Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MamMuseeAndNatur – De Bësch a seng Bewunner spilleresch entdecken
International Neiegkeeten Stories

MamMuseeAndNatur – De Bësch a seng Bewunner spilleresch entdecken

No schwierege Méint wärend an nom Confinement freeën sech besonnesch

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken
International Neiegkeeten Stories

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken

Aus anonymmen interne Kreesser krute mir Informatiounen zur dramatescher Situatioun

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee
International Neiegkeeten Stories

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee

Am Kontext vun der Pandemie wäert déi traditionell Studentefoire 2020, déi

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun

Sir Tom Moore: Ritterschlag no Rollator-Weltrekord a Spendenaktioun

Eigentlech wollt de britesche Krichsveteran fir säin 100. Gebuertsdag „just“ 1.000 Pond u Spende sammelen, andeems hien 100 Ronne mam Rollator duerch de Gaart gejauft ass. Am Endeffekt si ganzer 33 Millioune Pond zesumme komm, déi hien komplett dem National Health Service zoukomme gelooss huet. Duerch dës fantastesch Aktioun ass och d’Kinnigin op hien opmierksam ginn: De motivéierte Pensionär ass gëschter vun der Queen Elizabeth II zum Ritter geschloe ginn. Säi Gléck kann hie selwer kaum faassen.

Geplangt war eng simpel Aktioun fir dem Gesondheetswiese vu Groussbritannien e bëssen ënnert d’Ärem ze gräifen. Säi sportlechen Afall huet am Endeffekt eng Guinness-Weltrekord-Zomm vun ëmgerechent 37. Milliounen Euro abruecht. A wëll fir de Sir Tom Moore d’Dokteren an d’Fleegepersonal aus de Spideeler als Helden wärend der Coronakris gesäit, duerfte si mat dëse Suen Schutzausrüstung a medezinesch Apparater kafen, sou wéi d’Personal bezuelen.

Tom Moore

Pride of Britain / Twitter

Et war schliisslech de britesche Premier Boris Johnson, dee selwer u Covid-19 erkrankt ass, deen de Krichsveteran fir dës héich Éierung proposéiert huet. D’Queen huet akzeptéiert a fir dës eenzegaarteg Spendenaktioun eng Ausnam gemaach.

Tom Moore

The Royal Family / Twitter

Nodeems si sech nämlech zënter dem Lockdown zesumme mat hirem Mann, dem Prënz Philipp, am Schlass Windsor agespaart a keng Gäscht empfaangen huet, wollt si den Tom Moore perséinlech kenneléieren. Esou soll si de gudde Mann gëschter am klenge Kader mam Schwäert vun hirem Papp George VI (1895-1952) zum Ritter geschloen hunn.

Tom Moore

The Royal Family / Twitter

Donieft krut hien och d’Ofzeechen vum Knight Bachelor, den niddregste Rang vum briteschen Titularadel.

Dat hätt hie sech ni erdreemt

De Captain, deen schonn zum Colonel an elo zum Sir erhuewe ginn ass deelt op Twitter seng Iwwerwältegung mat: „Ech hätt mir nimools virgestallt, datt mir dat geschéie géif. Et ass esou eng grouss Éier an ech freeën mech drop Hir Majestéit d’Queen ze treffen. Fir mech gëtt et de besonneschsten Dag.“

Tom Moore

Captain Tom Moore / Twitter

Fir säi Verdéngscht gouf hie schonn direkt no der Spendenaktioun weltwäit gefeiert. Fir säin 100. Gebuertsdag sinn 125.000 Gebuertsdagskaarten aus der ganzer Welt bei him ukomm. Et solle souguer zwee Fligeren aus der Zäit vum Zweete Weltkrich e puer Mol iwwert d’Haus vum Veteran geflu sinn.

Domat awer nach ëmmer net genuch: De Sir Tom Moore ass souguer an de briteschen Charts ze fannen. Zesumme mam britesche Sänger Michael Ball an engem NHS-Chour ass d’Lidd „You’ll never walk alone“ opgeholl ginn. Wat eng Geschicht!

Grousse Respekt un de Sir Tom Moore, deen et versteet, och am Alter groussen Asaz fir Anerer ze weisen an dobäi och nach esou bescheiden ze bleiwen!

Opmaacherbild: The Royal Family / Twitter

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Covid-19, Éier, England, Fleegepersonal, Gesondheetssystem, Groussbritannien, Knight Bachelor, Krichsveteran, Lockdown, Pandemie, Queen Elizabeth II, Ritterschlag, Rollator, Sir Tom Moore, Spendenaktioun, Weltrekord, Windsor Castle
Nächsten Artikel Virrechten Artikel