Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech
Kultur Neiegkeeten

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech

Et ass nach guer net esou laang hier, do wousst

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!
Kultur Neiegkeeten

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!

Um Samschdeg Owend hunn d’Beaufort Knights bewisen, datt d’Gléck zeréck

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier
Kultur Neiegkeeten

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier

E Freidegmoien um véierel vir sechs, start a Florida op

SITTA: EP-Release zu Diddeleng!

SITTA: EP-Release zu Diddeleng!

Den 3. Abrëll kënnt déi éischt EP mam Titel „Part Of Me“ vum Sitta eraus. Presentéiert gëtt dat musikalescht Meeschterwierk am Diddelenger Concertssall opderschmelz. D’Musekerin selwer betitelt hire Stil als „Urban Soul with Persian Spice“, eng Mëschung aus bassege Grooves, verschlonge mat de Kläng vun traditionelle perseschen Instrumenter.

A senge Wierker hëlt d’Sitta de Publikum mat op eng intim Rees duerch hiert Liewen, erzielt vu Léift a Verloscht, Glawen an Zougehéieregkeet, Onofhängegkeet an Identitéit. Do kann ee just bestätegen, datt den 3. Abrëll wuel eng onvergiesslech Nuecht fir Diddeleng gëtt!

Als Dueschter vun enger iranescher Opernsängerin a vun engem däitschen Acteur huet d’Sängerin a Songwriterin Sitta schonn ëmmer d’Konscht gäre gehat. Am Ufank huet hat sech am klassesche Gesang ausbilde gelooss, spéider huet hatt seng Stëmm, déi véier Oktaven ëmfaasse kann, op der Akademie fir zäitgenëssesch Musek zu Zürech, a Genren, wéi dem R’n’B oder Jazz erweidert.

Als klengt Meedchen huet hatt als Begleedsängerin bei Concerte vu senger Mamm déi éischt Erfarung op der Bühn gesammelt. Dobäi hunn d’Sitta grouss Ikonen, wéi d’Maria Callas, d’Joni Mitchell, d’Sade, d’Erykah Badu, d’Jill Scott an d’Aretha Franklin immens inspiréiert a beaflosst.

D’Songs vun der éischter EP sinn zu Marseille am Da Town Studio, zesumme mam Produzent Ulrich „Yul“ Edorh ausgeschafft a spéider am Sunset Sound Studio zu Los Angeles mam Grammy ausgezeechente Produzent, Mixer a Sound Engineer Joe Chiccarelli verfeinert ginn. D’Sitta erzielt eis a senge ganz perséinleche Lidder Geschichten iwwert d’Sich no der eegener Identitéit an Zougehéieregkeet, dem Erwuessegin a vum Lassloossen, der Léift ouni Grenzen. A senger DNA verbënnt hatt den Osten an de Westen, wouduerch generell beim Sitta Kulturen an Traditioune verschmëlzen. Hei treffen R’n’B Grooves op folkloristesch Gefiller, Tribal-Beats gi vum Gesang aus dem Noen Osten zelebréiert, den digitalen Zäitalter trëfft sech mat dausend an enger Nuecht.

Opmaacherbild: © Lugdivine Unfer

Ähnlech Sujeten Diddeleng, EP-Release, Opderschmelz, Part Of Me, Sitta
Nächsten Artikel Virrechten Artikel