Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen
Kultur Neiegkeeten

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen

„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017

dislike
Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?
Kultur Neiegkeeten

Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?

De spuenesche Regierungschef huet um Méindeg déi katalanesch Independantiste gewarnt,

money
Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur
Kultur Neiegkeeten

Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur

Den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal stécht a schlechten Dicher. Wann een

SIREN’S CALL Festival verluecht op 2021

E Samschdeg, de 27. Juni am Neimënster – weess de Bescheed

SIREN’S CALL Festival verluecht op 2021

OPGEPASST: Duerch d’Decisioune vun der Regierung, datt am Kampf géint de Coronavirus bis zum 31. Juli 2020 keng grouss Evenementer dierfen organiséiert ginn, muss de Siren’s Call Music & Culture Festival verluecht ginn! Den neien Datum ass elo um 26. Juni 2021.


Informatioune vu virun der Coronakris (21. Januar 2020): Haut de Moien hunn d’Organisateure vum Siren’s Call Music & Culture Festival de Programm 2020 – ee richtegen Higucker – der Press presentéiert. Bei der 4. Editioun vum Evenement, dat sech mëttlerweil an d’Agendaen agebrannt huet, erwaarden Iech nieft engem räichhaltege kulturelle Beräich och Top-Class Artisten, wéi d’Hania Rani, Nothing But Thieves oder och Foals!

Glécklech Gesiichter beim Michel Welter, dem Ainhoa Achutegui an dem Max Hochmuth: No laange Preparatioune kann een och 2020 nees op de Siren’s Call Festival zielen. Hat ee wärend 3 Joer einfach emol säi Gléck probéiert, esou kann ee mat iwwer 7.000 Visiteuren an ëm 30 Bands soen, datt d’Konzept an de Publikum konnt fonnt ginn. D’Efforten an de Succès vun de leschten Editioune goufen elo kombinéiert, multiplizéiert a raffinéiert, sou datt de Festival mat Musek, verschiddene Bühnen a Locations, engem Food Village, kënschtlereschen Highlights an Iwwerraschunge fir Faszinatioun suerge kann.

Siren's Call

De Siren’s Call 2018 – de Gronn lieft!

Wa WOW! op BOAH! trëfft

Am Joer 2017 haten e puer motivéiert Kulturbegeeschterter de Siren’s Call lancéiert, fir och emol an der Haaptstad ee Kultur- a Museksfestival anzebrénge, bei deem een och emol de Kär vu Lëtzebuerg ervirhiewen a presentéiere kéint. Wéi d’Organisateure matgedeelt hunn, gëtt zënterhier gebucht wat hinne gefält – an domadder schéngen si och beim Publikum den Nol op de Kapp getraff ze hunn.

Um 27. Juni 2020 heescht et also an de Gronn ze kommen. Verschidde Sitten an hir Bühne waarden op Iech, dorënner d’Siren’s Main Stage, d’Melusina Stage, d’Siggy’s Stage, d’Church Stage, d’Garden Stage oder och De Gudde Wëllen. Och dës Kéier dierf de Maart fir lokal Kreateuren an Designer (Umeldung ënnert hello@sirenscall.lu), Installatiounen, Ausstellunge, Workshop an ee gudde Maufel net feelen.

An dësem Kader kann ee sech elo schonn op eng Neiheet freeën. Mam Theaterstéck Le Dernier Ogre lafen 2 Geschichte parallel of, déi d’Natur siche ginn a gläichzäiteg de Festival selwer op d’Schëpp huelen. Wat wëll ee méi? Genee: Musek. An och hei huet ee beispillsweis mam Hania Rani, de Viagra Boys, dem CHAiLD, Nothing But Thieves oder och Foals fir de breetgefächerte Wellnes-Package fir d’Ouere gesuergt.

De Programm 2020

Um musikaleschen Deel vum Festival steet ee räichhaltege Menü un nationalen an internationale Museker a Bands:

  • Foals (UK) | Nothing But Thieves (UK) | Hanai Rani (PL) | Viagra Boys (SE) | Josin (DE) | The Howl & The Hum (UK) | Joanna (FR) | CHAiLD (LU) | Charlotte Bridge (LU)
Sirens Call

FOALS um Siren’s Call

Bei der Kultur gesäit et folgendermoossen aus:

  • Le Dernier Ogre | Onsor | Noise Garden | Liicht-Installatiounen | Design Ausstellung | Creators & Initiatives Market | Yoga & Dance Workshops
Sirens Call

Le Dernier Ogre © JO

Ass fir d’Ouer, d’Aen a Beweegung gesuergt, da feelt just nach Iessen a Gedrénks. Hei steet de Food Village mat lokal produzéierten an ausgewielte Leckereien, wéi och enger Wäin Bar parat.

Wéi, wat a wou?

De Siren’s Call Music & Culture Festival fënnt den 26. Juni 2021 an der Abtei Neimënster statt. Tickete ginn et fir 58,20 € op www.sirenscall.lu. Kanner bis 10 Joer komme gratis eran, all Persoun bis 14 Joer muss vun enger erwuessener Persoun begleet ginn. D’Ticketen, déi vir d’Editioun 2020 kaaft gi sinn, bleiwen och 2021 gëlteg.

Sirens Call

Ähnlech Sujeten Abtei Neimënster, CHAILD, Charlotte Bridge, Editioun 2020, Foals, Hanai Rani, Joanna, Josin, Konscht, Le Dernier Ogre, Musék, Nothing But Thieves, Siren's Call Music & Culture Festival, Sirens Call, The Howl and The Hum, Viagra Boys, Workshops, Yoga
Nächsten Artikel Virrechten Artikel