Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gebuertsdagskand: De Boy George gëtt 56
dating apps around the world Stories

https://moien.lu/meetme-dating-apk/

Den George Alan O’Dowd, och bekannt ënnert dem Numm Boy

https://moien.lu/indian-online-dating-websites/
dating apps around the world Stories

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!

Beim Yumm Festival 2019 wäerten nach méi Foodtrucks am Concours

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren
dating apps around the world Stories

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren

Während Europa seng „Mënschlechkeet“ am Mëttelmier versenkt, Italien mat drastesche

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns

Wat soll ee soss och maachen?

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns

De Summer mécht eng kleng Paus, wéi et ausgesäit. Ween sech net op e Strand flüchte kann, an heiheem bleiwe muss, braucht awer dowéinst nach laang net ze verzweiwelen. Vue datt jo gäre mat Literaturtipps ronderëm sech geworf gëtt, soubal een an d’Vakanz geet, packen ech dat elo hei anescht un: Wat kann een alles liesen, wann een hei bleift? Hei e puer Tipps!

Altes Land vum Dörte Hansen

Seelen gouf mat e sou vill Witz a mat esou ënnerschiddlechen Perspektiven d‘Thema vun der Heemecht opgegraff. Dëst souwuel virun engem modernen Setting, an deem ëmmer méi Leit aus de Stied d‘Land fir sech entdecken als och virun engem Historeschen: d‘Flüchtlingen nom 2. Weltkrich, déi versichen, do eng nei Heemecht ze fannen, spillen hei eng wichteg Roll. Facetteräich, exzellent geschriwwen an ënnerhalsam!

American Gods vum Neil Gaiman

Och wann et elo eng Amazon-Serie gëtt, kann een ëmmer nach d‘Buch recommandéieren. De Plot kennt vill Wendungen, déi schwéier virauszegesinn sinn a verschafft Glawen a Göttlechkeet op eng faszinéierend Aart a Weis. Dem Neil Gaiman seng Schreifweis ass heiansdo schwéier ze liesen, well extrem dicht, an d‘Buch ass och zimlech déck, mee et ass et der Wäert. Et ass schwéier mat anere Saache vergläichen, wat et ëmsou méi interessant mécht.

Fleisch vum Simone Meier

Bei Fleisch geet et ëm Kierperlechkeeten, genauer gesot, d‘Gefill vun eisem Kierper. Dëst ëmfaasst och Sexualitéit, den Alter an d’Erwaardungen, déi un d‘Geschlechter gestallt ginn. Och wann et dem Buch oft un Déift maangelt, esou kann d‘Geschicht, déi vun ënnerschiddleche Protagonisten virugedriwwe gëtt duerchaus iwwerzeegen.

The Vegetarian vum Han Kang

Et ass nëmme seelen de Fall, datt wann e Buch mam Kafka sengem Wierk verglach gëtt, dëst och tatsächlech stëmmt. Mee dem Han Kang säin The Vegetarian ass eng extrem beandrockend, düster an zermürbend Geschicht vun enger Fra, déi kee Fleesch méi iesse wëll an dowéinst emotional wéi physesch vun hirer Famill mëssbraucht gëtt. Dat léisst een net kal!

Lovecraft Country vum Matt Ruff

Ween och nëmmen e bësschen eppes mat Horror-Literatur ufänke kann, dee kennt de Numm Lovecraft. Him seng Geschichten hunn e groussen Afloss op Schrëftsteller wéi de Stephen King. Wéinst senge staarke rassisteschen Ënnertéin ass et allerdéngs och en extrem ëmstriddenen Auteur. Lovecraft Country vum Matt Ruff verschafft dem Lovecraft seng Iddien op eng spannend an neiartescht Manéier, vermécht se mat eegenen Iddien a beschwätzt dobäi och nach rassistesch Tendenzen an den USA vum 20. Joerhonnert. Mee och des Stréimungen innerhalb vun der Literatur selwer gi verschafft. E liesenswäert an enorm spannend Buch. A wat ee méi vum Lovecraft kennt, desto méi huet een dovunner, gesäit een dann dach alleguerten d‘Referenzen.

Kirschblüten und rote Bohnen vum Durian Sukegawa

Kleng an onscheinbar kënnt dëst Buch dohier, mee dat täuscht nëmmen. De Sentaro ass de Besëtzer vun engem Dorayaki-Geschäft (dat ass eng japanesch Séissegkeet), dee verzweiwelt probéiert sech iwwer Waasser ze halen. Enges Daags léiert en eng al Fra mam Numm Tokoe kennen, déi hien rette kéint, wann e léiert, sech iwwert seng eege Viruerteeler ewech ze setzen. E beandrockend Wierk, liicht ze liesen, mat wonnerbar déiwen Abléck.

Kunkku vum Tuomas Kyrö

Kunkku ass finnesch Satir vum feinsten: Do kritt Finnland mol féx e Kinnek verpasst, deen sech guer net mat senger Roll wëll identifizéieren an dowéinst stänneg rebelléiert. Dobäi sinn natierlech vill Seitenhiebe op Schweden erëm ze fannen. Net all Witz ass fir Onkënneger vun de regionale Geflogenheeten ze erkennen, an awer ass Kunkku iwwerraschend witzeg.

Ähnlech Sujeten Bicher, Literatur, Summer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel