum 2014-18. Zum Verglach: am Zäitraum 2009-13 huet dësen Ecart nach bei 12% geleeën. Iwwer 50% vum US-Waffenexport war fir den noen a mëttleren Oste bestëmmt.

„D‘USA hunn nach emol hir Positioun als éischte Waffeliwwerant op der Welt gestäerkt“, betount d‘Doktesch Aude Fleurant, Direktesch vum Programm „Waffen a Militärausgaben“ vum SIPRI. „D‘USA hunn an de leschte fënnef Joer, Waffen an op mannst 98 Länner verkaf a geliwwert. Zu dëse Liwwerungen, gehéieren och fortschrëttlech Waffesystemer, wéi Kampffliger, Ballistesch- a Laangstrecke-Rakéiten, esou wéi eng Abberzuel u sougenannt ‚gelenkte‘ Bommen“.

SIPRI

Am Géigesaz zu den USA, huet de russesche Waffenexport tëscht 2009-13 an 2014-18, ëm 17% ofgeholl. Laut dem SIPRI wier dat eng er „réckleefeger“ Demande säitens Venezuela an Indien geschëlt. Dofir hunn eis franséisch Nopere gutt zougeluecht (+43%) während d‘Däitschland sech nëmmen ëm 13% verbessert huet. Zielt een de Waffenexport vun den USA an den EU-Länner zesummen, esou veräntwerten dës Länner 27% vum gesamte Waffenexport fir 2014-18.

Nëmmen eng kleng Zuel vu Länner nieft Europa a n Nordamerika, sinn als „grouss“ Exporteuren ze bezeechnen. Dozou gehéiert natierlech China, déi sech fir den Zäitraum 2014-18 déi fënneft Plaz sécher konnten. Peking hat säin „Héichpunkt“ an der Period 2004-08/2009-13, wou den Export ëm 195% konnt gesteigert ginn. Tëscht 2009-13/2014-18 war et nach just e Plus vun 2,7%. Israel (+60%), Südkorea (94%) an d‘Tierkei (+170%), kënnen sech iwwert d‘Geschäfter och net bekloen.

Am noen Oste sëtzen déi treiste Clienten

Dee mat Ofstand beschten Ofsazmaart fir d‘Waffenindustrie ass a bleift de noen Osten. Tëscht 2009-13/2014-18, huet den Import ëm 87% zougeholl. Dat sinn da fir 2014-18 ganzer 35% vum globalen Handelsvolummen. Op der éischter Plaz: Saudiarabien (+192% géintiwwer 2009-13), wat deels dem Konflikt am Jemen zouzeschreiwen ass. Als drëtten „Importateur“ nennt SIPRI Egypten. Do huet sech de Volummen tëscht 2009-13 an 2014-18 verdräifacht (+206%).

SIPRI

Mee och aner Natiounen hu massiv an d‘Oprëschtung investéiert: Israel (+354%), Katar (+225%) an den Irak (+139%). Interessant de Fall vu Syrien, wou trotz „Konflikt“ den Import ëm 87% zréckgaangen ass. „Waffen aus den USA, Groussbritannien a Frankräich, sinn an der Golfregioun, sou Konflikter a Spannungen zum Alldag gehéieren, staark nogefrot“, esou de Pieter D. Wezeman. „Russland, Frankräich an Däitschland hunn hir Venten un Egypten konsequent erhéicht“.

Importweltmeeschter: Asien an Ozeanien

D‘Natiounen aus Asien an Ozeanien sinn d‘Importweltmeeschter. Si hu 40% vun de Waffen am Zäitraum 2014-18 fir sech beusprocht, an awer ass et eng Baisse vu 6,7% géintiwwer 2009-13. Déi gréissten Importnatioune sinn: Indien, Australien, China, Südkorea a Vietnam. Australien ass zum véiert gréissten Importateur avancéiert. Géintiwwer dem Zäitraum 2009-13 an 2014-18 waren et 37% méi. Indien huet den Import gedrosselt (-24%), 58% vun de Waffe kommen aus Russland.

SIPRI

Fir de Siemon T. Wezeman erkläert sech dat esou: „Indien huet eng grouss Unzuel un Haaptwaffe bei auslännesche Fournisseure bestallt, mee vill Liwwerunge hu Verspéidung. Dogéint huet China wiesentlech manner Waffen akaf, well et hinne selwer geléngt besser an effizient, déi modern Waffen, déi benéidegt ginn, hierzestellen“.

Foto: An Amerika gehéiert et zum gudden Toun, déi zukünfteg Generatioune méiglechst séier am Ëmgang mat Waffen ze schoulen. Si sinn dann och Exportweltmeeschter…

Ähnlech Sujeten SIPRI, Stockholm International Peace Research Institute, Waffenhandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel