Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt
International Neiegkeeten

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt

Nodeems en Donneschdeg am franséische Parlament d’Eisebunnsreform ugeholl ginn ass,

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht
International Neiegkeeten

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht

Wien d’Lëtzebuergesch Nationalitéit wëll, muss zënter 2017 e Sproochentest packen.

Op e neits gëtt et Sträit tëscht den USA an der UNO
International Neiegkeeten

Op e neits gëtt et Sträit tëscht den USA an der UNO

D‘USA hunn um Mëttwoch ugekënnegt de Niveau vun hirer Vertriedung

Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant

Wéinst den ugekënnegten Hëllefsliwwerungen ass d‘Arméi an Alarmbereetschaft gesat ginn

Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant

Eis däitsch Noperen, déi hir wirtschaftlech Interessen a Südamerika verdeedege wëllen, a sech den USA an der Kausa Venezuela ugeschloss hunn, schloen elo e neit Kapitel op. Den däitsche Botschafter zu Caracas huet einfach emol annoncéiert, datt elo mat der humanitärer Hëllef ugefaange gëtt. Datt et grad d‘Europäer sinn, déi hei e bewaffente Konflikt provozéieren ass batter.

Venezuela

Daniel Kriener heescht de Botschafter, dee gëschter matgedeelt huet, datt déi 5 Milliounen Euro déi Berlin labber gemaach huet – fir d‘Regierung ze stierzen – elo a verschidde Projeten afléissen. Legitiméiert wier dës Entscheedung, duerch de Fait, datt d‘Oppositioun ënnert der Leedung Juan Guaido, an der Nationalversammlung fir d‘eraloosse vun den Hëllefsgidder gestëmmt huet.

„Am Fall Venezuela, handelt et sech net ëm eng duerch Naturkatastrophen oder engem bewaffente Konflikt ausgeléisten humanitär Kris. Et ass e vu Mënschenhand gemaachten, villschichtegen Noutstand. Mir wëssen datt d‘Kris vun den Institutiounen net vun haut op muer ze léisen ass, mee dësen Noutfall kann net op bessert politescht Wieder waarden“, esou den Daniel Kriener.

Venezuela

Mat dëser Karikatur, déi am August 2018 d‘Titelbild vum „Spectator“, enger britescher Revue mat däitlecher „Ausriichtung“ war, soll verdäitlecht ginn, datt et den „Diktator Maduro“ ass, deen d‘Wirtschaft vum Land bei der Däiwel gekéiert huet. Esou ähnlech hu sengerzäit och d‘Nazien hire Karikaturen Ausdrock ginn, de Feind war awer nach en aneren…

Dat mat der „Mënschenhand“ stëmmt, an et géif ee gäre bäifügen, datt et där Hänn vill huet. Hänn déi sech viru Blutt eekelen, an no den natierleche Ressource an de Räichtemer vum Venezuela ausstrecken. Et sinn déi Hänn, wou duerch Sanktiounen den „Noutstand“ an d Kris ausgeléist hunn, déi, nodeems si d‘Leit an den Dreck geworf hunn, sech elo hinnen „hëllefend“ entgéintstrecken.

Diplomaten déi sech fir näischt ze schued sinn

Wien engem d‘Pistoul bei de Kapp hält muss ee gewëllt sinn ofzedrécken, an dat ass net einfach esou dohigestallt. Dem Donald Trump seng Generäl hunn de Fanger schonn um Ofzuch, hir Kniecht aus der Organisatioun vun den Amerikanesche Staaten (OAS), kruten alles geliwwert, wat een esou brauch fir säi géinteniwwer ze ermuerksen. An d‘EU? Wann et em Pëtrol geet, ass ee flexibel.

Venezuela

De Juan Guaido, President vun nationaler Assemblée, gëtt vu de mächtege Leader an den USA, Latäinamerika an Europa, als de „Messias“ virgefouert. Fakt ass, datt de Juan Guaido, ouni déi finanziell a logistesch Hëllef vu „baussen“ e bevirstoende Biergerkrich net hätt provozéiere kënnen. © LaVerdad

Elo ass d‘Situatioun awer politesch esou verkläert, datt de Nicolas Maduro keng Optiounen einfach esou ervirzaubere kann. Déi venezuelanesch Regierung kann net anescht, wéi déi international Hëllef zréckzeweisen. Zum enge well et keng humanitär Hëllef ka sinn, wann een déi Kris bewosst erbäigefouert huet. Dat wat hei ënnert dem Sigel „humanitär“ presentéiert gëtt, ass Erpressung.

Dat d‘Regierung vu Venezuela esou staark ënner Drock gesat gëtt, datt d‘Arméi muss a Bereetschaft gesat ginn, gëtt eis dank der US-Propaganda, als „Provokatioun vun engem diktatoresche Regimm“ verkaf, a wann een et nëmme laang an oft genuch erzielt, gleewen d‘Leit engem dat och. Mee wann de Feind virun der Dier steet, a seng Absichte keng gutt sinn, muss ee Moossnamen ergräifen.

Venezuela

Esou ergëtt et sech, datt Venezuela esouwuel d‘Séi- wéi d‘Loftgrenz zu de karibeschen ABC-Insele gespaart huet. Op der Grenz zu Kolumbien, hunn Zaldote missen opgestallt ginn. An eigentlech ass et verréckt, den US-President zielt op d‘Hëllef vu genee deene Leit, déi hie stänneg als Kriminell an/oder Drogenhändler bezeechent, an déi erhoffen sech besser Bezéiunge mat den USA…

mat indymedia/mia/ber/lon

Foto: Den eigentlech eenzeg valabele Sproch: Loosst är Fanger vum Venezuela. (Archiv) Ariana Cubillos/ap

Ähnlech Sujeten Däitschland, Donald Trump, EU, Juan Guaido, Kolumbien, Nicolas Maduro, OAS, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel