Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill
Kultur Neiegkeeten

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill

Op eleng, zou zweet, als Famill oder Grupp vu Frënn,

Der neier Escher Koalitioun feelt et un Innovatioun
Kultur Neiegkeeten

Der neier Escher Koalitioun feelt et un Innovatioun

Um Méindegowend war et zu Esch Uelzecht endlech esou wäit,

Raqqa Befreit? Net bis all Zweiwel ausgeraumt ass
Kultur Neiegkeeten

Raqqa Befreit? Net bis all Zweiwel ausgeraumt ass

Zwee Deeg nodeems dem Islamesche Staat (IS) seng Héichbuerg Raqqa

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!

Méi wéi just ee Musek- a Kulturfestival fir déi ganz Famill

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
© Martine de Lagardère/moien.lu
SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
(v.l.n.r.) de Michel Welter vum Atelier, de Marc Hochmuth, Independant an d'Ainhoa Achutegui, Directrice vun der Abtei Neimënster stellen der Press stolz de räichhaltege Programm vun der 3. Editioun fir © Martine de Lagardère/moien.lu,
SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
D'Ainhoa Achutegui, Directrice vun der Abtei Neimünster, erkläert de Programm © Martine de Lagardère/moien.lu
SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
© Martine de Lagardère/moien.lu

De Siren’s Call Music & Culture Festival, mat senge multidisziplinären Erliefnisser presentéiert déi éischt Kënschtler vun der 3. Editioun. Am vergaangene Joer konnt de Gronn 2.500 Leit unzéien, an dësen, ëmmer méi beléifte Quartier, zu enger kultureller Attraktioun maachen. De musikaleschen Deel steet elo fest an och déi éischt kulturell Disziplinne goufen haut de Moie virgestallt.

Et sinn d’Abtei Neimënster an den Atelier, déi sech op een neits zesumme gesat hunn fir déi phenomenal Location vum Gronn an eng nei Perspektiv ze setzen, an dat mat enger Rei lokalen an internationale Kënschtler.

Déi zwou leschten Editiounen am Joer 2017 an 2018, mat engem Mix aus verschiddene Genren, Musek op fënnef Bühnen am historeschen Zentrum vun der Stad an enger Rei Liesungen, hunn een enorme Succès erlieft an iwwer 2.500 Leit erof an de Gronn gezunn. De Siren’s Call kann heibäi scho Museker a Bands wéi den James Vincent McMorrow, RY X, de Francesco Tristano, Eels oder MGMT opzielen.

Siren's Call

De Siren’s Call 2018 – de Gronn lieft!

Souwuel d’Reaktioune vun de Visiteuren, wéi och vun den Artiste ware phenomenal! Bis ewell haten d’Organisateuren och ëmmer Chance mam Wierder. „Mir hunn an der Kathedral eng Käerz ugefaangen, fir och dëst Joer erëm gutt Wierder ze kréien“, seet de Michel Welter vum Atelier mat engem klenge Grinsen. Op dëser Linn muss ee viru fueren an esou bleift de Kär vum Festival nach ëmmer d’Musek a Kombinatioun mat Konscht a Literatur – ee kulturellt Ganzt also!

D’Virbereedunge lafe schonn

Bis den 29. Juni 2019 sinn et nach e puer Méint, an awer lafen d’Virbereedungen op vollen Touren. D’Bands si gebucht, de kënschtlereschen Deel ass an der Maach – et rullt alles. Nieft dem Gewinnten hunn d’Organisateuren sech fir dëst Joer awer nach eppes ganz Spezielles afale gelooss: eng Openingt Night um 28. Juni op enger nach geheimer Plaz, exklusiv fir déi éischt 200 Leit, déi een Ticket kaaft hunn. Mat enger klenger Selektioun u lokalen Artisten, DJ’en a Live Acts kréien déi Glécklech een éischte Virgeschmaach op den Dag duerno.

D’Ziel vum Siren’s Call ass et, och lokal Artisten ze ënnerstëtzen. Sou halen d’Organisateuren um Grondsaz fest, all Joer wéinstens 2 bis 3 Museker aus dem Grand-Duché ze buchen. De selwechte Prinzip gëllt awer och fir de Marché des Créateurs. Ab elo kënne Kënschtler an Designer sech fir dëse Maart, den sech op regionaler Basis mat sozialem an ekologeschem Hannergrond beleeft, umellen. Createuren, Initiativen an Hiersteller sollen hir Demande erareechen ënnert hello@sirenscall.lu.

Wéi ee gesäit gëtt kulturell schonn immens vill gebueden. Mir leeën awer nach drop! De Festival bitt nämlech och verschidde Workshops fir Grouss a Kleng un. Sief et fir ze bastelen, beim Yoga ze entspanen oder nei Dance Moves ze léieren – hei ass fir jiddwereen eppes dobäi.

Siren's Call

Nëtzlech Informatiounen

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons (LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Méi Informatioune fannt dir ënnert www.sirenscall.lu, op Facebook an Instagram.
An den nächste Wochen wäerte mir Iech d’Kënschtler nach méi prezis virstellen – STAY TUNED!

Ähnlech Sujeten Abtei Neumünster, Atelier, Festival, Gronn, Konscht, Kultur, Metronomy, Musék, Siren's Call 2019, Workshops
Nächsten Artikel Virrechten Artikel